Search

You may also like

Chamber: 10 Gesetzer a wéineg Debat
Neiegkeeten

Chamber: 10 Gesetzer a wéineg Debat

Zéng Gesetzprojete „Post-Kris“ si gëschter banne sechs Stonne Sëtzung am

Doudegt Schof am Raum Wëntger: Hond, Goldschakal oder awer de Wollef?
Neiegkeeten

Doudegt Schof am Raum Wëntger: Hond, Goldschakal oder awer de Wollef?

Um 11. Mee ass am Raum Wëntger en doudegt Schof

Stuff-Brauerei: E Ritter op wäissem Samett
Neiegkeeten

Stuff-Brauerei: E Ritter op wäissem Samett

Hiergestallt vun der Steeseler Stuff-Brauerei, wat eng vun de klengsten

Opfuerderung zum Areeche vu Virschléi

Internationalen Dag zur Opklärung vu Liewensmëttelverschwendung an Offall

Opfuerderung zum Areeche vu Virschléi

Zur Occasioun vum Internationalen Dag zur Opklärung vu Liewensmëttelverschwendung an Offall (IDAFLW), den 29. September 2020 lancéiert de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Romain Schneider en Opruff fir Projeten anzereechen, déi d’Ënnerstëtzung, d’Präventioun an d’Reduzéierung vu Liewensmëttelverschwendung duerch d’Entstoe vu lokalen an innovative Projeten zu dësem Thema.

D’Zil vun dësem Opruff ass, een oder méi Projeten ze ënnerstëtzen, déi vu Bierger, Biergergruppen, Verbänn oder Organisatioune geleet ginn, andeems déi finanziell Ënnerstëtzung fir d’Realiséierung vum Projet bereet gestallt gëtt. Eng Enveloppe vu 7500 Euro kann engem eenzele Projet zougewise ginn, mä se kann awer och op méi Projete verdeelt ginn. Dat ass ofhängeg vun der Qualitéit vun de virgestallte Projeten – an hiren Auswierkungen op d’Verréngerung vu Liewensmëttelverschwendung an dem finanzielle Besoin. Déi ausgewielte Projete ginn och duerch d’Verëffentlechung op der Plattform www.antigaspi.lu gefërdert.

OpklärungUnhand vun dësem Beispill gëtt ersiichtlech, datt de Minister Romain Schneider nach ganz vill Opklärung bedreiwe muss. An dëst ass net deen eenzege schänterleche Beweis dofir, datt d‘Mënschheet eng mat der Dänn huet (Quell: Facebook)

Fir de Romain Schneider ass et wichteg, sech weiderhin ze mobiliséieren, fir datt genuch Acteuren am Kampf géint Liewensmëttelverschwendung zesummekommen, well d’Zuelen si kloer! D’Liewensmëttelorganisatioun vun de Vereenten Natiounen (FAO) deelt mat, datt weltwäit 1,3 Milliarden Tonne vu Liewensmëttel verschwent oder verluer geet. Dat entsprécht ⅓ vun de produzéierte Liewensmëttel.

Dësen Opruff zum Areeche vu Virschléi ass och Deel vun enger Sensibiliséierungscampagne vum Ministere fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung.

“Zesumme géint Liewensmëttelverschwendung” mam Titel “124 kg Liewensmëttel gi pro Joer vun enger Persoun verschwent: 124 Grënn eppes ze änneren.

Fërderung vu Beméiungen zur nohalteger Entwécklung

Zu dësem Ulass ass de Ministere fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung dëst Joer fir déi éischte Kéier op der Plattform www.antigaspi.lu vertrueden. Op dësem Site fannen sech etlech national Initiativen a Moossname géint de Kampf vun der Liewensmëttelverschwendung.

Tatsächlech gouf dësen Internationalen Dag duerch d’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen an d’Liewe geruff, fir e wesentleche Bäitrag zur Sensibiliséierung, fir d’Ausmooss vum Problem a fir Fërderung vu Beméiungen zur nohalteger Entwécklung ze leeschten.

“Wa mir bis 2050 néng Milliarde Mënschen ernäre wëllen, musse mir onbedéngt handelen a gläichzäiteg fir eis natierlech Ressourcë verantwortlech sinn.”

An dësem Kontext wëll de Romain Schneider nach eemol drop hiweisen, datt lokal Produkter och zur aktive Bekämpfung vun der Liewensmëttelverschwendung gehéieren.

Tatsächlech vermeide mir doduerch laang Transporter (Fliger, Booter) a reduzéieren doduerch CO2-Emissioune gewalteg. Ausserdeem fërdere mir doduerch nohalteg Produktiounspraktiken a stäerken d’Positioun vun onse Produzenten.

Fir méiglechst vill Verbraucher ze erreechen, déi sech fir d’Mobiliséierung géint Liewensmëttelverschwendung asetze kënnen, gëtt d’Websäit www.antigaspi.lu zukünfteg a véier Sproochen (lu, fr, en, pt) presentéiert.

Illustratioun: © Jasmin Sessler / unsplash

Next post Previous post