Search

You may also like

Spuenien kënnt sech den 19. Oktober de Lëtzebuerger virstellen
International Neiegkeeten

Spuenien kënnt sech den 19. Oktober de Lëtzebuerger virstellen

Spuenien ass eng vun eisen dräi beléiftste Reesdestinatioune, firwat et

Coronavirus: NATO fuerdert Kampfpaus an Afghanistan
International Neiegkeeten

Coronavirus: NATO fuerdert Kampfpaus an Afghanistan

Et géif en dréngende Besoin dës humanitär Kampfpaus ëmzesetzen, esou

WHO-Chef vu China enttäuscht
International Neiegkeeten

WHO-Chef vu China enttäuscht

Et kënnt seele genuch vir, fir datt een et ervirhiewe

Internationale Child Helpline Dag: Kee gëtt eleng gelooss!

Internationale Child Helpline Dag: Kee gëtt eleng gelooss!

Haut um 17. Mee 2021 fënnt den internationale Child Helpline Dag statt. Dësen Aktiounsdag ass am Joer 2003 vun 49 Helplines fir Kanner a Jugendlecher gegrënnt ginn, a soll dëse Servicer hiren Engagement ervirhiewen, duerch dee sech bei Problemer keen eleng gelooss fille soll. Mëttlerweil ginn et well iwwer 173 Helplines, déi et einfach maachen sech déi néideg Ënnerstëtzung ze froen.

Wärend den anonymme Gespréicher kënnen nei Perspektiven entwéckelt an méiglech Léisungen diskutéiert ginn an dat am Wëssen, datt keng negativ Konsequenze gefaart musse ginn. Dat erliichtert sou munchem de Grëff zum Telefon.

Child Helpline Dag
Child Helpline International / Facebook

Et ass wichteg fir eis Kanner a Jugendlecher do ze sinn, zemools an dësen onséchere Coronazäiten. D’Aschränkungen, déi der nächster Generatioun batter um Mo leien, suerge fir Schlofstéierungen an Zukunftsängschte.

De Jugendtelefon ass dacks déi eenzeg Méiglechkeet séier ëm Hëllef ze froen

Eng familiär Instabilitéit, Libeskommer, Prüfungsangscht, Mobbing, Zukunftsängschte, Angscht virun engem weidere Lockdown oder aner Onsécherheeten, dacks wësse Kanner a Jugendlecher net sou richteg u wien si sech wende sollen. Oder wiem vertraut ka ginn.

Dës erwäänten Erliefnesser beanträchtegen dat psychescht Wuelbefanne vun de Kanner enorm vill, en Däiwelskrees entsteet. Fir Jugendlecher déi eventuell scho virbelaascht sinn, ass et nach méi schlëmm.

Child Helpline Dag
Child Helpline International / Facebook

Och de Kannerjugendtelefon vu Lëtzebuerg ass Member bei Child Helpline International. Um Kannerjugendtelefon ka jiddwereen sech mellen – iwwer Telefon a mëttlerweil och iwwert Chat – deen net eleng mat senge Suerge wëll sinn an eventuell e Rot oder eng Hëllef brauch. De Berodungsdéngscht ass anonym a bitt domat eng sécher Plaz fir fräi iwwert all Gefill schwätzen ze kënnen.

Related topics Ängscht, Gesellschaftlechen Drock, Hëllef, Internationalen Child Helpline Dag, Kanner-Jugendtelefon, Problemer, Suergen
Next post Previous post