Search

You may also like

Palestina gëtt vun zwou neien UN-Agencen opgeholl
International Neiegkeeten

Palestina gëtt vun zwou neien UN-Agencen opgeholl

Palestina, scho Member vun der UNESCO säit 2011, ass vun

Vereedegung vun 263 Professeren an Enseignanten
International Neiegkeeten

Vereedegung vun 263 Professeren an Enseignanten

En Dënschdeg, den 9. Juli goufen 263 Léierpersoune vereedegt, déi

money
Fantastesch Entwécklung am Logement
International Neiegkeeten

Fantastesch Entwécklung am Logement

Gëschter huet de Statec sech zur Lag vun der Präisentwécklung

A Gedenken un d’Affer vum Genozid un de Sinti a Roma

A Gedenken un d’Affer vum Genozid un de Sinti a Roma

An der Nuecht vum 2. August 1944 si ganzer 4.300 Sinti a Roma an de Gaskummere vun Auschwitz-Birkenau vergaast ginn. Mam haitegen internationale Gedenkdag gëtt un dës grujeleg Dot, wéi och un déi geschate 500.000 Affer vun der Minoritéit erënnert, déi wärend der Zäit vum Nationalsozialismus duerch eng diskriminéierend a mënscheveruechtend Ideologie gefuerdert goufen.

Ëm 1.000 Joer ass et hir, datt d’Sinti a Roma sech aus dem Nord-Weste vun Indien a Richtung Westen beweegt hunn. Wärend si probéiert hunn, sech an Europa en Doheem opzebauen, goufe si ëmmer erëm mat Haass konfrontéiert. Grad wärend der Moderniséierung am 17. an 18. Joerhonnert soll de sougenannten Antiziganismus entstane sinn.

Dës Ideologie gesäit d’Existenz vun de Sinti a Roma als Bedreeung fir d’Wäerter vun der moderner Kultur un. Hir Eegeschaften, Kultur a Liewensstil wiere biologesch esou an hinne verankert, datt en dëst Vollek net ännere kéint – hir Presenz gouf als „soziale Problem“ bezeechent. Wou den Hitler bis d’Muecht ergraff huet, goufen éischt Moossnamen ergraff, déi spéider am gréisste Verbriechen vun der Geschicht zu Enn gaange sinn.

A Gedenken un d'Affer vum Genozid un de Sinti a Roma
Beim Denkmal fir déi ermuerten Sinti a Roma am KZ Auschwitz-Birkenau, 2. August 2019 © Sintiundroma (CC BY-SA 4.0)

De „rengrassegen“ Däitsch iwwert allem a jidderengem

Den Nationalsozialiste war et wichteg d’Kontroll ze behalen, wouduerch diskriminéierend Virschrëfte weider verschäerft gi sinn. D’Sinti a Roma duerfte schliisslech weder hir eege Kultur ausliewen, nach probéieren sech ze integréieren. De Sterilisatiounsprogramm vum NS-Regimm, deen op d’Sinti a Roma erweidert gouf, war just ee vu ville Schrëtt a Richtung vum Onheel.

Mat den Nürnberger Gesetzer vun 1935 ass et „rengrassegen“ Däitsche verbuede ginn, sech mat engem Sinti oder Roma ze bestueden. E Joer drop gouf eng Ariichtung fir „Rassefuerschung“, ënnert der Leedung vum Dr. Robert Ritter opgebaut, fir Mënschen kategoriséieren ze kënnen.

Déi éischt Deportatiounen

Vun diskriminéierende Virschrëften a Gesetzer, hin zum Ausschloss aus der Gesellschaft, huet den Haass am Mee 1940 en neie Pic erreecht. Ëm 2.800 Sinti a Roma goufen an dat besate Polen deportéiert. Zwangsaarbecht, Folter, Massenhiriichtungen a Vergasungen sinn zum trauregen Alldag ginn.

