Search

You may also like

Naturwëssenschaften op véier Rieder: De PInS-Sciencemobil ass do!
Meenung Neiegkeeten

Naturwëssenschaften op véier Rieder: De PInS-Sciencemobil ass do!

PInS – dat steet fir “Projets Interactifs Scientifiques” – ass

Wanterstuerm setzt Europa ënner Drock
Meenung Neiegkeeten

Wanterstuerm setzt Europa ënner Drock

D‘Wiederdéngschter bei eisen Nopere warne virun den Auswierkunge vum éischte

SEW/OGBL: Net esou Här Meisch !
Meenung Neiegkeeten

SEW/OGBL: Net esou Här Meisch !

Den SEW/OGBL an de Landesverband hunn ënnerstëtzt, dass an de

1. Mee -Internationale Kampfdag vun der Aarbechterbeweegung

1. Mee -Internationale Kampfdag vun der Aarbechterbeweegung

D‘Gesondheetskris huet déi kapitalistesch Wirtschaftskris verschäerft a féiert zu eeschthafte Folge fir dat gesellschaftlecht Liewen a fir déi schaffend Mënschen an d‘Rentner. Eng ganz Rei Problemer déi et scho virdrun hat, sinn an der Folleg vun der Gesondheetskris méi däitlech ze erkennen. Dozou gehéiert de Personalmangel am Gesondheetswiesen. Zéngdausende Lounofhängeg waren déi éischt Affer vun der Kris, well si zur Kuerzaarbecht gezwonge goufen an iwwer Méint ewech héich Verloschter an der Paitut a bei der Kafkraaft hu misse verquëssen.

  • D‘KPL fuerdert, datt alles muss gemaach ginn, fir ze verhënneren, datt déi negativ Folge vun der Gesondheetskris op déi Lounofhängeg ofgewälzt ginn. D‘Partei ënnerstëtzt d‘Gewerkschaften an hiren Aktiounen;
  • d‘KPL fuerdert, datt alle Kuerzaarbechter 100, statt den 80% vum Loun ausbezuelt gëtt;
  • d‘KPL bekräftegt hir Solidaritéit mat de Beschäftegten, déi fir den Erhalt vun den Aarbechtsplazen an fir de volle Respekt vun den ofgeschlossene Kollektivverträg kämpfen;
  • d‘KPL fuerdert ugemiess staatlech Hëllefe fir kleng Betriber, déi onverschëllt a Schwieregkeete gerode sinn;
  • d‘KPL fuerdert, datt Betriber déi Beschäftegter entloossen, vun ëffentlechem Geld ausgeschloss ginn, bezéiungsweis schonn erhalen Hëllef zeréckbezuele mussen;
  • d‘KPL fuerdert, datt d‘Helden aus dem Gesondheetswiesen, dem Botzsecteur, dem Handel, dem Sécherheetsberäich asw. net nëmmen Applaus, mee elo direkt déu noutwenneg Unerkennung vun hirer Tätegkeet, besser Loun a besser Aarbechtskonditioune kréien;
  • datt am Kampf géint Aarmut, Aarbechtslosegkeet a Wunnengsnout, Drénglechkeetsmesuren ergraff ginn;
  • d‘KPL fuert, datt zur Beseitegung vun der Wunnengsnout, bannent zéng Joer 50.000 Wunnenge gebaut ginn;
  • d‘KPL ënnerstëtzt de Kampf vun de Gewerkschaften, fir eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit bei vollem Lounausgläich a fuerdert déi gesetzlech Aféierung vun der 35-Stonne Woch;
  • d‘KPL steet fir d‘Stäerkung vun der Kafkraaft a fuerdert déi dierket Upassung vun de Familljenzoulagen un d‘Inflatioun, en Baisse vun de Steiere fir ofhängeg Beschäftegt an eng Erhéijung vum Mindestloun op 14 Euro/Stonn;
  • d‘KPL fuerdert datt all Rëschtungsausgabe gestoppt, an dës Gelder fir sozial Aufgaben zur Bewältegung vun der Gesondheetskris verwennt ginn;
  • d‘KPL fuerdert, datt kuerzfristeg eng Ëmverdeelung vun Uewen no Ënnen erfollegt an eng Verméigen- an Ierfschaftssteier fir déi superräich, an eng Coronavirussteier fir d‘Konzerner a Finanzgesellschaften agefouert gëtt, fir negativ Folge vun der Kris ze bekämpfen. Eng Coronavirussteier vu 5% op d‘Einlage vun de sougenannten „spezialiséierten Investissementsfongen“ (FIS), géif fir sech eleng 30 Milliarden Euro fir d‘Staatskeess ausmaachen.

D‘KPL ënnerstëtzt d‘Demonstratioune vum OGBL um 1. Mee zu Esch-Uelzecht a rifft all seng Memberen a Sympathisanten derzou op sech ze bedeelegen.

Matgedeelt vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg – fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Arie Wubben / unsplash

Related topics 1. Mee, Aarbechterbeweegung, Klassekampf, kommunistesch Partei Lëtzebuerg, KPL, OGBL
Next post Previous post