Search

You may also like

Divergenzen am UN-Sécherheetsrot
International Neiegkeeten

Divergenzen am UN-Sécherheetsrot

An engem Bréif un de President vum UN-Sécherheetsrot, hunn d‘UN-Ambassadeure

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun
International Neiegkeeten

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun

Fir de Match vum F91 Diddeleng géint AC Mailand am

Zu Hesper sinn der Gemeng ronn 3 Milliounen Euro abhande komm
International Neiegkeeten

Zu Hesper sinn der Gemeng ronn 3 Milliounen Euro abhande komm

Datt et dem CSV-Buergermeeschter vun Hesper, Marc Lies, den Ament

Iranesch Küstewaach beschlagnahmt op en Neits e Schëff an der Strooss vun Hormuz

Iranesch Küstewaach beschlagnahmt op en Neits e Schëff an der Strooss vun Hormuz

Am persesche Golf huet et bestänneg Schëffer déi illegal Ueleg a Gas an déi arabesch Golfstaate liwweren. Déi meescht kommen duerch, mee déi iranesch Küstewaach bleift opmierksam an kritt ëmmer nees Informatiounen déi zu „erfollegräichen“ Asätz féieren.

Laut den Informatioune vun den iraneschen Autoritéiten huet d‘Küstewaach, ënnerstëtzt vun de Revolutiounsgarden, e Schëff mat auslännescher Besatzung gestoppt. Dëst Schëff dat op der Héicht vum Hafe Sirik ugehale ginn ass, soll 280.000 Liter illegalen Diesel gebunkert hunn, esou d‘Ausso vum Chef vun der iranescher Küstewaach an der Provënz Hormusgan.

Et gouf keng Informatiounen zum Pavillon ënnert deem d‘Schëff ënnerwee ass, dofir ass gewosst datt d‘Besatzung aus 12 philippinnesche Staatsbierger zesummegestallt ass, déi bei dësem Asaz verhaft gi sinn. Déi ginn den Ament vun den zoustännegen Autoritéite verhéiert. Hinne gëtt de Virworf gemaach zu engem internationale Schmuggler-Réng ze gehéieren.

Datt den Iran seng „Aktivitéiten“ géint déi organiséiert Kriminalitéit an der Strooss vun Hormuz verstäerkt huet, ass awer an zesummenhang mam Dissens tëscht Teheran a Washington ze bréngen. D‘Opléisung vum Atomofkommes an déi sëlleche Sanktiounen déi d‘USA géint den Iran an méi speziell géint d‘Leader vum Regime verhaangen hunn, spillen eng Roll.

Et ass eng verwurrelt Situatioun. Washington hat d‘Briten ermontert en iranesche Supertanker ze kaperen, d‘Iraner hu sech de Schwedeschen Tanker Stena Impero gekroopt. Do dertëscht sinn déi eng oder aner Dron vum Himmel gefall, en US-Bundesgeriicht huet den Tanker Grace1 deen elo Adrian Darya1 heescht, zu amerikaneschem Eegentum deklaréiert.

Washington wëll d‘Ajatollahen un de Verhandlungsdësch zwénge fir en neien Atomvertrag auszeschaffen. Dat zumindest ass déi offiziell Versioun vu Washington. Faktesch awer geet et dem Donald Trump drëms de Regime ze stierzen. D‘Europäer a Russland déi de Vertrag matgedroen hunn halen awer un engem Accord fest dee kee Bestand méi huet.

Dësen Accord, wéi et d‘IAEA widderholl bestätegt huet, war bis zur eesäiteger Kënnegung vun den USA, vun den Iraner vollstänneg agehale ginn. D‘US-Interessen an d‘Allianz mat Saudiarabien – dem Äerzfeind vun Teheran – dierft ee vun den Ausléiser fir déi amerikanesch Decisioun gewiescht sinn. Teheran huet mëttlerweil säin Atomprogramm erëm opgeholl.

mat indymedia/tlv

Foto: © IRNA

Related topics Iran, Küstewaach, Revolutiounsgarden, Strooss vun Hormuz
Next post Previous post