Search

You may also like

Sexuelle Mëssbrauch: déi kathoulesch Kierch an Däitschland muss sech den Affer stellen
International Neiegkeeten

Sexuelle Mëssbrauch: déi kathoulesch Kierch an Däitschland muss sech den Affer stellen

Haut muss sech déi kathoulesch Kierch an Däitschland zum „sexuelle

Editorial: E Verfassungsrechtlech garantéiert Massaker
International Neiegkeeten

Editorial: E Verfassungsrechtlech garantéiert Massaker

Kann een an Amerika den „second amendment“ aus der Verfassung

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise
International Neiegkeeten

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise

Fir datt no der Beendegung vum Etat de Kris net

Uschlag op iraneschen Atomphysiker

Uschlag op iraneschen Atomphysiker

Op der Staatstëlee huet den iranesche Verdeedegungsministère ee Freideg matgedeelt: „Mir ginn heimatter de Märtyrerdoud vum Dokter Mohsen Fachrisadeh bekannt“. Laut dem offizielle Wuertlaut, war den héichrangegen Atomphysiker a Rakéitespezialist vun Terroristen an sengem Auto ugeschoss a blesséiert gi sinn. Hien ass am Spidol un de Folge vum Ugrëff verstuerwen.

Et heescht säitens den Autoritéite weider, datt den 63 järege Wëssenschaftler zu ab-Sard, engem Viruert ëstlech vun Teheran iwwerfall an ëmbruecht ginn ass. Den Dokter Mohsen Fachrisadeh, Expert am Beräich Rakéitebau war natierlech och en héichrangege Member vun den iranesche Revolutiounsgarden. Alles zesummen ass eng Ursaach, kengem natierlechen Doud ze stierwen.

Atomphysiker

Wärend déi iranesch Noriichtenagentur Fars mam Fanger a Richtung Israel weist, an ënnerstellt, datt Mossad & Cie zanter Joren en erhéichten Interessi un der Neutraliséierung vum Fachrisadeh haten, esou ginn dës „Interessen“ och vun den USA a Saudiarabien gedeelt. Eigentlech kann et eis egal sinn wien derhannert stécht. D‘Spannung geet regional nees an d‘Luucht an dat ass schlecht.

Et sollt ee am Hannerkapp behalen, datt d‘Ajatollahen nach ëmmer op Revanche aus sinn, well d‘USA de Generol Quassem Soleimani zu Bagdad ëmbruecht hunn, et zudeem en zolitte Sträit – bezunn op d‘Anhale vun engem Accord deen d‘USA zerrappt hunn – mat de groussen Acteure vun der Weltpolitik gëtt. Zur Stonn sichen iranesch Polizisten no de méiglechen Attentäter…

mat press.tv

Foto: Fir eppes widderspréchlech Informatioune war et komm, wéi de Spriecher vun der iranescher Atomorganisatioun (AEOI), Behrus Kamalwandi, erkläert huet, datt all hir Wëssenschaftler gesond wieren. Dat géif de Schluss zouloossen, datt de Mohsen Fachrisadeh net méi Member vun dëser Organisatioun gewiescht wier. Soss mécht dësen Dementi net wierklech Sënn. © Fars News Agency

Related topics Atomphysiker, Iran, Israel, Rakéitespezialist, Revolutiounsgarden, Teheran, Uschlag
Next post Previous post