Search

You may also like

Den Trump erweidert d‘Douanestaxe géint China a randaléiert virum NATO-Sommet
Money Neiegkeeten

Den Trump erweidert d‘Douanestaxe géint China a randaléiert virum NATO-Sommet

D‘Trump-Administratioun hëlt den Handelskrich mat China eescht, an no der

Verkéierssécherheetscampagne „Moto 2021“
Money Neiegkeeten

Verkéierssécherheetscampagne „Moto 2021“

Zanter dem Optakt vun der „Biker-Saison“ am Fréijoer, gi bei

EU-Parquet ab dem 1. Juni zu Lëtzebuerg
Money Neiegkeeten

EU-Parquet ab dem 1. Juni zu Lëtzebuerg

Schonn 2017 war decidéiert, datt déi europäesch Staatsanwaltschaft hire Sëtz

money

30 Joer ALFI: Den Investissementsfongen zu Lëtzebuerg geet et gutt!

30 Joer ALFI: Den Investissementsfongen zu Lëtzebuerg geet et gutt!

Déi lëtzebuergesch Associatioun vun den Investissementsfongen zu Lëtzebuerg (ALFI) feiert 2018 säin 30. Anniversaire. Eng gutt Geleeënheet fir e kuerze Réckbléck, Bilan inklusive.

Esou stellt sech eraus, datt 2017 fir d‘Investissementsfongen e ganzt gutt Joer war. Mat engem Wuesstem vun iwwer 11% schéngt et fir déi Lëtzebuerger Investissementsfongen dann och kee richtege Grond ze kloe ginn.

D‘Denise Voss, Presidentin vun der ALFI, weist an dësem Kontext drop hin, datt de gréissten Deel vun dëser Hausse, dem „frësche Geld“ geschëlt ass, datt an déi lëtzebuergesch Investissementsfonge gefloss ass. De Wuesstem op de weltwäite Finanzmäert dierf een awer net ënnerschätzen.

D‘Vertrauen a Lëtzebuerg ass ongebrach

Festzehalen ass och, datt sech déi Fongen, déi sech zu Lëtzebuerg etabléiert hunn gutt presentéieren. Zu Lëtzebuerg ginn esou eng 4.000 Milliarden Euro geréiert. Fir d‘Presidentin vun der ALFI e klore Beweis, datt d‘Vertraue vun den Gestionnairen an den Investisseure gläichermoosse grouss ass.

Net ze vergiessen, datt eis Land de gréisste Fongen-Zentrum an Europa, an den zweeten op der Welt ass, direkt hannert den USA. Esou dierf een de Wuesstem vun den Aktiva déi ënner Gestioun sinn, mat enger Hausse vun 3 bis 4 Milliarden op dräi Joer, als spektakulär bezeechnen.

Interessant och, datt déi Lëtzebuerger Fongen, vun auslänneschen Investisseuren aus 70 Länner gehale ginn. Dat bestätegt engersäits d‘Vertrauen, an anersäits d‘Attraktivitéit vun der Finanzplaz Lëtzebuerg. E Businessmodell dee seng Friichten dréit, an eisem Land gutt zu Gesiicht steet.

Zouversiichtlech an d‘Zukunft kucken

D‘Presidentin vun der ALFI ass dann nach op déi ënnerschiddlech Produiten agaangen, déi sech besonnesch ervirgedoen hunn. E staarke Wuesstem vun den OPCVM, mee och d‘Steigerung vun den alternativen Investissementsfongen, erméiglechen en zouversiichtleche Bléck an d‘Zukunft.

Elo ass et zousätzlech eng gutt Nouvelle, datt 2018 vill nei Opportunitéite mat sech bréngt. Déi Fortschrëtter déi bei der Unioun vun de Kapitalmäert gemaach goufen, an de PEPP (Perséinlechen europäesche Pensiounsproduit) si fir Lëtzebuerg e „Glécksfall“.

Bei aller Zefriddenheet muss een awer och op d‘Erausfuerderungen agoen, déi op eis duerkommen. Esou d‘Reglementatioun. Hei ass d‘Missioun vun der ALFI kloer definéiert: d‘Reglementatioun muss am Interessi vum Gestionnaire an dem Investisseur gläichermoosse funktionéieren.

Sech op Changementer astellen

Hale mir zum Schluss nach fest, datt d‘ALFI den eenzege Representant vun der Industrie vun den Investissementsfongen ass. Der Associatioun ass et gelongen, Lëtzebuerg als spezialiséiert Heemecht an dëser Domän ze positionéieren. Dorunner soll sech och esoubal näischt änneren.

Wat d‘Zukunft betrëfft, esou huet sech d‘ALFI den Optrag ginn, senge Memberen all Hëllef ze bidden, déi noutwenneg ass, fir sech de Changementer unzepassen. Si wëlle sécherstellen, dat déi lëtzebuergesch Investissementsfongen hiert ganzt Potential ausspille kënnen.

Related topics ALFI, Bankplaz, Investissementsfongen, Investisseure
Next post Previous post