Search

You may also like

Coronavirustestflicht fir d‘Arees an Däitschland
Neiegkeeten

Coronavirustestflicht fir d‘Arees an Däitschland

Datt ee sech sollt teste loosse wann een aus der

Solidaritéitserklärung vun der KPL mat de Gewerkschaften aus dem edukativen a psycho-soziale Beräich
Neiegkeeten

Solidaritéitserklärung vun der KPL mat de Gewerkschaften aus dem edukativen a psycho-soziale Beräich

D’KPL begréisst d’Solidaritéit ënnert de Gewerkschaften (CGFP /SEW-OGBL) an hiren

Nom Feier zu Dikrech stellen sech Froen
Neiegkeeten

Nom Feier zu Dikrech stellen sech Froen

Wéi et derzou konnt kommen, datt déi al Brauerei an

Irak: Kampf ëm d’Alstad vu Mossul

Zivilisten als Schutzschëld benotzt

Irak: Kampf ëm d’Alstad vu Mossul

Am Krich géint den Islamesche Staat (IS) féieren déi irakesch Truppen zur Zäit ee schwéiere Kampf fir Mossul anzehuelen. Um Méindeg ass d’Arméi a Mossul agedrongen an huet d’Zivilisten opgeruff sech ze verschanzen an d’Dschihadisten opgefuerdert sech ze erginn.

Eenheete vu der Arméi, dem Konter-Terrorismus (CTS) an der Police sinn, zum Präis vun heftegsten Ausernanersetzunge mam IS „deen e fanatesche Widderstand leescht“, éischt Meter an déi al irakesch Stad eran. Sou den irakesche Generol Maan a-Sadi zur AFP. „Et ass déi geféierlechst Schluecht, wéinst der Konfiguratioun vun der Stad an der héijer Awunnerdichte.“

Eng ronn 100.00 Ziviliste ginn hei vum IS als „mënschlech Schutzschëld festgehalen“ mellt d’UNO. D’ONG’en suergt sech wéinst de Risk’en fir d’Awunner, deenen et un allem feelt.

Schwéiert Gelänner

Géintiwwer den Explosiounen an dem unhalende Beschoss bréngt sech de Kapitän Ahmed Jassem vum CTS um Stadrand a Sécherheet. „Mir kënnen eis Ween net an déi enk Gaassen eraloossen. ee d’Dschihadiste kënnen och keng Gefierer mat Sprengsätz géint eis asetzen. Si kënnen awer wuel mat Motoen an klenge Sprengsätz op ferngesteiert Spillsaachen zeréckgräifen“ seet hien.

Aacht Méint nodeems d’Offensive fir Mossul, déi zweet Stad vum Irak, ugefaangen huet, hat déi irakesch Arméi, ënnerstëtzt vun der internationaler Koalitioun, um Sonndeg de finalen Ugrëff ageleet. Mam anhuele vun der Alstad vu Mossul géifen d’Truppen déi ganz Metropol kontrolléieren. Si war am Juni 2014 dem IS an d’Hänn gefall.

Dräi franséisch Journalisten déi d’Spezialtruppe begleet hunn sinn béi der Explosioun vun enger Minn blesséiert ginn. „France Televisions“, déi de Journaliste-Pool fir déi ëffentlech franséisch Tëleeë koordinéiert, huet matgedeelt, datt deenen hire kurdesche Guide an ee vun de Journaliste verstuerwe sinn.

Ergitt iech oder stierft

Um Sonndegowend haten irakesch Helikopter eng hallef Millioun Trakten iwwert Mossul ofgeworf, an deenen se den Awunner d’Belagerung vun der Stad matgedeelt an de Ugrëff vun alle Säiten ugekënnegt hunn. „Bleift ewech vun den ëffentleche Plaze a notzt all Geleeënheet fir den irakeschen Truppen entgéint ze kommen, fir net als Schutzschëld benotzt ze ginn“, ass hei ze liesen.

Bei der grousser Moschee, ee Gebitt dat scho vun der Arméi kontrolléiert gëtt, sinn d’Awunner iwwer Hautparleur’en, déi op den Humvee’s montéiert goufen, informéiert ginn. „Déi irakesch Kräfte sinn um Punkt ärem Leed en Enn ze maachen. Den Osten an de Weste sinn geschwënn nees verreent“ esou de Message dee vun hei un d’Bierger adresséiert gëtt.

Un d’Dschihadiste just esou vill: „Ergitt iech oder stierft.“ De Generol Saadi sot, datt ee Kommandant vum CTS Positiounen am Quartier Farouq ageholl hunn. D’Dschihadiste blockéieren all d’Agäng zur Alstad, hunn Sprengsätz verdeelt an Haiser mat Sprengfale versinn. „D’Präsenz vun enger grousser Unzuel un Ziviliste begrenzen den Asaz vun der Artillerie an der Loftwaff“, esou de Generol.

Ze Spéit

Ee puer honnert Meter vun der Frontlinn ewech sëtzen Awunner virun hiren Haiser, oppene Geschäfter oder matten an de Ruinen.

Mat der Ënnerstëtzung vun der internationaler Koalitioun, haten déi irakesch Kampfverbänn de 17. Oktober 2016 d’Offensiv op Mossul ageleet. Nodeems se am Januar vun dësem Joer den orientaleschen Deel vun der Stad konnten eruewere, haten se am Februar d’Schluecht op de Weste vun der Stad lancéiert. Hei seet d’Arméi, datt se gutt 90% vum Gebitt ënner Kontroll huet.

D’ONG „International Rescue Committee“ warnt, datt d’Ziviliste viru ganz schrecklechen Zäiten stinn. „Save the Children“ ass besuergt iwwert d’Schicksal vu gutt 50.000 Kanner déi kaum eng Plaz hunn vir sech ze verstoppen oder fortzelafen an elo weder Waasser nach eppes z’Iessen hunn.

„Mir kréien Dosenden nei Patienten all Dag. Fir ville vu hinne war et einfach ze Spéit, se si gestuerwe wéi se ukomm sinn“, esou d’Ausso vum Julia Schürch, Dokter beim CICR (Internationale Comité vum Roude Kräiz) déi am Weste vu Mossul Stellung bezunn hunn. Eng Iwwersiicht iwwert d’Unzuel vun den Affer ënnert der Zivilbevëlkerung ass zur Zäit net méiglech, och wa verschidde Quelle vun honnerten Doudeger beriichten.

Den IS, deen op alle Fronten un Terrain verléiert – hien ass elo och d’Zil vun enger gréisserer Offensiv zu Raqa a Syrien – schéngt sech awer net wëlle geschloe ginn. Mat Uschléi a gräisslechen Attacken uechtert d’Welt féiert den IS säin abstrus-ideologesche Krich weider.

mam Marc Mojon/AFP

Related topics Irak, IS, Terrorismus
Next post Previous post