Search

You may also like

E besuergten Direkter
Stories

E besuergten Direkter

Datt et dem Tom Wirion, Direkter vun der Handwierkerkummer (CDM)

Amokfaart zu Tréier – Den Dag duerno
Stories

Amokfaart zu Tréier – Den Dag duerno

En 51 järegen Däitschen huet um Dënschdeg 1. Dezember zu

Editorial: ADEM? Wat leeft?
Stories

Editorial: ADEM? Wat leeft?

Nodeems dann elo erwisen ass, datt et och op der

Haut ass Weltaarmutsdag: Geet eis dat eppes un?

Haut ass Weltaarmutsdag: Geet eis dat eppes un?

Um internationalen Dag vun der Aarmut, deen op dëse 17. Oktober fält, deet ee gutt drun sech déi puer honnert Säite vum Statec unzekucken, déi gëschter zu der sozialer Kohäsioun verëffentlecht gi sinn. Do steet dann och schwaarz op wäiss, dat och zu Lëtzebuerg den Aarmut do ass an och nach eng grouss Zukunft virun sech huet.

De Rapport vun der Statec, deen sech d‘Zuelen aus véier „Liewensberäicher“ geholl huet (Akommes, Aarbecht, Sprooch a Gesondheet) ass dann och Zolidd. Esouvill Donnéeën, datt et bal schonn eppes ze einfach ass de Beweis fir d‘Aarmut zu Lëtzebuerg ze bestätegen. An et muss een awer op mannst op d‘Eckdaten agoen.

An der Moyenne huet e Resident 2.817 Euro Akommes gehat. Déi ënnescht 10% vum Akommes verfüge laut Statec nëmmen iwwer 3% vum Gesamtakommes vun den Haushälter. Deem géinteniwwer stinn déi 10% deenen et am „beschte“ geet an dem Rapport no iwwert e véierel vun dësem Gesamtakommes verfügen.

Et ass dat eng Ongläichheet, déi net nëmmen ersiichtlech ass mee sech och berechne léisst. An awer soen déi vill Zuelen am Endeffekt net wierklech eppes iwwert d‘Aarmut aus. Fir dat ze verstoe muss ee sech fir unzefänken emol dem „Aarmutsrisiko“ unhuelen. An dee Risiko ass zu Lëtzebuerg ganz real.

Wat ass Aarmut?

Laut der OECD, entsprécht den Taux vun Aarmut der Proportioun vu Leit deenen hiert Akommes ënnert der Aarmutsgrenz läit. Dat entsprécht laut OECD der Hallschent vum Duerchschnëttsakommes vun der gesamter Bevëlkerung. An zu Lëtzebuerg ass et dann och net d‘Hallschent, mee 60% vum Duerchschnëttsakommes dat fir d‘Berechnung gekuckt gëtt.

Dorausser ergëtt sech, datt 2016 d‘Aarmutsgrenz bei 1.689 Euro geleeën huet, während se 2015 nach mat 1.716 Euro zu Gronn geluecht gouf. Bei der Statec wëll een dann och vum engem Aarmutsrisiko bei de Bevëlkerung ausgoen, dee bei 16,5% leie soll. Also dat wier de Prozentsaz vu Mënschen déi iwwer manner wéi déi 1.689 Euro verfügen.

Hale mer déi Zuelen emol fest (aner gëtt et net) da musse mir feststellen, datt deselwechten Taux 2015 nach bei 15,3% an 1996 bei 11% geleeën huet. De Risiko als „Aarm“ ze gëlle geet also an d‘Luucht, dat bei enger gesonder konjunktureller Lag an engem wirtschaftleche Wuesstem vu bis zu 4%.

Wirtschaftsfaktor Aarmut

Beim weidere Betruechte vun de Statec-Zuelen ergëtt sech, dat 2016 den duerchschnëttleche Liewensniveau bei den ënneschten 10% vun der Akommesleeder eng Variatioun vu ronn 1.000 Euro abezitt. Bei den 10% vum ieweschten Deel vun der Akommesleeder, bedréit leit d‘Variatioun bei knapp 7.900 Euro.

D‘Statec geet dann och nach dovunner aus, datt 2016, 6% vun de Leit déi 2013 nach net als Aarmutsrisiko ugesi goufen, an d‘Aarmut gefall sinn. Dem géinteniwwer wieren 28% vun de Leit déi nach 2013 vum Aarmutsrisiko betraff waren, aus hirer „mësslecher“ Lag erauskomm.

