Search

You may also like

Poetry Slam de Lux’ 9: Am Bann vun de Wierder
International Neiegkeeten

Poetry Slam de Lux’ 9: Am Bann vun de Wierder

Et ass dat Event wat een net verpasse sollt! De

money
Den Diesel gëtt nees méi bëlleg
International Neiegkeeten

Den Diesel gëtt nees méi bëlleg

Diesel fir d‘Gefierer: 0,9444 (o.Tva) 1,105 (m.Tva) -0,025 Heizungsmasutt 10PPM

VDL: Iwwer 180 Sportscoursen am Hierscht a Wanter fir all Alter
International Neiegkeeten

VDL: Iwwer 180 Sportscoursen am Hierscht a Wanter fir all Alter

Déi nei Saison vu „Sport fir jiddwereen“ vun der Stad

InvestEU: Hin zu méi Investissementer fir d’Zukunft fir Europa

InvestEU: Hin zu méi Investissementer fir d’Zukunft fir Europa

D’Europaparlament huet um vergaangenen Donneschdeg een interinstitutionellen Accord mam Rot ugeholl zum Investissementsprogramm vun InvestEU. Mat engem Budget vun 38 Milliarden Euro soll de Programm eng europäesch Bankgarantie offréieren, déi esou den Accès op Kapital fir verschidde Projeten an der Zukunft méi einfach mëscht.

Och déi gréng hu fir dëse Rapport gestëmmt, obwuel sech verschidde Klauselen ze onschaarf am Hibléck op nohalteg Projeten erausstellen. D’Tilly Metz, als Porte-Parole vun de gréngen, gëtt un, datt de Beitrag vun de Gréngen decisiv war, fir esou deen Deel vum Budget vun InvestEU, den fir de Kampf géint de Klimawandel agesat gëtt, vu 50% op 55% eropzesetzen. Donieft hu si d’Versécherung kritt, datt all ausgewielte Projet eng detailléiert Analysen zum Klima-Impakt, mat Iwwerpréiwung vun der Kommissioun misst hunn.

„Ech begréissen d’Fortschrëtter, déi mat Transparenz verbonne sinn bei der Ëmsetzung vu Fongen an der Erhéijung vu Moyene bei der Berodungsplattform („Advisory Hub“), fir esou de PME’en ze hëllefen, hir staark Projeten ze entwéckelen.“

Trotzdeem bedauert d’Europadeputéiert, datt de Secteur vun der Ofwier, ënnert de wielbare Finanzsecteuren, déi de Programm InvestEU virschléit, mat abezu ginn. Och d’Projeten, déi mat fossillen Energien, den Autobunnen a Fluchhäfen am wielbare Secteur zesummenhänken, an trotz genereller Klausel zur Exklusioun mat dobäi sinn, gehéieren dozou. Dës Inkohärenz muss riichterlech ënnerbonne ginn.

„Europa muss staark Äntwerten zur den Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert liwweren. Ech hoffen op een Europa, dat sech resolut fir d’Schafung vun anstänneger Aarbecht, dem Schutz vun der Ëmwelt an eng europäesch Kompetitivitéit an den zukünftege Secteuren, sou wéi erneierbar Energien, d’Innovatioun vun de PME’en, energetesch Effikassitéit an den digitale Sputt asetzt. Esou sinn et nohalteg Projeten, déi zukünfteg Generatioune brauchen.“

Related topics Advisory Hub, déi gréng, Europaparlament, InvestEU, Tilly Metz
Next post Previous post