Search

You may also like

A wou komme mir dann hir?
Kultur Neiegkeeten Stories

A wou komme mir dann hir?

Zanter längerem ass gewosst, datt Migrante bei eis am Land

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un
Kultur Neiegkeeten Stories

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un

Si hu geziddert, geléiert a geschweesst. A vir déi meescht

surprise
Si nennen et Flüchtlingslager
Kultur Neiegkeeten Stories

Si nennen et Flüchtlingslager

Pickegen Drot, Zougangskontrollen an Ausgangsspären… et ass eng interessant Approche

Interview mam Petra Hammesfahr: „Den Duerchbroch hat ech mat enger Kuerzgeschicht am Playboy“

Interview mam Petra Hammesfahr: „Den Duerchbroch hat ech mat enger Kuerzgeschicht am Playboy“

Nieft der Buchpresentatioun vum Petra Hammesfahr hirem Wierk „Das Mädchen Jannie“, fannt Dir hei den Interview mat der Autorin. Dobäi erzielt déi 70 järeg Schrëftstellerin méi doriwwer, wéi hir Geschichten entstinn, wéi si mat Kritik ëmgeet a wat si vun Ieselsoueren hält.

Wéini hutt Dir gemierkt, datt Dir en Talent zum Schreiwen hutt?
Ech hunn mat véier Joer ugefaange Geschichten ze erzielen an domat dacks fir Opreegung gesuergt – zemools an der Noperschaft. Ma et ass e groussen Ënnerscheed tëscht Erzielen a Schreiwen. Sou schreiwen, datt et sech fir de Lieser lount, d’Buch ze kafen, ass e Prozess.

Wéi huet sech Äert Liewen no den éischte Verëffentlechunge verännert?
Guer net. Bei den éischte Verëffentlechungen huet et sech just ëm Kuerzgeschichten a Romanauszich aus Anthologië gehandelt, déi si just a gerénger Stéckzuel verkaaft ginn. Den Duerchbroch hat ech mat enger Kuerzgeschicht am Playboy.

War et schwéier fir dat éischt Buch e Verlag ze fannen?
Dat kann e wuel soen. Ech hunn vun 1980 bis 1989 siwe Romaner ofgeschloss an 159 Ofsoen dofir kritt. Zwee Romaner waren hallef fäerdeg. Ech konnt se net fäerdeg schreiwen, well ech net wousst, wéi engem Verlag ech nach e Manuskript ubidde sollt. Dobäi huet et sech ëm „Das Geheimnis der Puppe“ an „Der stille Herr Genardy” gehandelt. Ënnert den ofgeleente Bicher war „Der gläserne Himmel“, no senger Verëffentlechung krut en 1995 den Literaturpräis.

Wat ass dee schwéierste Moment – den éischte Saz oder de leschte Saz ze schreiwen?
Den éischte Saz muss vum selwe kommen, soss brauch ech net unzefänken. An der Reegel hunn ech domat awer keen Problem, éischt Sätz komme souguer, wann ech se guer net gebrauche kann an nach keng Anung hunn, wéi et dono weidergoe soll. Wann ech e Saz schreiwen, ergëtt sech de Rescht vum selwen.

Wéi laang dauert et vun der Iddi bis zum fäerdege Produkt?
Dat ass ënnerschiddlech, d’Iddi zu der Sünderin hunn ech sechs Joer mat mir ronderëm gedroen. „Die Mutter“ koum mir owes beim Zännwäschen. Ech hunn dem Vera Zardiss nëmmen nogelauschtert a matgeschriwwen.

Schreift Dir mat der Hand, der Schreifmaschinn oder dem Computer? Wéi däerf een sech Är Aarbechtsplaz virstellen?
Mäin Aarbechtszëmmer gesäit aus wéi e Büro an ass och sou ageriicht. Ech schaffen um Computer, maachen awer dacks Notize mat der Hand oder notzen den Handy als Diktéiermaschinn.

Wat haalt Dir vun Ieselsoueren an de Bicher?
Firwat ginn et Lieszeechen? Et muss een e Buch net verhonzen.

Huelt Dir Iech d’Kritiken zu Häerz?
Berechtegt Kritik sollt sech jiddwereen zu Häerz huelen. Ier ech e Manuskript un e Verlag schécken, loossen ech et vu menger strengster Kritikerin liesen – dat ass meng jéngsten Duechter. An noutfalls schreiwen ech de Roman dann och komplett ëm.

Wat ass d’Geräisch/de Geroch vun Ärer Kandheet?
D’Motorrad vu mengem Papp.

Wéi een Kandheetsdram hutt Dir Iech nach net erfëllt?
Ech hat als Kand nëmmen een Dram, ech wollt Bicher schreiwen. Deen hunn ech mir bis elo 36 Mol erfëllt – an ech erfëllen en gläich nach eemol.

Wann Dir mat engem Fangerschnëpsen eppes ännere kéint – wat wär et? A firwat?
Ech wéilt gären erëm sou gutt wéi a menger Jugend gesinn. De Rescht ka bleiwen, wéi et ass.

Wéi eng Figur aus engem Roman oder engem Film géing Dir gär treffen – a wat géint Dir him soen?
Do muss ech oppassen. An de Filmer oder Romaner triede seele Persounen op, deenen ech begéine wéilt.

Hutt Dir e Liblingsbuch?
„Das Mädchen auf der Schaukel“ vum Richard Adams

Déi beschten Entscheedung vun Ärem Liewe war?
Mäi Mann ze bestueden.

Wéini kënnen d’Lieser mam nächste Roman rechnen?
Dat hänkt dovunner of, wéi séier de Verlag ass. Geliwwert hunn ech.

Opmaacherfoto: Riets der Auteurin hir Wierker, och an aner Sproochen iwwersat © Petra Hammesfahr/Facebook, lénks d’Petra Hammesfahr © Wilfried Hammesfahr

Related topics Berechtegt Kritik, Interview, Kuerzgeschichten, Ofsoen, Opreegung, Petra Hammesfahr, Playboy
Next post Previous post