An u sech ass et bal egal wéi een elo déi eenzel Zuelen interpretéiert. Op een elo Aarm oder „just“ dem Risiko ausgesat ass, et sinn net grad wéineg Leit betraff. Esou sinn d‘Zuelen och am Detail wichteg. Aus deene léisst sech berechnen, datt tëscht 2013 an 2016 ronn 30% vun de Leit zu Lëtzebuerg wéinstens eng Aarmutsperiod kannt hunn.

D‘Aarbecht ass net d‘Mooss

Wa vum Statec interpretéiert gëtt, datt d‘Aarbecht de Moyen ass, sech ee soziaalt Ëmfeld opzebauen, „integréiert“ ze bleiwen, esou muss een dat awer differenzéiert beuerteelen. Esou beispillsweis ass och d‘Qualitéit vun der Aarbecht zu Lëtzebuerg e ganz wichtege Punkt. Eng Aarbecht, déi laut Statec zanter 2000m, ëm gutt 60% zougeholl huet.

Dat ass dann och sécherlech eng besonnesch Situatioun innerhalb der europäescher Unioun. Dat bestätegt dann och de Wuesstem-Taux vun +3,1% bei den Aarbechtsplazen. Dat sinn net manner wéi 13.000 Jobs déi un de Mann, respektiv d‘Fra komm sinn. Mee wat sech esou gutt unhéiert ass et dann net wierklech. Ëmmer méi Plaze sinn zäitlech begrenzt (CDD), et gëtt ëmmer méi de Weekend, Owes oder an der Nuecht geschafft. Deelzäitaarbecht hëlt och iwwerproportional zou.

A bei der Gesondheet gëtt engem Ongläichheet dann nach méi bewosst. De Statec wëll wëssen datt Männer bis zu 80% vun hirem Liewe kënnen erwaarde gesond ze sinn (Bei de Fraen 72%). Eng Erwaardung déi awer éischter de Räiche virbehalen ass. Aus den Zuele vum Statec ass nämlech och erauszeliesen, dat Aarmut net gutt fir d‘Gesondheet, eng schlecht Gesondheet awer gutt fir D‘Aarmut ass.

Der Aarmut lass ginn

Vum Ausseministère an dem Ministère fir Entwécklung an humanitär Hëllef kënnt folgend Ausso: „Mir wëssen, datt d‘Aarmut sech net eleng mat engem klengen Akommes an dem Feele vu Ressourcen erkläre léisst. Mënschen déi an extreemster Aarmut liewen hunn oft nëmmen e bedéngten Zougang zu Grond-Déngschtleeschtungen a mussen sech all Dag géint Diskriminatioun an Ausschloss wieren. Dat erhéicht d‘Vulnerabilitéit.“

Et misst een also, fir der Aarmut nohalteg ze begéinen, sech méi Ustrengen a virun allem sécher stellen, datt jidderee voll a ganz seng fundamental Rechter dierf notzen. E fromme Wonsch, global betruecht. Un deenen „Aarmen“ léisst sech ze vill verdénge fir do weltwäit e Léisungsusaz ze fannen. An de Minister Romain Schneider huet sech wuel och dowéinst op Lëtzebuerg begrenzt.

Ech wëll vun der Geleeënheet profitéiere fir den Akzent op déi konkret Efforten ze leeën, déi de Lëtzebuerger Staat ënnerholl huet fir sech der Aarmut ze entleedegen. Dank der Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung, konnt d‘Land schnell d‘Zil vun den 0,7% vum PIB iwwerschreiden, dat déi entwéckelt Länner sech virgeholl haten. Haut ass 1% vum PIB, dee fir d‘Entwécklungshëllef opgewannt gëtt“, esou de Minister.

Iwwert d‘Grenzen eraus

Déi Lëtzebuerger Kooperatioun wëll dann och seng Objektiver erreechen. Heifir géif sech ganz besonnesch an de Länner engagéiert ginn, wou d‘Bildung, d‘Gesondheet an déi lokal Entwécklung e grousse Retard hunn. Vill vun de Projeten, déi d‘Aarmut sollen eliminéieren, gi vu LuxDev (Luxembourg Developpement) dem ausféierenden Organ vun der „Coopération Luxembourgeoise“, geréiert.

Eng Institutioun déi sech och ganz aktiv un der Entwécklung vun der Mikrofinanz an de neien Technologië vun der Informatioun an der Kommunikatioun bedeelegt. Et wieren dat déi Instrumenter déi als Mechanissem zur Reduzéierung vun der Aarmut missten agesat ginn. Mee D‘Ziler erreecht een net eleng, an dofir gëtt säitens der Regierung mat ville Partner vun der Zivilgesellschaft zesummegeschafft.

Related topics Aarmut, Romain Schneider, Statec
Next post Previous post