Search

You may also like

Jumanji: Welcome to the Jungle hätt kënnen e richteg faule Film ginn. Zum Gléck goufen di richteg Decisioune getraff
International Neiegkeeten

Jumanji: Welcome to the Jungle hätt kënnen e richteg faule Film ginn. Zum Gléck goufen di richteg Decisioune getraff

Se waren net sou faul, wéi se sech et hätte

D‘Dommheet a seng méiglech juristesch Folgen
International Neiegkeeten

D‘Dommheet a seng méiglech juristesch Folgen

De Maître Jean-Jacques Schonckert huet sech mëttels engem Lieserbréif op

Exit-Covid19: Vermummungsgebuet fir Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

Exit-Covid19: Vermummungsgebuet fir Lëtzebuerg?

De Confinement belaascht d‘Bevëlkerung wéi d‘Wirtschaft gläichermoossen an dësen Zoustand

Haut ass den internationalen Dag vun der Pressefräiheet

Haut ass den internationalen Dag vun der Pressefräiheet

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet um 3.Mee huet mat der “Erklärung vu Windhoek” ze dinn. Windhoek ass d’Haaptstad vun afrikanesche Land Namibia. 1991 hunn sech afrikanesch Journalisten a Cheffe vun Editioun getraff. Zesumme sinn si dës Erklärung ënnerschriwwen.

Doran steet, datt all Journalist (iwwerall op der Welt) d’Recht huet iwwer Nouvellen ze schreiwen. Et ass egal ob dobäi Medien, Zeitungen, Radio oder den Internet gemengt ass. An dobäi däerf keen him verbidden, bestëmmte Saachen ze soen. Dofir erënnert dësen internationale Pressefräiheet Dag och dorunner, datt verschidde Mënsche wäerte probéieren, d’Aarbecht vun de Journalisten ze behënneren.

Pressefräiheet erkläert, datt Journalisten oppen iwwer hir Theme beriichte sollte kënnen an dat ouni sech a Gefor ze bréngen, oder souguer dofir bestrooft ze ginn. Dorop soll dëse speziellen Dag opmierksam maachen. Mee Theorie ass bekanntlech méi einfach wéi d’Praxis. Et kënnt nawell dacks vir, datt Journalist*innen ugegraff ginn, zemools an de soziale Medie ginn si uerdentlech zur Sau gemaach. Ma, wa Journalist*innen esou bedrängt ginn, huet dëst Auswierkungen op hier Aarbecht, si sinn net méi mat Häerz a Verstand dobäi.

De Beruff muss besser geschützt ginn!

Dat ass zemools an der Coronaviruskris ze gesinn – Journalist*innen wou déi neiste Mesure vun der Regierung an/oder d‘Meenunge vun den Experte verëffentlechen, ginn als Handlaanger verkläert wann dat ervirbruechten net déi eege Meenung trëfft. Et ass awer nu emol d‘Missioun, ze beriichte wat déi soen, esou wéi och dat verbréifte Recht ass, kritesch domadder ëmzegoen a Meenungen hei ze hannerfroen.

Leider ass dat net iwwerall sou op der Welt. A China verschwanne mol gäre Journalisten, wann si et mat der Wourecht ze genau huelen, och a Brasilien geet d’Regierung géint Kritiker vir. Esouguer ganz Sendungen oder Texter verschwannen, wéi wann et se ni gi wier. An dat nennt een da wuel Zensur. Wann dat de Fall ass, ass d’Pressefräiheet eeschthaft a Gefor.

Pressefräiheet gouf iwwerall ageschränkt, de Coronavirus gëtt als Virwand benotzt, fir Journalist*innen anzeschränken an ze ënnerdrécken. Et geet souguer sou wäit, datt couragéiert Journalist*innen agespaart a gequäält ginn – an dat nëmme well si sech der Wourecht verschriwwen hunn. Ma da ass, méi einfach gesot, wéi gemaach.

De Ranking vu Reporter ouni Grenze beseet, datt Lëtzebuerg vun der 17. op déi 20. Plaz gefall ass. Am beschte kommen och dëst Joer nees déi skandinavesch Länner, sou wéi ewech Norwegen ewech. Ganz ënnen a Saache Pressefräiheet stinn Nordkorea an Eritrea. An dat wonnert wuel leider keen…

Illustratioun: Thomas Wolter / pixabay

Annexe

Wat déi vereenten Natiounen zum 30. Anniversaire vun der Windhoek-Deklaratioun ze soen hunn

Related topics internationalen Dag vun der Pressefräiheet, Medien, Onlineplattform, Radio, Tëlee, Zeitung
Next post Previous post