Zäit sech ze ëmäerbelen!

Wuel kee Geste ass esou einfach, gläichzäiteg awer och esou mënschlech a waarm wéi eng Ëmäerblung. An Zäite vu Kontakt-Reduzéierung an Isolatioun hëlt den haitegen Aktiounsdag – den Internationalen Dag vun der Ëmäerblung – wuel nach méi u Wäert zou.

Den 21. Januar stellt d’Mëtt tëscht zwee Fester vun der Léift, Chrëschtdag a Vältesdag, duer. Fir den US-amerikanesche Paschtouer Kevin Zaborney war dat den idealen Dag, fir de Fokus op d’Zouneigung an d’Léift ze leeën. Esou huet hien zu Michigan dësen Aktiounsdag den 29. Mäerz 1986 an d’Liewe geruff.

Well d’Ëmäerblung e klengen awer bedeitende Geste ass, dee weltwäit verstane gëtt, ass et schliisslech en international unerkannten Aktiounsdag ginn. De „World Hugging Day“ war gebuer!

Ma, mëttlerweil gëtt och all Joer eng Lëscht lancéiert mat de sougenannten „Most Huggable of the Year“. Hei ginn déi Persoune geéiert, déi mënschlech Wiermt verbreeden an e Beitrag dozou leeschten, datt sech méi léif-gedréckt gëtt. An dësem Joer ass et beispillsweis d’Band „G and the Jolly Cucumbers“, déi mat hirem Lidd „Wrap my arms aroung you“ op de Wäert vun Ëmäerblungen hiweisen.

Méi Gléckshormoner, manner Stress

De Mënsch braucht Kierperkontakt, fir sech gesond ze entwéckelen. Bei douce Beréierungen gëtt nämlech d’Hormon Oxytocin ausgeschott, awer och Endorphiner fräigesat, déi eis glécklech maachen. Doduerch hu mir net nëmme gutt Laun, mee och eis Bezéiunge gi gestäerkt.

Zousätzlech dozou wierkt eng Ëmäerblung berouegend. D’Ootmung an den Häerzschlag entspane sech, Stress kann ofgebaut ginn, a genee doriwwer freet sech eis Gesondheet. A stabille Partnerschaften sollen doduerch souguer Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen manner heefeg optrieden.

Dobäi ass et och wëssenschaftlech bewisen, datt Bëbeeën a Kanner, déi an engem positiven Ëmfeld opwuessen a vill Léift vun den Eltere kréien – besonnesch prägend sinn do déi éischt zwee Liewensjoren – spéider selwer méi stabil familiär Bezéiungen hunn, manner psychesch Problemer an e méi héijen IQ hunn.

Internationalen Dag vun der Ëmäerblung
© Eic Ward / unsplash

Léif drécke muss een dobäi net onbedéngt e Mënsch – och d’Hausdéier kann een ëmäerbelen, fir vun de Gléckshormoner profitéieren ze dierfen.

An dësem Kader weise mir drop hin, datt haut och den internationalen Joggingsboxendag ass. De gemitterlechen Aktiounsdag, deen 2009 vu 4 Éisträicher an d’Liewe geruff gouf, léist sech bestëmmt ganz gutt mat enger Ëmäerblung kombinéieren!

Latest news
Related news