Iran Between Times – Eng Sonnerausstellung am MNHA

Vum 26. November 2021 bis den 11. September 2022

Mam Alfred Seiland kënnt am Hierscht a bekannte Gesicht an den MNHA zeréck. No senger Ausstellung „Imperium Romanum“ (2014) presentéiert den Éisträicher dësen November dem Lëtzebuerger Publikum d’Première vu sengem neiste Projet „Iran Between Times“ (Iran tëscht den Zäiten).

D’Expo ëmfaasst eng Auswiel vun ëm 60 Fotografien, déi säit 2017 bei diverse Reesen an den Iran entstane sinn. Wéi scho fir säi viregte Projet spillt de Seiland och hei nees mam Wiesselspill tëscht Vergaangenheet a Géigewaart, an dem Verhältnis vun de Mënschen zu dësem Géigesaz.

Landschaftsbiller, déi déi komplex a räich Geschicht vum Land illustréieren, treffen op Momentopnamen vun onverfälschten Alldagssituatiounen.

Iran Between Times
© MNHA / Tom Lucas

Analog Groussbildopnamen, fir déi de Seiland bekannt ass, wiessele sech of mat méi spontane Mëttelformatkameraopnamen, woubäi déi eenheetlech visuell Sproch, wéi een se schonn aus „Imperium Romanum“ kennt, nees genotzt gouf.

De Fotograf fuerdert de Betruechter dozou op, dat an de westleche Medien oft duerch Virurteeler a Klischeeën gepräägte Bild vum ehemolege persesche Räich nei ze gesinn an dobäi gläichzäiteg déi grouss gesellschaftspolitesch Theemen vum haitegen Iran ze reflektéieren.

Am Kader vun der Ausstellung ass och e pedagogesche Programm mat Workshops, thematesche Féierungen an engem Virtragszyklus virgesinn. De Katalog gëtt et am Museumsshop, iwwert d’Online-Verkafsplattform www.mnha-shop.lu an an de Librairien.

Weider Informatiounen zu dëser Ausstellung ginn et op www.mnha.lu.

Dernières nouvelles