Search

You may also like

money
Bankfraisen: ULC-Petitioun iwwerzeegt de Krautmaart
International Neiegkeeten

Bankfraisen: ULC-Petitioun iwwerzeegt de Krautmaart

Si hu verhandelt, du gestridden am um Enn ass der

Brexit: dat ass de rengste Chaos
International Neiegkeeten

Brexit: dat ass de rengste Chaos

Déi britesch Premierministesch, Theresa May, huet e Méindeg den Deputéierten

What the Fakt – Alles fir d’Kaz um Internationale Kazendag?
International Neiegkeeten

What the Fakt – Alles fir d’Kaz um Internationale Kazendag?

Alles muusseg oder wat? Um haitegen Internationale Kazendag dréit sech

Inuit Ataqatigiit gewënnt virgezunnen Neiwalen a Grönland

Inuit Ataqatigiit gewënnt virgezunnen Neiwalen a Grönland

Déi lénk Oppositiounspartei Inuit Ataqatigiit (IA) huet an der Stéchwal iwwert en Drëttel vun de Stëmmen zougesprach kritt a gëtt stäerkste Fraktioun am Parlament vu Grönland. D‘Partei huet sech am Walkampf kloer kéint ee Biergbau-Projet zur Fërderung vu seelenen Äerden agesat.

Nodeems d‘Stëmmen ausgezielt waren an d‘Resultater bestätegt waren, ass Inuit Ataqatigiit mat 37% als stäerkste politesch Kraaft, virun der regéierender Siumut-Partei (Sozialisten) aus de Walen ervirgaangen. D‘Siumut-Partei ka sech mat 29% op der zweeter Plaz halen. Déi hunn dem politesche Géigner zur gewonnener Wal gratuléiert, a bidden sech als Koalitiounspartner un.

Fir de 34 järegen IA-President Múte Bourup Egede heescht et elo virsiichteg ze sinn. Alles an allem gëtt et 31 Mandater fir d‘Parlament (Inatsisartut), d‘Majoritéit läit folgerichteg bei 16 Sëtzer. Firwat muss Inuit Ataqatigiit bei der Partnerwal oppassen? D‘Äntwert läit am Grond deen zu Neiwale gefouert huet. Déi virecht Regierungskoalitioun war um Sträit tëscht dem Kim Kielsen an dem Eric Jensen zerbrach: en interne Muechtkampf an en ëmstriddene Biergbau-Projet de Grond vum Sträit.

Dës Wale goufen awer net nëmme vun de Bierger mat Spannung verfollegt, och déi international am Biergbau aktiv Konzerner, hu sech dës Kéier iwwer Mooss fir d‘Walen interesséiert. Si haten sech am Kontext vum Biergbau-Komplex zu Kvanefjield (dat ass am Süde vun der Insel geleeën, grouss Virkomme vu seelenen Äerden sinn hei gelagert) ee risege Profit erhofft, an dat esou eppes.

Insel steet net zum Verkaf

Wann et elo richteg ass, datt vill Awunner de Biergbau als ee vun de Weeër an d‘Onofhängegkeet gesinn, esou ass de Leit och bewosst, datt de Schued un Natur an Ëmwelt mat kengem Geld vun der Welt ze behiewen oder auszegläichen ass. Zudeem ass gewosst, datt déi 56.000 Awunner vu Grönland, kaum bis guer net vun de Konzerner berécksiichtegt ginn, déi den Ament just stéieren.

Schonn de 45. US-President hat 2019 den Dänen ugebueden, d‘Insel an der Arktis géint eppes Geld ofzekafen. Déi dänesch Regierungscheffin Mette Frederiksen hat dem misogynen Amerikaner eng Ofso ëm d‘Ouere geknallt, an dësen huet trotzeg ee Staatsbesuch ofgesot. Si hat erkannt, datt déi am Buedem virhande Ressourcen, un éischter Stell de Bierger, an net Konzerner gehéieren. Mat dëser Wal wäert et wichteg Changementer an der Rohstoff-Politik vun dëser autonomer Insel musse ginn.

Ausser den Amerikaner hunn awer och d‘Chinesen ee ganz groussen Honger no seelenen Äerden, a Peking huet widderholl Offerte virgeluecht, fir dat Wierk zu Kvanefjield ze bauen. Den Interessi ass duebel: nieft de seelenen Äerden, huet et hei och ee konsequent Opkomme vun natierlechem Uran. Dëse Rohstoff mécht ville Bierger vu Grönland grouss Suergen, an deels och berechtegt Angscht.

Onofhängegkeet gräifbar

Inuit Ataqatigiit setzt sech dann och nach fir d‘Onofhängegkeet vun Dänemark an, woubäi dat Land zënter längerer Zäit eigentlech nach just bei der Aussepolitik e Wuert matschwätzt. Et ass dann awer méi liicht dovunner ze schwätzen, wéi et ëmzesetzen. Esou eng „Onofhängegkeet“ wëll jo wuel och finanzéiert ginn. Dat géif eis dann nees bei déi seelen Äerden an de Schued fir d‘Natur féieren…

Déi bis zu de Wale virherrschend sozialdemokratesch Regierung war enk mat Dänemark verbonnen, wärend d‘Politiker vun der Inuit-Vollekspartei – déi fir déi meescht an den USA an a Kanada studéiert – eng méi lokal Politik wëllen, déi sech awer der globaler Politik net verschléisst. An dann huet Grönland och nach weider Ressourcen: de Fëschfank. Vill Mënschen an de Küstestied liewen dovunner, firwat zukünfteg déi vu Konzerner agesaten Trawler un d‘Kette solle geluecht ginn.

Fir d‘Onofhängegkeet, gëtt et an der Inatsisartut dann elo och eng zweedrëttel Majoritéit, an et gëtt schonn un enger neier Verfassung geschriwwen. Et wier realistesch dovunner auszegoen, datt d‘Insel bannent den nächste fënnef bis zéng Joer tatsächlech ganz onofhängeg kéint. Et huet zudeem keng Hiweiser, datt dëse Schratt sech negativ op d‘Bezéiung zu Dänemark auswierkt.

mat indymedia/cph

Illustratioun: Wéinst senge Buedemschätz vun internationale Konzerner begiert: Grönland. © Annie Sprat / unsplash

Related topics Buedemschätz, Fëschfank, Grönland, Inuit Ataqatigiit, Onofhängegkeet, seelen Äerden, Siumut, Walen
Next post Previous post