Search

You may also like

Eng Woch Dauer-Opstand an de franséische Banlieuen
International Kultur Neiegkeeten

Eng Woch Dauer-Opstand an de franséische Banlieuen

Zanter dem 18. Abrëll herrscht an de Virstied vun der

Compiègne: Frankräich an Däitschland reechen sech d‘Hänn
International Kultur Neiegkeeten

Compiègne: Frankräich an Däitschland reechen sech d‘Hänn

Mat enger symbolträchteger Zeremonie hunn de franséische President, Emmanuel Macron,

US-Senat kippt Trump-Veto
International Kultur Neiegkeeten

US-Senat kippt Trump-Veto

Nom Representantenhaus huet elo – dat ass eng Première an

Internationale Festival vun den Animatiounsfilmer – 5 Lëtzebuerger Wierker mat dobäi!

Internationale Festival vun den Animatiounsfilmer – 5 Lëtzebuerger Wierker mat dobäi!

Vum 10. bis de 15. Juni 2019 fënnt zu Annecy nees den Internationale Festival vun den Animatiounsfilmer statt, woubäi och 5 Lëtzebuerger Filmer mat an der Auswiel stinn. Méi wéi 12.000 passionéiert Filme-Maacher aus 88 Länner treffen sech fir dëst Evenement.

Muer um 12. Juni wäert och de Minister fir Kommunikatioun a Medien, de Xavier Bettel Professioneller aus dem Beräich vum Animatiounsfilm, Representante vun der FMAIV (Fédération luxembourgeoise des Métiers de l’Animation et de l’Image Virtuelle), sou wéi Studenten an Enseignantë vum BTS Animatiounsfilm aus dem Lycée des Arts et Métiers treffen.

Fir eng 19. Kéier ass och de Film Fund mat engem Promotiounsstand op der Plaz, woubäi 15 Lëtzebuerger Societéiten aus dem Beräich vun der Animatioun (Produktioun, Studioen, aner Déngschtleeschter) vertruede sinn.

An dësem Joer si folgend 5 Lëtzebuerger Koproduktiounen an der offizieller Selektioun:

  • Les Hirondelles de Kaboul vum Zabou Breitman an Eléa Gobbé-Mevellec (Melusine Productions)
    Kategorie Spillfilm
Animatiounsfilmer

© MELUSINE PRODUCTIONS

  • Zero Impunity vum Nicolas Blies, Stéphane Hueber-Blies an Denis Lambert (a_BAHN/Melusine Productions)
    Kategorie Contrechamp
Animatiounsfilmer

© A_BAHN/MELUSINE PRODUCTIONS

  • Fox and Hare vum Tom Van Gestel a Mascha Haiberstad (Doghouse Film)
    Kategorie TV Film
Animatiounsfilmer

© DOGHOUSE FILMS

  • Ayahuasca vum Jan Jounen (a_BAHN)
    Kategorie Virtual Reality
Animatiounsfilmer

© A_BAHN

  • Le Voyage de Prince vum Jean-François Laguionie a Xavier Picard (Melusine Productions)
    Kategorie Seance Evenement
Animatiounsfilmer

© MELUSINE PRODUCTIONS

Wärend dem ganze Festival kann een donieft och nach Playmobil® The Movie VR Adventures vum Olivier Rakoto (Bidibul Productions) am Virtual Reality Dom erliewen. Weider innovativ an nei Projete ginn de Visiteuren an de verschiddene Säll proposéiert.

Opmaacherbild: © annecy.org

Related topics a_Bahn, Annecy Festival, Doghouse Films, Internationale Festival vun den Animatiounsfilmer, Lycée des Arts et Métiers, Melusine Productions, Xavier Bettel
Next post Previous post