A Gedenken un d'Affer vum Genozid un de Sinti a Roma
Deportatioun vun de Sinti a Roma den 22. Mee 1940 © Federal Archives, R 165 Foto 244-42

No enger weiderer grousser Deportatiounswell am Joer 1941 koum schliisslech déi drëtt a gréisst Well. Zil vun den Zich, an deene Mënsche wéi Véi an d’Konzentratiouns- a Vernichtungslager transportéiert gi sinn, war dës Kéier Auschwitz-Birkenau. Donieft war et d’Lager Jasenovac, wat zu de gréisste Vernichtungsstätte vun den europäesche Sinti a Roma gehéiert.

Eleng zu Auschwitz-Birkenau sinn iwwer 20.000 Sinti a Roma ëm d’Liewe komm. Wärend tëscht dem Block 10 an 11 reegelméisseg Inhaftéierter un der Doudesmauer erschoss gi sinn, ass gewosst, datt am Bunker vum Block 11 am Ganzen 84 Sinti a Roma festsouzen, 54 vun hinne goufen ermort. Ënnert hinne ware beispillsweis de Stefan Siwak a Jan Burianski. No hirem mëssgléckte Fluchtversuch hu si de 25. Juni 1943 un der Doudesmauer mam Liewe misse bezuelen.

A Gedenken un d'Affer vum Genozid un de Sinti a Roma
D’Doudesmauer tëscht Block 10 an 11 © Jaroslaw Praszkiewcz

Léif amplaz Haass!

Zäitzeien gi rare, a mat hinne verschwannen och d’Geschichten an d’Erënnerungen un en donkelt Kapitel. Wärend sech Haass, Rassismus an Diskriminatioun nees ëmmer weider ausbreeden, misste mir dach wëssen, wéi eng Folgen et kann hunn.

D’Krystyna Gil ass eng Zäitzeiin an Iwwerliewend vum Pogrom zu Szczurowa. Si gouf de 5. November 1938 an engem klengen Duerf am Süde vu Pole gebuer an huet zur Minoritéit vun de polnesche Roma gehéiert.

Mat der Hëllef vun hirer Groussmamm konnt si dem Massaker vum 3. Juli 1943 entkommen. En däitsche Policekommando hat nämlech un dësem Dag all Bauere vum Duerf ugewisen d’Roma bei de Kierfecht ze bréngen, wou si schliisslech erschoss an zesummen an ee Gruef gehäit goufen.

D’Krystyna konnt wärend der Zäit vum Krich bei Bekannten, déi selwer keng Roma waren, verstoppen. Haut huet si just nach ee Wonsch – Mir solle verstoen, wéi wichteg Respekt a Léift sinn. Dofir huet si folgendZeilen verëffentlecht:

„Ech wëll dëse Message un déi jonk Leit riichten: Respektéiert een den aneren, hutt iech gär, haasst iech net, well dat féiert zu näischt Guddem, just zu Schlechtem. Dir gesitt, wat an der Welt geschitt. Et gëtt Kricher, et ginn Ausenanersetzungen, an ech géif mir wënschen, et géif kee Krich méi ginn, ni méi, keng Weesekanner méi.

Lieft an Harmonie, hutt är Elteren an är Famill gären, esou laang dir si nach hutt, well dir wësst net wat et bedeit, ouni Elteren opzewuessen. Wéi e Weesekand war ech e Kand, dat säi ganzt Liewe laang ongewollt war, hin an hir gedréckt gouf. Eréischt nodeems ech mech bestuet hunn, hunn ech mech wéi e fräie Mënsch gefillt.“

Op roma-sinti-holocaust-memorial-day.eu fënnt eng virtuell Zeremonie am Kader vum Internationale Gedenkdag vum Genozid un de Sinti a Roma statt. Op hirer Säit, wéi och op auschwitz.org fënnt ee méi, a virun allem detailléiert Informatiounen, Biller, Aussoen vun Zäitzeien a souguer virtuell Visitte vun de Gedenkstätte.

Opmaacherbild: Sinti a Roma, agespaart hannert Drot (Polen) © Yad Vashem

Related topics Antiziganismus, Auschwitz-Birkenau, Deportatioun, Diskriminatioun, Folter, Haass, Hiriichtung, Ideologie, Internationale Gedenkdag vum Genozid un de Sinti a Roma, Konzentratiounslager, Krystyna Gil, Mord, Nationalsozialismus, Rassismus, Vëlkermord, Zweete Weltkrich
Next post Previous post