Search

You may also like

Nashville am Noutstand
Neiegkeeten

Nashville am Noutstand

No der Explosioun vun engem Camper zu Nashville ass de

Wat gëtt et am August Neies op Netflix ze gesinn?
Neiegkeeten

Wat gëtt et am August Neies op Netflix ze gesinn?

Si mer eis mol éierlech: Et gëtt ni ze vill

Saison 20/21: De Kinneksbond iwwerzeegt mat Kreativitéit a Solidaritéit
Neiegkeeten

Saison 20/21: De Kinneksbond iwwerzeegt mat Kreativitéit a Solidaritéit

Fir déi nei Saison 20/21 huet de Mamer Kulturzentrum Kinneksbond

Sexuell Gesondheet: Am Interview mam CESAS

Sexuell Gesondheet: Am Interview mam CESAS

Um haitegen internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet hu mir emol beim CESAS, dem nationale Referenzzentrum fir d’Fërderung vun der affektiver a sexueller Gesondheet nogefrot, wat genee hir Associatioun mécht a wéi een am Beräich vun der sexueller Gesondheet virbeuge kann.

Sinn dëst Joer Aktioune vun Iech geplangt? (Activités programmées en 2020)

No enger Covid-bedéngter Paus (wéi aner Strukturen och) preparéiert de Cesas fir d’Rentrée eng Rei Aktivitéiten, z.B.:

  • eng Formatioun fir Leit, di an der Betreiung vu klenge Kanner schaffen (19./20. Oktober, Webinaire)
  • de Podcast Méi Wéi Sex leeft mat enger 3. Staffel un (www.sexpodcast.lu)
  • eng nei, 3. Oplag vun engem Repertoire vu Strukturen, Servicer, Organisatiounen an Institutiounen, di an deene verschiddene Beräicher an vun der affektiver a Saache sexueller Gesondheet zu Lëtzebuerg aktiv si wäert geschwënn erauskommen; iwwer Geolokalisatioun gëtt de Leit d’Opsichen an den Accès vun deenen eenzele Strukturen  Servicer vereinfacht
  • eng Konferenz zum Thema Hypersexualitéit ass geplangt
  • den Cesas preparéiert fir d‘2. eng ganz Woch zur affektiven an sexuelle Gesondheet, di am Dezember stattfanne wäert.

Enn September gi méi Detailer presentéiert.

Firwat genee ass Är Associatioun do? (raison d’être et mission de votre association)

Den Cesas ass keng asbl, mä ass dem Planning familial ugegliddert a schafft am Optrag vu 4 Ministären: dem vun der Gesondheet, vun de Famillen an der Groussregioun, vun der Educatioun nationalen, Jugend a Kanner souwéi deem vun der Egalitéit tëschent Fraen a Männer. De Cesas ass mam 1. Aktiounsplang zur Affektiven  Sexuelle Gesondheet an d’Liewe geruff ginn an huet als Missioun, an der Ëmsetzung vum elo 2. Aktiounsplang SAS bäizedroen.

Dat maache mir duerch Sensibiliséierung, Informatiounsaarbecht, Weiderbildungsofferen, duerch Vernetzung vun den Acteuren, di op eenzelen Theme schaffen, di mat der SAS ze dinn hunn. Mir hunn als Optrag eng neutral Informatioun zur Verfügung ze stellen an eng ganzheetlech Approche vun der SAS ze promouvéieren. Dowéinst viséiert eis Aarbecht och déi verschidden Zilgruppen a mir ënnerstëtzen aner Partner an hirer Aarbecht.

Sexuell Gesondheet – ewéi kann ee virbeugen? (santé sexuelle – comment faire de la prévention?)

Affektiv an sexuell Gesondheet zielt op kierperlecht, psychescht, emotional, mental an gesellschaftlecht Wuelbefannen am Beräich vun der Sexualitéit of, ass also vill méi wéi nëmmen keng Krankheeten, Dysfonctionnementer oder Schwächten ze hunn. Et ass e positiivt, keen Defizitkonzept.

Den Cesas sensibiliséiert a promouvéiert des Siicht op d’Sexualitéit, di vun der Weltgesondheetsorganisatioun kënnt. Den Cesas mécht däitlech, dat all Mënsch sexuell an reproduktiv Rechter huet an forméiert Professioneller zu dësem Usaz.

Preventiounsaarbecht beinhalt dowéinst vir d’éischt emol iwwerhaapt den eegene Kierper ze kennen, seng Besoinen a Wënsch ze gesinn an z‘akzeptéieren, Grenzen fir sech ze definéieren an si och vun aneren respektéiert ze kréien.

Präventioun bedeit och Wëssen ze kréien iwwer Servicer vun der SAS an Zougank zu hinnen, z.B. Verhütung, Hëllef fir Affer vu sexueller Gewalt…

Och dofir ze suergen, dat am Ëmgang mat Mënschen déi Professionell eng Haltung hunn, di d’Recht op eng affektiv an sexuell Gesondheet respektéiert.

Unzeechen vun enger Krankheet – wat maachen? (symptomes d’une maladie)

Den Cesas ass kee medezineschen Zentrum, medezinesch Avisen ze ginn ass net eis Missioun a net eis Kompetenz. Mir informéieren iwwer resp.  verweisen op di Spezialisten, déi et an der Matière gëtt, wie z.B. HIV-Berodung vum Roude Kräiz, de Planning familial, Spideeler etc.

All Persoun mat Froen oder Symptomer kann sech och un de Generalist/in wenden, well ee vun enger Vertrauensrelatioun tëschent him/hier an dem/der Patienten/in ausgoe kann.

Mä nach eng Kéier, et geet bei der SAS ëm vill méi wéi „krank/net krank ze sinn un de Geschlechtsorganer“ mä ëm eng de Mënsch an senger Ganzheet betreffend Wuelbefannen mat Bezuch op Sexualitéit.

Opmaacherbild: © Richard Jaimes / Unsplash

Related topics affektiv Gesondheet, Berodung, CESAS, Informatioun, Interview, SAS, Sensibiliséierung, Sexuell Gesondheet, sexuell iwwerdrobar Krankheeten, Spezialisten
Next post Previous post