Search

You may also like

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?
International Neiegkeeten

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?

Ab dem 25. Mee trëtt de GDPR (General Data Protection

D’Sechswochemass fir de verstuerwene Groussherzog
International Neiegkeeten

D’Sechswochemass fir de verstuerwene Groussherzog

Wéi de groussherzoglechen Haff elo matgedeelt huet wäert d’Sechswochemass zu

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp
International Neiegkeeten

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp

Um haitege Mëtteg sinn de Buergermeeschter, wéi och dräi Schäffe

D‘Ajatollahe bauen Uran-Reserven aus

D‘Ajatollahe bauen Uran-Reserven aus

No den Erkenntnisser vun internationaler Atomagence IAEA, huet den Iran zanter November seng Uran-Reserven op ronn 3.000 Kilo ausgebaut. Dat ass däitlech méi, wéi et d‘Atomofkommes JCPA vum 4. Juli 2015 géif zouloossen, firwat och dovunner rieds ass, datt Teheran géint den Accord an déi doranner enthalen Texter verstéisst. Blöd hei: net d‘Ajatollahen hunn den Accord zerrappt.

Et ass wuel richteg, datt déi europäesch Signatairen a Russland sech géifen iwwert d‘Bäibehale vun den an dësem Accord vereenbaarte Reegele freeën, mee ausser d‘Iraner un der „laanger Hand erhéngere loossen“ hunn déi elo och näischt hikritt. Net een eenzegt vun de wirtschaftlechen an diplomatesche Verspriechen hunn d‘Europäer ëmgesat, well d‘USA si da sanktionéiert hätt.

Wann een déi reliéis verblennten Ajatollahen elo net muss leide kënnen an et sécherlech wichteg ass ze betounen, datt si wéi vill aner „Acteuren“ och näischt zum Weltfridde bäidroen (Lëtzebuerg mat senger Finanzplaz an Aussepolitik allerdéngs och net) esou kann et sech net ugoen, hinnen hei de Virworf ze maachen, si géife géint en Ofkommes verstoussen. Dësen ass de facto hifälleg…

An da sollt een emol nees drun erënneren, firwat et zu dësem Accord sengerzäit komm ass. 2015, ee gewëssene Barack Obama, seng europäesch Partner (Däitschland, Frankräich a Groussbritannien), Russland wollte verhënneren, datt den Iran seng Atomwaffeprogramm weiderféiert an huet mat den Ajatollahe verhandelt. Et goung rieds ëm d‘Ophiewe vu Sanktiounen an neien Handelsbezéiungen.

Zu allem hat sengerzäit positiv Aussoe ginn, et gouf wéi gewosst nees alles versprach, vun deem schonn deemools gewosst war, datt et sech net kéint ëmsetze loossen. An awer huet alles gutt Ugefaangen, de franséischer Pëtro-Konzern TOTAL an esouguer Renault hate schonn d‘Wallisse prett fir déi wirtschaftlech Relance mam Iran unzegoen. An du koum 2016 an den „Change“.

Eigentlech ee gudde Start

Dobäi war d‘Atomofkommes mam Iran dat bescht wat d‘Diplomatie zanter laangem hikritt huet. Et gouf sech op eng Uewergrenz vun niddreg ugeräichertem Uran verstännegt (200 Kg). Eng zivil Notzung vun der Atomenergie war also weider méiglech, och wann een et virgezunn hätt, wann d‘Iraner den atomare Brennstoff net selwer géifen hierstellen. Mee dat Grondsätzlecht war erreecht.

Et goung drëms de Bau vun der iranescher Atombomm ze verhënneren. Nodeems den Accord da vun den USA eesäiteg an ouni Récksiicht op déi aner Signatairen zerrappt gouf, hunn d‘Iraner nees hire Programm op de Leescht geholl, an dezent drop higewisen, datt et elo awer misst zügeg mat der Ëmsetzung vun den Handelsbezéiunge sollt virugoen. Zumindest wann den Accord wichteg ass.

D‘Amerikaner hunn nees Sanktioune géint den Iran a Kraaft gesat – wat besonnesch vun Israel a Saudiarabien begréisst gouf – an alle „Partner“ ze verstoe ginn, datt wann si sech net uschléissen, dat „entspriechend“ Konsequenzen hätt. Fir déi ze ëmgoen, huet d‘EU d‘Instrument „INSTEX“ (Instrument zur Ënnerstëtzung vun Handelsaktivitéiten) geschafen. Et war net eescht gemengt…

Et gëtt gemunkelt, datt säit der Grënnung vum System am Joer 2019, et een Tauschgeschäft sollt kënne ginn hunn. Wann also d‘Amerikaner ee Vertrag opkënnegen an d‘EU hir Zousoen net anhält (a wuel souwisou ni wëlles hat déi anzehalen), sollt een net ufänken ze behaapten, datt et „elo“ d‘Iraner sinn, déi géint d‘Atomofkommes verstoussen. Den Accord ass beschtefalls eng Referenz.

Berechtegt Suergen

D‘Atomagence IAEA ass dann elo awer besuergt, well Teheran keng Erklärung zum Ursprong vun den Uran-Partikel gëtt. Därer waren 2020 op zwou Plaze fonnt ginn. Och Informatiounen zu engem drëtten Uert, wou esou Partikel „opgetaucht sinn“, hunn d‘Iraner an 18 Méint net bereetgestallt. A firwat och? D‘Iraner si jo net d‘Befeelsempfänger vun den USA an der Europäescher Unioun.

An iwwerhaapt, eigentlech bréichten d‘Amerikaner – déi leider aussepolitesch un d‘Ausriichtung vun der saudescher Linn gebonne sinn, an déi gesinn am Iran den Äerzfeind – sech just nees zum genannten Atomofkommes bekennen, an esou d‘Wirtschaftssanktiounen ophiewen, fir datt déi iranesch Regierung sech nees un den Text hält. Woubäi d‘EU dann och muss hiert anhalen…

Mam „Neien“ zu Washington, kéint et méiglech sinn enger Léisung méi no ze kommen. De Joe Biden a seng Ekipp, hu jo signaliséiert „ënner Ëmstänn“ dem Accord nees bäizetrieden, dofir missten d‘Ajatollahen awer „gudde Wëlle“ weisen. Nee mussen se net, et waren net si déi den Dissens erbäigefouert hunn, an et wier elo emol un den USA sech un déi eege Verträg ze halen.

Datt d‘Iraner de Signataire generell net méi Vertrauen, huet natierlech Folgen. Esou huet gëschter den iraneschen Ausseminister Mohammed Dschawad Sarif erkläert: „déi iranesch Atomagence AEOI wäert zukünfteg net méi mat der IAEA am Kontext vum Zousazprotokoll, mee nëmmen nach op der Grondlag vum Atomwaffespärvertrag zesummeschaffen“. Esou kann een et och maachen…

Et heescht am offiziellen Text, datt wann d‘USA sollten zur Vernonft kommen an d‘Sanktioune sollten ophiewen, eng erweidert Kooperatioun mat der IAEA nees méiglech ass. Fir den Ament jiddefalls, sinn d‘Kontrollen am Iran maximal ageschränkt, esouguer d‘Videomaterial vun der IAEA soll konfiskéiert ginn. Dësen „Aktivismus“ gëllt dann elo emol fir dräi Méint, esou Teheran.

mat indymedia/tlv/gva

Illustratioun: wikimages

Related topics Ajatollahe, Atomagence, Atomwaffeprogramm, IAEA, Iran, Teheran, Uran
Next post Previous post