Search

You may also like

Op Young- oder Oldtimer, zu Steesel ass ee glécklech ginn
International Neiegkeeten

Op Young- oder Oldtimer, zu Steesel ass ee glécklech ginn

Um Sonndeg zu Steesel, beim Fräizäitzenter Norbert Melcher, war trotz

money
En Armageddon fir déi ëffentlech Finanzen
International Neiegkeeten

En Armageddon fir déi ëffentlech Finanzen

Wann de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) op déi ëffentlech Finanze

D‘CSV setzt bei den Europawahlen op eng jonk Equipp
International Neiegkeeten

D‘CSV setzt bei den Europawahlen op eng jonk Equipp

Nodeems de Frank Engel als President vun der CSV net

IS-Kämpfer an hiren Heemechte viru Geriicht stellen

D‘USA hunn am UN-Sécherheetsrot hire Veto géint déi indonesesch Resolutioun abruecht

IS-Kämpfer an hiren Heemechte viru Geriicht stellen

Anescht wéi d‘Länner aus Westeuropa, wëllen d‘USA hire Landsleit, déi sech dem Islamesche Staat (IS) ugeschloss haten an am Irak an a Syrien gekämpft hunn, de Prozess bei sech maachen. Si hunn déi vun Indonesien virgeluechte Resolutioun mat hirem Veto blockéiert.

Laut der amerikanescher UN-Ambassadrice Kelly Craft, wier an der Resolutioun d‘Réckféierung vun auslännesche Kämpfer vun der Terrorgrupp „Islamesche Staat“ aus dem Irak a Syrien wier an der Resolutioun net berécksiichtegt ginn. Dat géif awer zu de Grondlage gehéieren, firwat si d‘Resolutioun als zynesch an net akzeptabel zeréckgewisen huet.

Wéinst der Covid19-Pandemie huet den UN-Sécherheetsrot net physesch siegéiert, an d‘Ofstëmme gouf mëttels e-Mail organiséiert. Déi aner 14 Memberen haten sech fir d‘Resolutioun entscheet. A wat war dann elo den eigentleche Grond fir d‘Abrénge vum amerikanesche Veto?

Washington wëll US-Bierger a -Biergerinnen aus den Asazgebidder am Noen Osten zeréckhuelen, an op eegenem Buedem strofrechtlech verfollegen. D‘Kelly Craft huet erkläert, datt et wichteg ass, datt dës Terroristen an hirer Heemecht zur Rechenschaft gezu ginn. Washington hätt sech zum Zil gesat, alles ze ënnerhuelen, fir datt dës Terroristen sech net méi vereenege Kënnen.

„Et muss séchergestallt ginn, datt d‘IS-Kämpfer an déi wou si an iergendenger Form op der Plaz ënnerstëtzt hunn, keng Méiglechkeet erhalen en neien haarde Kär opzebauen. Mir sinn net gewëllt en Islamesche Staat 2.0 zouzeloossen“, esou d‘Ambassadrice.

An Europa geet een dat anescht un. Esou weigeren sech beispillsweis d‘Britten an d‘Fransousen hir Bierger, déi sech dem Islamesche Staat zwecks Erriichtung vun engem Kalifat ugeschloss hunn, elo zeréckzehuelen. Frankräich huet ganz wéineg Ausname fir Kanner gemaach. Zu London ass een der Usiicht, datt d‘Terroriste sollen do verurteelt gi wou se stroffälleg gi sinn.

Ob am Irak oder a Syrien, kënnen si allerdéngs net mat engem Prozess no westleche Standarde rechnen. Zudeem schéngt et bei der Geriichtsbarkeet eppes ënnerschiddlech zouzegoen. Laut deem wat bis ewell gewosst ass, dreet deene meeschten dann och d‘Doudesstrof.

mat indymedia/nyc

Related topics Indonesien, IS-Kämpfer, Resolutioun, Terroristen, UN-Sécherheetsrot, Veto
Next post Previous post