Search

You may also like

Presidentekonferenz: D‘Enn vum Noutstand ass gräifbar
International Neiegkeeten

Presidentekonferenz: D‘Enn vum Noutstand ass gräifbar

No enger chargéierter Dagesuerdnung fir de Regierungsrot, hunn d‘Ministeren e

Best Of Rüdiger Hoffmann – Elo den 28. Oktober am Trifolion
International Neiegkeeten

Best Of Rüdiger Hoffmann – Elo den 28. Oktober am Trifolion

Verluecht op den 28. Oktober 2020. D’Ticketen behalen hir Validéit.

ULC: D’Präiserhéijung vum SNCT ass onverschimt!
International Neiegkeeten

ULC: D’Präiserhéijung vum SNCT ass onverschimt!

Vergaangene Freideg gouf bekannt gemaach, datt déi technesch Kontrollstatiounen am

Washington betruecht iranesche Supertanker als US-Eegentum

Washington betruecht iranesche Supertanker als US-Eegentum

Am Sträit tëscht den USA an dem Iran gëtt et nees Neies: de 16. August hat en Bundesgeriicht zu Washington den iranesche Supertanker Grace1 „beschlagnahmt“, deen d‘Briten op Nationalfeierdag (4. Juli) zu Gibraltar festgesat haten, dat ënnert dem Virwand den Tanker wéilt Ueleg no Syrien liwweren. E Geriicht zu Gibraltar hat d‘Schëff trotzdeem mussen „zéie loossen“.

Supertanker

Bis dohinner war aus der „Grace1“ de Supertanker „Adrian Darya1“ ginn, an dee wollt eigentlech a Richtung Griicheland weiderfueren, wat d‘Amerikaner gezwongen huet der Regierung vun Athen eng Warnung auszeschwätzen. Eng Warnung déi iwwregens fir jidderee gëllt, deen dësem Schëff op iergendeng Aart a Weis Ënnerstëtzung wéilt ubidden. Dobäi kënnen US-Sanktioune géint den Iran net an der EU ugewannt ginn. Och esou eppes wouriwwer een zu Washington net erfreet ass.

Supertanker

Elo, zwou Wochen nodeems aus der Grace1 d‘Adrian Darya1 ginn ass, huet Washington Sanktioune géint d‘Schëff a säi Kapitän verhaangen. Den US-Finanzministère: „Den Tanker gëtt entspriechend engem Antiterror-Dekret als beschlagnahmt Eegentum betruecht. Wien d‘Adrian Darya1 egal wéi eng Ënnerstëtzung ubitt, riskéiert och mat Sanktioune beluecht ze ginn“. Dat ass „däitlech“.

Interessant och, datt den US-Finanzministère sech drop behaapt, datt den iranesche Supertanker soll 2,1 Millioune Barrel Ueleg transportéiert hunn. Ueleg dee verkaf gi wier, a wou de Keefer elo géif entscheede wou e soll ofgeliwwert ginn. Washington behaapt sech weiderhin drop, datt den Erléis vun der Vente, un d‘Al-Kuds Eenheet vun de Revolutiounsgarde goe soll, déi dat Geld fir Terror an aner illegal Aktivitéite benotze géifen. Handfest Beweiser kann (oder wëll) een net virleeën.

SupertankerEt geet dann och net wierklech drëms ob déi vu Washington gemaachten Aussoe stëmmeg sinn oder net. D‘US-Regierung ass Souverän iwwert déi Entscheedungen déi si trëfft. Si stellt d‘Reegelen op an d‘Welt huet sech duerno ze riichten. Den US-President wëll d‘Iraner zu Verhandlungen zwéngen. Sanktiounen awer hu wéineg bruecht, a wien eng Waff op ee riicht, mat deem verhandelt ee net.

Bosseg ass och den Timing vum US-Finanzministère: Ufank August hunn d‘USA den iraneschen Ausseminister Dschawad Sarif op déi „schwaarz Lëscht“ gesat, wëll dësen Terrornetzwierker géif ënnerstëtzen an Desinformatiounscampagne géint d‘USA géif bedreiwen. Och de reliéise Leader, Ajatollah Ali Chamenei, ass entspriechend Sanktionéiert ginn. Beim G7 zu Biarritz war den Iraner als Iwwerraschungsgaascht opgetaucht, an et huet geheescht et kéint zu „Gespréicher“ kommen.

SupertankerWéi een sech sollt op „Aenhéicht“ begéinen, wann engem de Gespréichspartner bestänneg mat de Féiss géint d‘Schinnebeen trëppelt, ass net gewosst. Sécher ass dogéint, datt Washington net wëll datt den Iran Atomwaffe kritt, säi „ballistescht“ Arsenal ausbaut an d‘Regioun destabiliséiert. Fir dat ze verhënneren, gëtt dat saudescht Kinnekräich massiv mat US-Waffen ausstafféiert.

mat indymedia/nyc

Related topics Adrian Darya1, Iran, Sanktiounen, Supertanker Grace1, USA
Next post Previous post