Search

You may also like

Lëtzebuerg, dat ass Vakanz – Guidéiert Touren un der Musel am Juli 2021
International Kultur Neiegkeeten Sport

Lëtzebuerg, dat ass Vakanz – Guidéiert Touren un der Musel am Juli 2021

Visit Moselle huet säi Programm vum Juli 2021 verëffentlecht an

GARDEN SOUNDS mat Literatur & Musek um 26. September
International Kultur Neiegkeeten Sport

GARDEN SOUNDS mat Literatur & Musek um 26. September

Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN SOUNDS eng

Dës Verbe-Prüfung huet et a sech! Kriss du eng 1?
International Kultur Neiegkeeten Sport

Dës Verbe-Prüfung huet et a sech! Kriss du eng 1?

[onionbuzz quiz-id=189][/onionbuzz] Eis Verbe kënne ganz schéi schwéier sinn. Wéi

International Box-Gala um 4. Mee – Ab an de Ring!

International Box-Gala um 4. Mee – Ab an de Ring!

Um kommende Samschdeg Owend gitt Dir all op Diddeleng an de Ring invitéiert! Ëmgi vun Energie, Schweess, Kraaft an Schlagfäegkeet ass et un Iech d’Combatteuren unzefeieren. Bei dësem intensiven an usprochsvolle Kampfsport ka just een als Gewënner erausgoen. Sidd also dobäi wann et heescht: Let’s geet ready to rumble!

Um 4. Mee wäerte bei dëser internationaler Box-Gala 4 Profien (Championnat du Monde) an 8 Amateure (Coupe de Luxembourg) géinteneen untrieden. Mat techneschem Kënnen, immenser Konditioun an treffséchere Schléi wäerten d’Fans vum Fauschtkampf gewise kréien, wisou Boxe mëttlerweil zu de populäerste Sportaarten iwwerhaapt gehéiert! Mat dobäi sinn um Samschdeg-Owend ënnert anerem:

  • De Cédric Pâté aus Frankräich – Super Welter
  • Den Thomas Martino aus Italien – Super Welter
  • De Vincent Cailleret aus Lëtzebuerg – Super Welter
  • De Mathieu Gomes aus Lëtzebuerg – Super Moyen

Boxen

Méi wéi just Zerklapps!

Boxen ass een intensive Sport a keng instinktiv Kläpperei! Mat festgeluechte Reegele geet et dorëm, mat gepolsterte Fäischt duerch gezielt Trefferen méiglechst vill Punkten ze kréien. Onerlaabt Schléi féieren direkt zur Disqualifikatioun. Een direkten Ofbroch vum Kampf gëtt et just duerch KO, Opginn oder bei schlëmme Verletzungen (technesche KO).

Den Erléis vun der Gala geet un dat Lëtzebuerger Rout Kräiz. Mat enger Entrée vu 15 € kritt ee soumat net nëmmen ee spannenden Owend mat taktesche Kämpf gebueden, mee et mëscht een an engems och nach eppes Guddes.

Wéini, wat a wou?

Déi internationale Box-Gala fënnt un dësem Samschdegg, de 4. Mee 2019 statt. Den éischte Gong ertéint um 19:00 Auer. D’Entrée kascht, wéi gesot, 15 € an den Erléis geet un d’Rout Kräiz. De Kampf fënnt am Centre Sportif Annexe Alliance zu Diddeleng (Rue Reiteschkopp, 3526 Diddeleng) statt. Mir wënschen vill Spaass an drécken de Sportler d’Daumen!

Boxen

Related topics Cédric Pâté, Diddeleng, International Box-Gala, Kampfsport, Knock Out, Let's Get Ready To Rumble, Mathieu Gomes, Ring, Thomas Martino, Vincent Cailleret
Next post Previous post