Interview mam Christopher Paolini

De Christopher Paolini ass am Joer 1983 a Kalifornien gebuer. Mat der Eragon-Serie huet hien eng Rei Bestseller geschriwwen, déi weltwäit 35 Millioune mol verkaf goufen.

D’Redaktioun huet him e puer Froe gestallt.

Kënnt Dir eis méi driwwer erzielen, wéi Dir e Schrëftsteller wollt ginn?
Ech hunn als Kand – an och elo nach ëmmer gäre gelies. Ech verbréngen enorm Zäit domat Bicher ze liesen, ze dreemen an och soss verschidde Liewen op ënnerschiddleche Plazen ze liewen. Et war déi perfekte Virbereedung op d’Schrëftstellerei.

Ewéi ech mat 15 d’Highschool ofgeschloss hat – ech gouf doheem ënnerricht, dofir war ech éischter fäerdeg, hunn ech eppes misse mat mir ufänken, well ech net an der Schoul war, kee Job hat an déi nächst Stad 30 Minutten ewech war (ech sinn net gefuer). Ausserdeem gouf et dat Internet nach net esou wéi haut, also waren d’Méiglechkeete begrenzt.

Also hunn ech entschloss, eng Geschicht ze schreiwen, déi ech selwer gäre géing liesen. Dës Geschicht ass Eragon ginn. D’Schreiwen an d’Verëffentleche vun dësem Roman (an deenen dono), hunn mäi Liewe komplett verännert. Ech hätt ni erwaart ee professionellen Auteur ze ginn, mee ech schätzen mech glécklech, datt ech Geschichten erziele kann, fir mäin Liewensënnerhalt ze verdéngen. Nodeems ech den Epos ofgeschloss hat, wollt ech eppes komplett aneschter schreiwen – e risege Science-Fiction Roman mat Ausserierdescher an enger couragéierter Heldin, déi d’Mënschheet rette konnt. Dëst Buch ass Infinitum.

War et schwéier fir dat éischt Buch ee Verlag ze fannen?
Jo an nee. No villen Diskussiounen hu meng Famill an ech 2002 decidéiert, Eragon am Selbstverlag ze verëffentlechen. Ech hunn déi meeschten Zäit verbruecht, ronderëm ze reesen an a Schoulen, Bibliothéiken a Bicherbutteker ze liesen. Schliisslech ass ee grousse Verlag op mech opmierksam ginn – si hu mech mat der Offer kontaktéiert, d’Serie ze kafen. Et war also vill Aarbecht a ganz vill Gléck.

Kënnt Dir Literatur an dräi Wierder beschreiwen?
Inspiréierend, numinos, provozéierend.

Gëtt et ee Buch, wat Dir ni liese géingt? Firwat?
All Buch, wat ouni Grond Grausamkeet enthält. D’Liewen ass haart genuch, ouni Saachen ze liesen, déi et nach méi schlëmm maachen.

Wat ass Äert Liblingsbuch?
Ze vill fir mir eent erauszesichen, mee ech hunn « Dune » vum Frank Herbert, « Anna Karenina » vum Leo Tolstoi an nach vill anerer gär.

Wat ass Äre gréissten Albdram?
Geléifte Persoune verléieren.

Déi bescht Entscheedung vun Ärem Liewen?
Eragon ze schreiwen.

Kënnt Dir eis eng Geschicht an 10 Wierder schreiwen?
« Wat kéint scho schifgoen? »
Schléi.
Schiet op der Sonn.
 » … Laf! »

Dernières nouvelles