Search

You may also like

Et mäht um Kierchbierg – 300 Schof ginn duerch d’Stroossen!
International Neiegkeeten

Et mäht um Kierchbierg – 300 Schof ginn duerch d’Stroossen!

Ronn 300 Schof hu sech, a Begleedung vun engem professionellen

Nordkorea schéisst nees Rakéiten duerch d‘Géigend
International Neiegkeeten

Nordkorea schéisst nees Rakéiten duerch d‘Géigend

Et ass de nordkoreaneschen Etat-Major deen d‘Noriicht ausginn huet. Heiranner

Lëtzebuerger Webserie W. – Kann si hir Onschold beweisen?
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Webserie W. – Kann si hir Onschold beweisen?

Si erwächt, huet keng Erënnerung méi a muss hir Onschold

Iranesch Atombomm: Israel wëll Beweiser hunn an d‘USA gesinn sech bestätegt

Iranesch Atombomm: Israel wëll Beweiser hunn an d‘USA gesinn sech bestätegt

Déi vun Israel virgeluechte „Beweiser“ zu engem geheime Plang vum Iran, sech awer eng Atombomm zouzeleeën, splécken d‘Experte mee stëtzt d‘Thees vum amerikanesche Réckzuch aus dem historesche Vertrag vun 2015.

Um Méindeg hat de Benjamin „Bibi“ Netanyahu opgedeckt, dat wat hien als „e puer dausend Dokumenter“ beschriwwen huet, déi seng Spiounen erhalen hätten. Et wieren, verséchert den israelesche Premierminister „schlësseg Beweiser“ zur Existenz vun engem Programm, deen als „Amad“ bezeechent gëtt, an tëscht 1999 an 2003 entwéckelt gi wier. Dëse Programm wier wuel „ofgebrach“ mee ni „geschleeft“ ginn.

Wéi esou oft, hunn sech d‘Experten a veschidde Lager verdeelt. Do gëtt et déi virsiichteg wou um Nuklearofkommes festhalen, an déi aner wou iwwerzeegt sinn, an sech elo hannert d‘USA stellen. Esou kritt den Donald Trump weider Argumenter den Accord als lächerlech ofzestempelen, an et gëtt ëmmer méi wahrscheinlech, datt hien den 12. Mee dësen eesäiteg kënnege wäert.

„Mir woussten et schonn“ datt „den Iran zu sengem militäreschen Atomprogramm vu virun 2003 gelunn huet“, miniméiert de Grupp Diplomacy Works, dee vum fréieren US-Ausseminister John Kerry gegrënnt gi war, fir „säin „ Accord“ ze verdeedegen. Hien huet dann op Twitter gemengt, datt déi israelesch Dokumenter eng gutt Illustratioun dofir sinn, firwat de Grupp 5+1 (USA, Frankräich, Däitschland, Groussbritannien, Russland a China) de bestoenden Accord ausgehandelt hunn.

„D‘Bedreeung war reell a konnt mam Ofkommes gestoppt ginn“ an d‘Inspektiounen an d‘Kontroll duerch d‘IAEA huet gewisen datt et geet, esou den amerikaneschen Demokrat. Fir den Ali Vaez vun der International Crisis Group, waren d‘Informatiounen zum Programm „Amad“ bekannt a wiere an de Rapporte vun der IAEA schonn detailléiert ginn.

Dat gesäit d‘Foundation for Defence of Democraties, e konservative Grupp an „think tank“, dee géint den Accord vun 2015 militéiert, diametral anescht. Si begréissen déi „absolut eemoleg Dokumenter“ déi ouni méiglechem Widdersproch verdäitlechen, datt „den Iran och weiderhi beméit ass sech mat enger Atomwaff auszestafféieren, dat ënnert dem Virwand vun engem Ofkommes, dee net de Pabeier wäert ass op dem e gedréckt ass“, esou de Conseiller Richard Goldberg.

Wat soen d‘Signatairen zum ganzen?

Och hei gesäit éischter duerno aus, datt jiddereen sech a senger Positioun bestätegt fillt. D‘USA hu verständlecherweis hiert politescht Gewiicht ausgespillt, fir déi israelesch Demarche ze validéieren. Knapps datt de neien US-Ausseminister, Mike Pompeo, vun Tel-Aviv zréck war, huet hie behaapt, datt „d‘Dokumenter vum israelesche Geheimdéngscht echt an zum Deel nei wieren“.

