Search

You may also like

Den UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat Venezuela
Neiegkeeten

Den UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat Venezuela

Am UN-Sécherheetsrot ass d‘Weltgemeinschaft wéi gewinnt un enger gemeinsamer Positioun

Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen
Neiegkeeten

Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen

Déi franséisch Arméiministesch Florence Parly huet an der Zeitung „Libération“

US-President verdeedegt d‘Meenungsfräiheet
Neiegkeeten

US-President verdeedegt d‘Meenungsfräiheet

Well den Donald Trump der Usiicht ass, datt Online-Plattforme wéi

De ganzen nächste Weekend: Internationale Bazar an der „Luxexpo the Box“

De ganzen nächste Weekend: Internationale Bazar an der „Luxexpo the Box“

Et ass schonn déi 59. Editioun vum Internationale Bazar. Eng flott Geleeënheet ee Bléck op d‘Welt a seng ënnerschiddlech Kulturen ze werfen a gläichzäiteg eppes kléngs géint d‘Aarmut an Europa an an den Entwécklungslänner ze ënenrhuelen.

73 Stänn fir 61 Nationalitéiten, dat léisst sech weisen a wéi gesot hei geet et voll a ganz ëm de gudden Zweck. Bei der leschter Editioun, sinn eng 600.000 Euro zesummekomm, déi fir 75 humanitär Projete weltwäit agesat goufen. Esou gouf mat dësem Geld, och den Affer vum Tornado, dee Péiteng a Käerjeng béiss getraff hat, ënnert d‘Äerm gegraff. Mee och d‘Affer vum Hurrikan op de Bahamas an den Iwwerschwemmungsaffer am Mosambik, konnt esou gehollef ginn.

Mat den Einname vun dësem Joer gi 74 karitativ Wierker ënnerstëtzt, an ënnert dëse gouf de Projet vun der hollännescher Associatioun „Free a Girl – Fight Child Prostitutioun“ als Haaptprojet ausgewielt. Zil vun dësem Projet ass et, der sexueller Ausbeutung vu jonke Meedercher am Nepal virzegräifen. D‘Meedercher solle geschützt an d‘Acteure vum Trafic der Justiz zougefouert ginn.

Foto: Déi 59. Editioun füennt dësen 30. November an 1. Dezember an der Luxexpo the Box um Kierchbierg statt © Bazar International de Luxembourg Asbl

Related topics Internationale Bazar, Luxexpo The Box
Next post Previous post