De Metall un an a mengem Kierper

Den haitegen Dag steet ganz am Zeechne vum Piercing, an dat fir den Internationalen Dag vum Body-Piercing. Déi eng si voll mat dësem Kierperaccessoire, anerer kënne weder d’Nol, déi duerch de Kierper gejot gëtt, nach de Rank deen herno d’Gesicht, d’Broscht oder de Bauchnuebel dekoréiert, leiden. Zu wéi enger Zort gehéiert Dir?

Et ass emol nach net ganz esou laang hir, datt et den Internationale Body Piercing Dag gëtt. Am Joer 2011 war et den US-amerikanesche Piercer a Kënschtler James-Mark Ward, deen dëse speziellen Dag an d’Liewe geruff huet. An der Zeen gëllt hien als Matbegrënner a Virleefer vum moderne Piercing.

Um 17. November 1978 war et nämlech genau hien, deen am Weste vun Hollywood den éischte kommerzielle Studio mam Numm The Gauntlet Store opgemaach huet. Donieft duerft de Ward och de Magasinn Piercing Fans International Quarterly mat erausginn. Am Beräich vun der Entwécklung an der Verbesserung vun den grondleeënden Techniken huet hien iwwregens och sài Pefferkär dobäi geluecht. Wien sech duerchlächere léisst, sollt dës nämlech professionell maache loossen!

Eng Traditioun vun den ale Kulturen

Scho säit den éischten Deeg vum mënschlechen Zesummeliewen huet ee säi Kierper iergendwéi dekoréiert. Esou ass beispillsweis d’Zougehéieregkeet zu enger Grupp ervir gehuewe ginn. Wéi och bei engem Tattoo weist dës Verännerung um Kierper an de verschiddene Kulturen, den Iwwergang vum Kand zum Erwuessenen. Dobäi weist d’Aushale vun der Péng, datt een aushale kann an ab elo stolz zu enger neier Altersklass gehéiert. Fréier huet d’Erwuesse-Ginn nämlech bedeit, datt ee beispillsweis mat joe goen oder sech bestueden duerft.

Déi fréi Spure vum Piercing ginn dobäi op déi jong Steenzäit an Afrika zeréck. Neolithesch Ausgruewunge beweisen, datt scho virun iwwer 7000 Joer an Algerien Bijouen un den Ouerläppercher houngen. Al Duerstellunge vu Pharaoen, déi op zirka 1400 viru Christus datéieren, weisen, datt och d’Ägypter schonn de beléiften Ouerrank gedroen hunn.

Vu Piercingen am Ouer, der Nues oder der Zong, bis hin zu Telleren an de Lëpse gëtt et wuel näischt, wat et net gëtt. Hautdesdaags gëllt de Bijou am westleche Raum als perséinlech Verschéinerung vum Kierper, och wann d’Elteren oft net wierklech frou domadder sinn, wann d’Kand bis ee Rank an der Nues huet.

Wourun een ee gudde Studio erkennt

Professionalitéit ass alles! Just duerch sterilt Material an déi richteg Fleeg kann een ellenen Infektiounen an der domat verbonnener Péng aus de Féiss goen.

Duerch Propretéit an Hygien kann een Erkrankungen duerch Viren a Pilzer vermeiden. Als éischt emol sollt dofir de Studio selwer ee gefleegten a propperen Androck maachen. De Piercer selwer sollt Händchen droen bei dësem Agrëff an d’Nol, sou wéi de Piercing virun den Aen vum Client aus der zouener Verpakung huelen.

Ee professionelle Piercer hält iwwregens vill drop, säi Client am viraus ausféierlech iwwert Risiken opzeklären. Heibäi wier et gutt, gefrot ze ginn, op een iergendwellech Krankheeten oder Allergien huet. Am beschte Fall gëtt virum Notze vun der Nol eng Fiche ausgefëllt, wou een Pathologien an de Gebrauch vu Medikamenter muss uginn a sech averstane gesäit, datt gläich eng Form vu Kierperverletzung duerchgefouert gëtt.

Nom Agrëff, bei deem et meeschtens just fir 1 Sekonn kuerz pickt, kritt een erkläert, wéi ee mat sengem Piercing ëmgoe soll. Schliisslech leeft een déi nächst Deeg mat enger Wonn ronderëm, déi propper gemaach muss ginn, sou datt de Piercingkanal uerdentlech heelt.

Dernières nouvelles