De Mike Pompeo, deen nach bis viru kuerzem Chef vum CIA war, bréngt mat senger Ausso „Waasser op d‘Millen“ vum US-President. Dee gesäit op ganzer Linn bestätegt, an de schrecklechen Accord soll beschtefalls de Bau vun enger Atombomm verzögert hunn. Et wier dann och elo erwisen, datt een Teheran net kéint vertrauen. (Erënnere mir eis: am Irak haten d‘USA och scho Beweiser zu Massevernichtungswaffen, no deene gëtt haut nach gesicht).

Ouni sech zu den Dossiere selwer auszedrécken, hunn d‘Europäer versicht d‘Argument ëmzedréinen: „et ass grad well een Teheran net vertraue kann, datt een um Nuklearofkommes vun 2015 muss festhalen“. De franséischen Ambassadeur an den USA, Gérard Araud, stellt fest: „All Ofkommes baséiert op der Hypothees dat se léien! (…) déi vill Kontrollen déi am Accord festgehale goufen, beweise jo och datt mir kengem Trauen“.

Elo dierf een och d‘Opmierksamkeet op de „Kalenner“ leeden. Déi vun Israel gemaachten „Verëffentlechung“ vu „ganz neien“ Dokumenter passt emol ze gutt an den Timing vum Donald Trump, deen den Europäer eng Frist bis zum 12. Mee gesat huet, fir Léisungen ze fannen, déi den Accord vun 2015 verschäerfen. Soss géifen d‘USA hir Sanktiounen nees validéieren.

Vill Observateuren hunn allerdéngs esou hir Suerg, wat d‘Siicht vun Israel betrëfft. Israel, dat sech potentiell vum Iran bedreet gesäit (an offiziell keng Atombomm huet), huet e verständlechen Interêt dorunner, sech deenen Europäer an de Wee ze stellen, déi um Ofkommes festhalen. Mat senge Fotoen a Grafiken um grousse Schierm, huet sech de „Bibi“ un den US-President gewannt, vun deem gewosst ass, datt laang Berichter liesen net senges ass.

Wat mécht den Trump elo?

Bis ewell behaapt sech d‘US-Administratioun drop, datt den US-President nach keng Entscheedung getraff huet. Déi „zoufälleg“ opgetauchten nei Informatioune vum israelesche Geheimdéngscht, stëtzen dann awer nees dem Milliardär seng Usiichten am Kontext vum Accord. D‘Ofkommes hätt den iraneschen Atomwaffeprogramm net opgehalen, an de System mat deem den Accord sollt iwwerwaacht ginn, wie längst net esou efficace wéi gäre behaapt gëtt, esou Washington.

An op der Säit vun deenen, déi beméit sinn dësen Accord oprecht ze erhalen, klëmmt d‘Zuel vun deenen déi resignéieren. „Ech sinn iwwerzeegt, datt den Trump sech aus dësem Accord wäert zréckzéien. Ech sinn der Meenung, datt dat e Feeler ass, mee ech kann hien net ophalen“, schreift op Twitter den Dan Shapiro, US-Ambassadeur an Israel ënnert dem Barack Obama.

Ze bedaueren ass dann och, datt sech de franséische President, Emmanuel Macron, deen déi lescht Woch beim Donald Trump „op Besuch“ war, sech och „pessimistesch“ zum Nuklearofkommes ausgedréckt huet. Hien huet seng Propose vun engem „neien Accord“ mat Iran, iwwert dee vun 2015, als e Versuch verkläert „net an d‘Ongewëssheet ze geroden, falls déi amerikanesch Entscheedung eng dréche Sortie ass“.

mam Francesco Fontemaggi/AFP

Foto: Den israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu hält eng Ried am Verdeedegungsministère zu Tel-Aviv (30. Abrëll) a wëll unhand vun neien Dokumenter, déi seng Spiounen erhalen hunn, beweisen, datt den Iran säin Atomwaffeprogramm net opginn huet. De Mike Pompeo, fréiere CIA-Chef an haidegen US-Ausseminister, bestätegt datt d‘Informatiounen „echt“ sinn. © Jack Guez/AFP

Related topics Atomwaffen, Iran, Israel, USA
Next post Previous post