Search

You may also like

Europäesch Impfwoch: Wéi Impfunge liewe retten!
Kultur Neiegkeeten

Europäesch Impfwoch: Wéi Impfunge liewe retten!

All Joer organiséiert Europa d’Woch vun der Impfung fir esou

Indonesien: Vu Pandemie, Gewalt a finanziellem Drock
Kultur Neiegkeeten

Indonesien: Vu Pandemie, Gewalt a finanziellem Drock

Indonesien zielt iwwer 2,3 Millioune Corona-Infektiounen a mat 12 %

UM-WEGE Deel 2 – Wa Konscht d’Entwécklung representéiert
Kultur Neiegkeeten

UM-WEGE Deel 2 – Wa Konscht d’Entwécklung representéiert

Och beim zweeten Deel vun der interdisziplinärer Expo „UM-WEGE“ zu

Schach ass d’Spill, dat déi Verréckt gesond hält

Schach ass d’Spill, dat déi Verréckt gesond hält

Haut ass den internationale Dag vum Schach, deen net nëmmen op dat beléifte strategescht Spill hiweist, mee sech och op d’Grënnung vum internationale Schachverband bezitt. Dëse gouf nämlech um 20. Juli 1924 vum Fransous Pierre Vincent an d’Liewe geruff. Duerch eng Initiativ vun der Unesco ginn zanter 1966 dat karéiert Briet, zesumme mam Bauer, Kinnek an den anere Spillfigure gefeiert.

Schach ass ee strategescht Brietspill, bei deem zwee Spiller ofwiesselend hier Figuren um Briet beweegen. Zil ass et säi Géigner schachmatt ze setzen, also de Kinnek esou unzegräifen, datt him keen Zuch méi méiglech ass. Fir sou muncher ass Schach net nëmmen een Hobby, mee e richtegen (Denk)Sport.

Übung mécht de Meeschter

A ville Filmer oder Serië gëtt Schach gären agesat, fir d’Intelligenz oder Muechtpositioun vun enger Positioun, oder ee Konflikt ze ënnersträichen. Déi meescht denken, datt et relativ schwéier ass d’Spill ze léieren, mee wann een sech d’Reegele bis gutt verhält, ass et guer net sou komplizéiert. Et ass just den éischten Androck, deen täuscht. A bekanntlech mécht Übung de Meeschter.

Wann een u Schach denkt, huet een automatesch eeler Persounen, respektiv héichintelligent Mënschen am Kapp. Si sëtzen sech géigeniwwer, de Bléck ass konzentréiert – den nächsten Zuch léisst net laang op sech waarden.

Ma, duerch Netflix huet sech dëst Bild allerdéngs verännert. De Grond ass déi erfollegräich Serie „The Queens Gambit“. Doranner gëtt de fiktive Wee vun enger exzellenter Schachspillerin gewisen, déi et bis un d’Weltspëtzt schafft. An och wann ee sech net vill mat dësem Spill auskënnt, spéitstens no der Serie, mat hirer typescher Kuliss aus de 50er Joren an der ongewéinlecher Atmosphär, kritt e Loscht Schach besser kennenzeléieren.

Fir d’Serie esou authentesch wéi méiglech ze gestalten, ass d’Ex-Weltmeeschtesch Garri Kasparow mat an d’Boot geholl ginn. Baséieren deet d’Geschicht um Walter Tevis sengem Roman „Das Damengambit“, dee schonn am Joer 1983 verëffentlecht ginn ass. E Klassiker also. Duerch déi bekannten Netflixserie gouf d’Geschicht nees populär, den Diogenes Verlag huet fir eng nei Oplo gesuergt.

Um Internetsite Lichess.org ass et méiglech d’Kinneksspill ze spillen. D’Plattform déi 2010 gegrënnt gouf, kascht näischt. A souguer Schachweltmeeschter, wéi de Magnus Carlsen, hun well Turnéier drop gespillt.

Schach ass villsäiteg – E Spill, Krich, Literatur, Muecht, Konscht oder Musek. Inspiratioun. Konzentratioun.

Opmaacherbild: © Michal Vrba / unsplash

Related topics Das Damengambit, Garri Kasparow, internationale Schachverband, Internationalen Dag vum Schach, Netflix-Serie, Pierre Vincent, Strategie, UNESCO, Walter Tevis
Next post Previous post