#ForNature – T’ass Weltëmweltdag!
Et ass Zäit ze erwächen, ze handelen a sech fir
Et ass Zäit ze erwächen, ze handelen a sech fir
Honnertdausende Katalanen hunn e Sonndeg zu Barcelona géint d‘Haft vun
Am Kader vum Tour de Luxembourg vum 15. bis den
E Samschdeg de 15. Juni fënnt um Knuedler, déi 10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“ statt. Organiséiert gëtt d‘Jubiläumseditioun vum Service „Jeunesse et Intervention Sociale“ vun der Stad Lëtzebuerg, an enker Zesummenaarbecht mam Luxembourg City Office (LCTO).
Dëse Festival stécht besonnesch ervir, well et hei net ëm Wettkampf geet, mee ganz kloer ëm d‘Valorisatioun vun den ënnerschiddlechen déi dem urbane Milieu entstamen, wéi beispillsweis den Hip Hop, Break Dance a villes méi. An esou jonk wéi een dës „kulturell Aktivitéit“ kéint aschätzen ass se beileiwen net. Villes fënnt säin Ursprong an den 80er Joren…
Flott sinn déi Aktivitéiten an Zousproch bei de jonke Leit fannen se och. Mam Festival sollen déi Jonk, wou als Grupp, oder am Kontext vun enger Jugendhaus-Aktivitéit d‘Geleeënheet gebuede kréien, hir Choreographien op enger Bühn a virun engem méiglechst „motivéierte“ Publikum ze presentéieren. Ugesiichts de Performance vun de leschte Joren, sollt sech dat maache loossen.
Wien elo Interessi huet hei mat ze maachen, dee sollt sech bis Méindes den 1. Abrëll per e-Mail un: dschintgen@vdl.lu oder dsachsen@vdl.lu mellen. Zu dësem Zweck sollt ee sech de Formulaire fir d‘Aschreiwung nach eroflueden, dat mécht alles méi einfach
Foto: © Sven Becker/Stad Lëtzebuerg