Search

You may also like

A13: Schantjen tëscht den Echangeure Suessem an Éilereng (03.-06.2021)
International Neiegkeeten

A13: Schantjen tëscht den Echangeure Suessem an Éilereng (03.-06.2021)

Vu Freides, den 3. September géint 20:00 Auer bis Méindes,

De Christophe Hansen zur Plenièreswoch: Lëtzebuerg huet keen Opbauplang geliwwert
International Neiegkeeten

De Christophe Hansen zur Plenièreswoch: Lëtzebuerg huet keen Opbauplang geliwwert

D’Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen huet dës Woch bei engem

D‘Wäilies 2020 ass ugelaf
International Neiegkeeten

D‘Wäilies 2020 ass ugelaf

En Dënschdeg waren de Premierminister Xavier Bettel an de Landwirtschaftsminister

Fir d’Rechter an de Schutz vu Prostituéierten

Fir d’Rechter an de Schutz vu Prostituéierten

Iwwer 100 Prostituéiert hunn um 2. Juni 1975 d’Kierch Saint-Nizier zu Lyon (Frankräich) besat, fir esou géint d’Ënnerdréckung vun de franséischen Autoritéiten an der Police virzegoen. Domat koum schliisslech den internationalen Dag vun de Sexaarbechterinnen op.

Hir Aarbecht gouf net per Gesetz verbueden, allerdéngs fir d’Sexaarbechterinnen ëmmer méi schwéier gestalt. Vill Fraen an dësem Secteur huet dat bedeit, heemlech seng Servicer unzebidden. De Schutz vun der Ëffentlechkeet ass domat ewechgefall, am Fall vu Gewalt konnt just schlecht bis guer net agegraff ginn.

Prostituéiert
Cabiria / Facebook

Op deelweis brutal Aart a Weis huet d’Police d’Besetzung no 8, respektiv 9 Deeg opgeléist. D’Aussoe vun de Medien ginn heibäi auserneen. Sécher ass awer, datt zënterhier all Joer um 2. Juni Prostituéiert op d’Strooss ginn an esou fir hir Rechter kämpfen.

D’Fuerderunge vum sougenannte Manifeste Féministe kënnt Dir HEI noliesen.

A Frankräich ass d’Prostitutioun duerch eng large Definitioun ëmschriwwen. Esou soll dorënner all Form vu physeschem Kontakt falen, bei deem géint Bezuelung op e sexuelle Besoin vun enger anerer Persoun reagéiert gëtt. Esou gehéiert schonn eng Massage „mat Happy-End“ zum Beräich vun der Prostitutioun.

Opmaacherbild: © Velizar Ivanov / unsplash

Related topics internationalen Dag vun de Sexaarbechterinnen, Lyon, Prostitutioun, Saint-Nizier, Sexualitéit, sexuelle Besoin
Next post Previous post