Search

You may also like

Lëtzebuerg… Eldorado vun der Aarmut?
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg… Eldorado vun der Aarmut?

Fir déi puer Prozent un der „Spëtzt“ déi sech de

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?
Kultur Neiegkeeten

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?

Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen:

Den Aarbechtslosentaux an der EU bleift am Mäerz stabil
Kultur Neiegkeeten

Den Aarbechtslosentaux an der EU bleift am Mäerz stabil

D’Noriichte wat d’Aarbechtslosegkeet an der EU ugeet bleiwe weider relativ

Keng International Dog Show 2020

Keng International Dog Show 2020

D’Federatioun vun der Lëtzebuerger Kynologie (FCL) deelt mat, datt déi 99. an 100. International Dog Show an all Concoursen, déi mat der Expo an Zesummenhang stinn, verluecht gi sinn.

Den FCL-President Raymong Jung erkläert, datt et aktuell schwiereg wier den ëmmer neien Ufuerderungen a Standarden vun der Gesondheetslag kuerzfristeg gerecht ze ginn.“D’Onsécherheet an d’Ongewëssheet iwwert d’Liichtegkeet vum Reesen belaascht doriwwer hannenaus d’Duerchféierung vum internationale Concours“, heescht et.

Nodeems all Richtlinnen suergfälteg gepréift an analyséiert gi sinn, koum een zum Entschloss, datt de Verband déi noutwenneg personell a finanziell Ressourcen net mobiliséiere kann. Et geet ëm d’Sécherheet an d’Gesondheet vun alle Bedeelegten, wouduerch d’Evenement op e spéideren Zäitpunkt verréckelt ginn ass a soumat net, wéi geplangt, um 5. a 6. September 2020 stattfënnt.

Den neien Datum gëtt deemnächst verëffentlecht. D’Organisateure géife sech freeën, wann d’Aussteller a Sponsoren hir Participatioun fir dat neit Evenement géife bestätegen.

Opmaacherbild © Hannah Lim / Unsplash

Related topics Ausstellung, Concours, Expo, FCL, Fédération Cynologique Luxembourgeoise, Hond, International Dog Show, LuxExpo, Ofso, Verréckelt
Next post Previous post