Search

You may also like

Covid19: Keng erfreelech Nouvelle bei Hand
International Kultur Neiegkeeten

Covid19: Keng erfreelech Nouvelle bei Hand

Et ass gewosst, datt et bei eisen Noperen nees zolidd

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm
International Kultur Neiegkeeten

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm

De Start vun der neier Nationalbibliothéik (BnL) hätt net kënne

Fir d’Mierer a seng Liewewiesen – Kennt Dir Sea Shepherd?
International Kultur Neiegkeeten

Fir d’Mierer a seng Liewewiesen – Kennt Dir Sea Shepherd?

Bei Sea Shepherd handelt et sech ëm eng international a gemengnëtzeg

Haut ass den internationalen Dag vun der Jugend!

Haut ass den internationalen Dag vun der Jugend!

D’Jugend ass d’Liewensphas tëscht Kandheet an Erwuessesinn. Et ass eng schwiereg Zäit – fir Elteren a Kanner. D’Pubertéit, d’Schoulzäit, déi grouss Zukunftsfro an d’Sich no der Identitéit. Et kënnt vill beieneen an duerch dës Gefillswelt ginn d’Jugendlecher dacks vun den Elteren als schwiereg empfonnt.

Mä eigentlech ass et just eng Saach vum richtegen Ëmgang mateneen. A Versteesdemech. Genéisse mir d’Zäit mat onse Kanner, se ass nämlech vill ze séier eriwwer. Leider. Iergendwann kënnt de Moment wou se net méi op d’Mamma an de Pappa ugewise sinn – ech hoffen, dat dauert nach e bëssen.

Et war iwwregens d‘UNO, déi den 12 August zum internationalen Dag vun der Jugend erkläert huet, fir esou op d’Interessen vu jonke Mënschen an hir politesch Bedeelegung opmierksam ze maachen. Méi zum Aktiounsdag fannt Dir ënnert International Youth Day.

E passend Wierk vum Anne Freytag

A well d’Jugend dacks d’Gefill huet, dat ganzt Liewe virun sech ze hunn, wëll ech Iech haut e vu menge Liblingsbicher virstellen: Mein bester letzter Sommer vum Anne Freytag.

“Ich dachte, sterben ist einfach. Ich dachte, es geht schnell. Wie geboren werden, nur rückwärts. Aber die Wahrheit ist, ich hatte keine Ahnung. (S. 11)”

Jugend

“Mein bester letzter Sommer” vum Anne Freytag

D’Buch huet mir d’Häerz aus Broscht gerappt – no e puer Säite sinn déi éischte Kéier Tréine gefloss. Ech hunn vill gekrasch, lues an och haart. Et war hefteg d’Tessa an den Oskar kennenzeléieren, ech hunn d’Koppel schonn e puer mol duerch de Summer begleet. An et gëtt net méi einfach.

Hätt ech en Textmarker fir d’Zitater ze markéieren, wär d’Buch komplett faarweg. Et ass Poesie. D’Wierder friessen sech an dech an, Gefiller ofschalte geet net. Et verléiert e sech an där Welt. De Lieser lieft a stierft mam Tessa. An obwuel et eng tragesch Geschicht ass, fillt e sech dono gutt. Lieweg. Villäicht duerch dat villt Kräischen. Och a schlechten Zäiten däerf e Gléck fillen. Eenzegaarteg. Onvergiesslech. Well eent däerfe mir net vergiessen. Et freet keen eis dono. Schonn guer net d’Liewen. Et passéiert einfach!

Opmaacherbild: © Eliott Reyna / Unsplash

Related topics Anne Freytag, Erwuesse ginn, International Youth Day, internationalen Dag vun der Jugend, Jonk Mënschen, Mein bester letzter Sommer, Pubertéit, UNO
Next post Previous post