Search

You may also like

money
Nei Dimensioun fir US-Sanktiounspolitik géint Kuba
International Neiegkeeten

Nei Dimensioun fir US-Sanktiounspolitik géint Kuba

Nieft der Amëschung an déi britesch an europäesch Innepolitik, dem

Coronavirus: Nee et ass keng Schoulvakanz!
International Neiegkeeten

Coronavirus: Nee et ass keng Schoulvakanz!

Datt am Kontext vun der Coronavirus-Pandemie all d‘Schoulen an d‘Foyeren

SNE/CGFP: Surveillance am Schoulhaff ab 7.00 Auer
International Neiegkeeten

SNE/CGFP: Surveillance am Schoulhaff ab 7.00 Auer

Wann den Educatiounsminister nach de 14. Mee 2020 gesot huet,

Der internationaler Raumstatioun geet d‘Loft aus

Op der ISS sichen d‘Kosmonauten no enger ondichter Stell – Zanter Méint entwëscht Loft

Der internationaler Raumstatioun geet d‘Loft aus

Am russeschen Deel vun internationaler Raumstatioun (ISS) leeft ee Renne géint d‘Zäit. Zanter Méint entwëscht Loft aus der Raumstatioun an d‘Sauerstoffreserve ginn elo op en Enn. Laut dem russeschen Noriichtendéngscht TASS, missten d‘Kosmonauten dëst „Lach“ fannen. Aus dësem Grond gëtt et den Ament vill Kommunikatioun tëscht der ISS an der Leitzentral zu Moskau.

Dat bestätegt esou d‘Leitzentral zu Moskau, déi drop hiweist, datt de Problem mam Loftaustrëtt an dem Drockoffall säit August bekannt ass. Elo géif et ufänken ze presséieren, d‘Zäit géif wéi d‘Loft esou lues knapp. De russesche Kosmonaut Sergey Ryzhikov huet sengersäits erkläert, datt een de Problem agegrenzt hätt. D‘Loft entwëscht aus engem Iwwergang zum Modul „Zvezda“ (Stär).

Elo ass esou eng Raumstatioun immens komplex, bezunn op d‘Konstruktioun. Si schwieft zanter elo 20 Joer an enger Héicht vu 408 Kilometer iwwert eise Käpp, an esou eng „butzeg“ Fuite léist sech entspriechend schwéier entdecken. Aus dësem Grond kommen dann och emol éischter net esou „konventionell“ Mëttel an den Asaz. Am Oktober hat d‘Mannschaft dann och en Deelerfolleg.

RaumstatiounOp der internationaler Raumstatioun befënnt sech déi 64. Expeditioun-Crew „Insigna“. Si besteet aus véier Amerikaner, zwee Russen an engem Japaner. Den nächste Mannschaftsaustausch ass fir d‘Fréijoer 2021 virgesinn, wou véier nei Mataarbechter op d‘ISS bruecht ginn. © NASA (Dezember 2020)

Hei haten d‘Kosmonauten en Téibeidel agesat, deen an der Schwéierlosegkeet op déi ondicht Plaz zougeschwieft ass. Hei hunn d‘Kosmonauten eng ronn 4,5 Zentimeter grouss Ëffnung fonnt, déi si erfollegräich verschléisse konnten. Wéi dëst Lach entstanen ass bleift ongekläert, an et war net dat eenzegt, well et ass weider Loft entwëscht. Och en Baussenasaz am November huet näischt bruecht.

Déi russesch Weltraumagence Roskosmos stellt hirersäits kloer, datt d‘Situatioun wuel komplizéiert ass, awer fir d‘Besatzung vun der ISS keng Gefor besteet. Wann sech d‘Fuite net lokaliséiere géif loossen, misst een dësen Iwwergang zum Modul hermetesch ofrigelen, fir d‘Sauerstoffversuergung vun der Raumstatioun net ze gefäerden. Dat géif awer d‘Aarbechten op der ISS beanträchtegen.

Elo ass d‘ISS, déi zanter dem 2. November 2020 „bewunnt“ gëtt, eng Raumstatioun déi zanterhier vill Verännerungen erlieft huet, allerdéngs u „Panne“ gewinnt. Déi ganz Technik déi genotzt gëtt, ass komplex, do ka schonn emol eppes futti goen. Déi rezent Problemer – vum „Lach“ ofgesinn – hunn d‘Stroumversuergung betraff. Och mat der Toilette huet et Dysfonctionnementer ginn…

Op der internationaler Raumstatioun befënnt sech déi 64. Expeditioun-Crew „Insigna“. Si besteet aus véier Amerikaner, zwee Russen an engem Japaner. Den nächste Mannschaftsaustausch ass fir d‘Fréijoer 2021 virgesinn, wou véier nei Mataarbechter op d‘ISS bruecht ginn. © NASA (Dezember 2020)

mat indymedia/mow/hou

Foto: © NASA (Mäerz 2011)

Related topics ISS, Raumstatioun, Roskosmos, Sauerstoff, Zvezda
Next post Previous post