Search

You may also like

ADRIɅN – ee Soloprojet mat Häerz
Neiegkeeten

ADRIɅN – ee Soloprojet mat Häerz

Wann et ëm Musek geet huet och ee klengt Land

Mam Bléck op en „haarden“ Brexit, ginn a Groussbritannien Medikamenter stockéiert
Neiegkeeten

Mam Bléck op en „haarden“ Brexit, ginn a Groussbritannien Medikamenter stockéiert

Déi britesch Pharmaindustrie huet e Freideg bekannt gemaach, datt si

ECDC: Lëtzebuerger Teststrategie als Beispill fir Europa
Neiegkeeten

ECDC: Lëtzebuerger Teststrategie als Beispill fir Europa

Den Europäeschen Zentrum fir Preventioun a Kontroll vu Krankheeten ECDC

Haut ass den internationalen Dag vum Kuss

Haut ass den internationalen Dag vum Kuss

Haut scho gekësst? Wann net, da spëtzt d’Lëpsen a leet lass. Haut ass nämlech den internationalen Dag vum Kuss. Dëse Geste huet d’Mënsche schonn ëmmer faszinéiert!

Dofir kommen se a ville Märercher vir a si magesch. Zum Beispill wann aus engem gekësste Fräsch e Prënz gëtt, oder d’Dornréischen an d’Schneewittche mat engem Kuss zeréck an d’Liewe geholl ginn.

Ma, och am richtege Liewen ass e Kuss vun der richteger Persoun e Liewenselexéier. Bei engem erotesche Kuss kann sech erausstellen, ob et sech beim Géigeniwwer ëm de Partner fir d’Liewen handele kéint – wann d’Chimie stëmmt, harmonéieren och d’Immunsystemer vu béide Persounen.

Ausserdeem entsteet eng Verbindung, déi glécklech mécht, do hu Blummen a gutt Kusse villes gemeinsam. Si maache frou, soe méi wéi dausend Wierder a schwätze Sproochen, déi jiddweree versteet.

E Kuss ass net nëmmen e Kuss, mee huet vill Gesiichter – e ka Léift, Fridden oder souguer Verrot, sou wéi beispillsweis de Judaskuss, symboliséieren. E Kuss léisst kee kal, e steet fir eppes. Eigentlech och fir alles.

De Bols an de Bluttdrock klammen, d’Bake gi rout, d‘Häerz klappt. Oxytocin, Serotonin an Dopamin iwwerschwemmen de Kierper – dës si besser bekannt als Kuschel- a Gléckshormoner. Beim Kusse ginn tatsächlech 34 Gesiichtsmuskelen aktiv, Millioune Bakterië wandere vun engem Mond an den aneren.

Fir Koppelen déi zesummeliewen ass këssen de Moment eng gutt Iddi. Mee sollt Corona am Hannergrond lauere wär e Loftkuss eng gutt Alternativ – a wann een dat mat Blumme kombinéiert, ass den Dag perfekt.

Opmaacherbild: © Timo Wagner / unsplash

Related topics Corona, Dopamin, Fridden, Gesiichtsmuskelen, Glécksgefiller, Internationalen Dag vum Kuss, Léift, Oxytocin, Serotonin, Verrot
Next post Previous post