Search

You may also like

What the Fakt – Den éischten Timber “One Penny Black”!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischten Timber “One Penny Black”!

Mir schreiwen den haitegen Dag am Joer 1840. Bekannt ënnert

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!
International Neiegkeeten

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!

De Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer huet elo

E staark Benevolat am Naturschutz – Waasservullenzielung
International Neiegkeeten

E staark Benevolat am Naturschutz – Waasservullenzielung

Fir dës Editioun vum Videoprojet „E staark Benevolat am Naturschutz“

Irak: Protester géint d‘Regierung halen un

Irak: Protester géint d‘Regierung halen un

Ob et eleng d‘Wut iwwert eng korrupt Regierung ass oder net méiglecherweis och d‘Amerikaner nees hir Fangeren dra stiechen hunn, léisst sech kaum nach erausfannen. Offiziell wëll kee vun den Demonstrante mat den Amerikaner – déi net méi wierklech erwënscht sinn – identifizéiert ginn, mee d‘Land der Kontroll vun den Ajatollahen ze iwwerloossen ass och keng brauchbar Alternativ.

Irak

© Ali Bool

An esou sinn de Weekend iwwer nees honnerten Iraker zu Bagdad an am Süde vum Land (den Norde gëtt vun den Hezbollahmilizen an de Kurde kontrolléiert) op d‘Strooss gaangen an hunn sech mat der Police zerklappt. Et si Pneuen a Brand gestach, Stroossen a Brécke blockéiert ginn. Mat Steng a wat e soss an de Grapp gefall ass, hunn d‘Demonstranten d‘Polizisten ugegraff.

Déi hu sech mat Tréinegas, Knëppelen a Gummiskugelen zur wier, géint virun allem jonk Aktiviste gesat. Bei den Zesummestéiss sollen dann och eng 20 Persounen zu Schued komm sinn. Bei dësem Protest hunn d‘Demonstranten der Regierung en Ultimatum gesat, bis haut Méindeg den 20. Januar d‘Reformen ëmzesetzen: e neit Wahlgesetz, Neiwahlen an d‘Bestrofung vun der Korruptioun.

Irak

© Mustafa2812

Virun allem awer geet et elo och ëm de Récktrëtt vum Adel Abdel Mahdi, dem offizielle President vum Irak, deen, nodeems den Donald Trump eegemächteg entscheet huet internationaalt Recht ze briechen an den iranesche Generol Quassem Soleimani ëmbréngen ze loossen, vun den Auslänner verlaangt sech aus dem Irak zréckzezéien. D‘Europäer respektéieren dat, d‘Amerikaner awer net.

Si fuerdere bei der „feindséileger Opfuerderung vun der irakescher Regierung“ d‘Land verloossen ze mussen, Entschiedegungen a Milliardenhéicht a bedreeën den Irak mat Sanktiounen, vun deenen si behaapten, datt si nach eppes méi haart wäerte ginn, wéi déi wou si géint den Iran verhaangen hunn. Washington wëll dem schiitesche President lass ginn, firwat de Protest hinne geleeë kënnt.

mat indymedia/tlv

Foto: © Ayat

Related topics Irak, Iran, Korruptioun, Protest, Regierung, USA
Next post Previous post