Search

You may also like

Mallorca am Touriste-Féiwer
Kultur Neiegkeeten Stories

Mallorca am Touriste-Féiwer

Zousätzlech Flich trotz stramme Covid19-Reegelen: d‘Vakanzeninsel rechent zu Ouschtere mat

Weider Lackerungen ab dem 12. Juni?
Kultur Neiegkeeten Stories

Weider Lackerungen ab dem 12. Juni?

Allerdéngs huet eisen aktuelle System esou seng Gebriechen. Kaum ee

Keng Filmstudioen an der Gebuertsstad vum Andy Bausch
Kultur Neiegkeeten Stories

Keng Filmstudioen an der Gebuertsstad vum Andy Bausch

Wann sech déi industriell Friche „Neischmelz“ zu Diddeleng, der Gebuertsstad

Interview mam Tim Lebbon: Mam Hellboy op d’Party!

Interview mam Tim Lebbon: Mam Hellboy op d’Party!

No der Buchpresentatioun vun „The Silence“ huet et eis an de Fanger gekribbelt, den Auteur Tim Lebbon e bësse méi kennenzeléieren. Mat enger kuerzer Geschicht aus zwee Sätz packt et den Auteur, deen 1969 zu London op d’Welt komm ass, eis bei dësem Interview d’Schudderen anzedreiwen.

Kënnt Dir eis e bësse méi driwwer erzielen, wéi Dir Auteur gi sidd?
Ech schreiwen zënter menger Kandheet, ech hunn ëmmer gäre Geschichte geschriwwen an ech hunn wärend menger Teenagerzäit verschidde Romanen ugefaangen an net fäerdeg geschriwwen. A menge fréiere Joren hunn ech Kuerzgeschichten a klengen Zäitschrëften verëffentlecht. An menge spéide zwanzeger Jore gouf mäin éischte Roman Mesmer verëffentlecht. Mat drësseg Joer hunn ech meng Aarbecht gekënnegt fir mech op d’Schreiwen ze konzentréieren.

An zanterdeem liewen ech dovunner, natierlech mat Héichten an Déiften. Ech hunn haart geschafft a war beemol um luesem Wee e professionellen Auteur ze ginn. Ech hunn net nëmme mäi Bescht ginn, ech wollt nach besser sinn. An d’Léift zu der Schrëft an de Geschichten, huet mech um Liewen erhalen.

War et schwéier fir dat éischt Buch e Verlag ze fannen?
Nee, et war erstaunlecherweis einfach. Dat war awer net ëmmer esou. Et war e klenge Verlag, an ech war grad mam Mesmer fäerdeg, wéi si zur Areechung vu Beiträg opgeruff hunn. Perfekten Timing, kann e wuel soen.

Gëtt et e Buch wat Dir ni liese géingt? Firwat?
Ech denken net – ech muss d’Buch liesen, fir ze wëssen ob ech et nach eemol wäert liesen.

Wat ass Äert Liblingsbuch?
The Stand King vum Stephen King huet mech zimmlech matgeholl.

Liblingszitat?
Wann Dir gleeft datt Dir eppes maache kënnt oder gleeft, datt Dir et net kënnt, hutt Dir warscheinlech Recht.

EBooks oder Pabeierprint?
Meeschtens Pabeier, awer ech liesen ëmmer méi Kindlebicher. Dat hänkt dorunner of.

Wat inspiréiert Iech?
D’Léift zum Schreiwen a Geschichten ze erzielen. D’Wonner vun der Natur. An d’Noutwennegkeet Geld ze verdéngen, fir mäi Liewensënnerhalt ze finanzéieren.

Stellt Iech vir datt Dir d’Méiglechkeet hätt e Buch- oder Filmcharakter am richtege Liewen ze treffen. Wat géint Dir him zielen?
Mam Hellboy hätt ech bestëmmt Spaass op enger Party!

Déi beschten Entscheedung am Liewe war…?
Meng Aarbecht ze verloosse fir Vollzäit ze schreiwen.

Kënnt Dir eis eng kleng Geschicht an e puer Wierder schreiwen?
Hie waart nach ëmmer op hatt. An dat obwuel hien am leschte Joer verstuerwen ass.

Related topics Auteur, Hellboy, Interview, The Silence, Tim Lebbon
Next post Previous post