Search

You may also like

D’Enn vun der Onantasbarkeet
International Neiegkeeten

D’Enn vun der Onantasbarkeet

Dank #Metoo ass e Steen an d’Rulle komm, dee lues

Pandemie-Réckbléck:12 Doudesfäll vum 19. bis de 25. Oktober
International Neiegkeeten

Pandemie-Réckbléck:12 Doudesfäll vum 19. bis de 25. Oktober

An der Woch vum 19. bis de 25. Oktober, ass

OPGEPASST: Eventuell Kolibakterien an dëse Kéiszorte vu LE LARRY a BONI
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Eventuell Kolibakterien an dëse Kéiszorte vu LE LARRY a BONI

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt am Bio-Nature-Chèvre

Irland huet (endlech) eng nei Regierung

Irland huet (endlech) eng nei Regierung

Véier Méint huet sech déi politesch „Patt-Situatioun“ gehalen. Elo endlech hunn déi biergerlech Parteie Fine Gael a Fianna Fail mat der Green Party, de Koalitiounsvertrag an enger Urofstëmmung ugeholl. Wann alles riicht leeft, kéint de Micheál Martin, Chef vu Fianna Fail, schonn um haitege Samschdeg zum neie Premierminister vun Irland gewielt ginn.

D‘Green Party Ireland war als „Kinneksmaacher“ eng gréisser Roll an dëser fir Irland ongewinnter politescher Konstellatioun genannt ginn. Um ausseruerdentleche Kongress, gouf den „Handel“ dann awer mat 76% ugeholl. Eng vu ville Kenner vun der politescher Zeen, als „vernënfteg“ Decisioun bezeechent Entscheedung, vu datt de Regierungsprogramm eng däitlech gréng Handschrëft dréit.

Wat d‘Mandat vum Regierungschef ugeet, esou wëllen sech déi zwee „grouss“ Koalitiounspartner, Fianna Fail a Fine Gael, dëse „bridderlech“ opdeelen. Esou sollt de Micheál Martin déi éischt Waach iwwerhuelen, iert dann den aktuelle Premierminister Leo Varadkar Enn 2022 dann nees soll Regierungschef ginn. D‘Medien an Irland sinn sech eens, datt dat eng historesch Koalitioun ass.

IrlandDe Gewënner vun de Parlamentswahle vum 8. Februar, war ganz knapp déi lénksgeriichte Sinn Fein, wouduerch an Irland den Zweeparteiesystem ageleet ginn ass. Sinn Fein konnt mat senge sozialpolitesche Fuerderungen déi politesch Landschaft op der grénger Insel nei gestalten, an esou där vu Fianna Fail „toleréiert“ Minoritéitsregierung vum Leo Varadkar en Enn bereeden.

Eng Zesummenaarbecht mat der Sinn Fein, gëtt vum Fine Gael Leader awer strikt ausgeschloss. De Leo Varadkar hält dëse „Veräin“ fir héichgeféierlech, well dës Partei och haut nach ëmmer als de politeschen Aarm vun der „Terrororganisatioun“ Iresch-Republikanesch Arméi (IRA) verkläert gëtt an sech fir d‘Wiedervereinegung vun Irland asetzt.

mat indymedia/dub

Illustratioun: © Rosie Kerr / unsplash

Related topics Fianna Fail, Fine Gael, Green Party Ireland, Irland, Koalitiounsaccord, Sinn Féin
Next post Previous post