Search

You may also like

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 4)
International Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 4)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg

12 Méint an 12 Geschichten: D’Autismus-Spektrum-Stéierung a seng Diagnos (Deel 1)
International Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: D’Autismus-Spektrum-Stéierung a seng Diagnos (Deel 1)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg

Guardian bleift zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Guardian bleift zu Lëtzebuerg

Gutt Nouvellen huet et den Ament net am Iwwerfloss. Wéi

Um Wee an d‘Islamesch Republik Irak

Um Wee an d‘Islamesch Republik Irak

Et deet sech eppes am mëttleren Orient. Nom Iran, dee zanter Dezenien ee reliéis definéierte Staat ass, dem Afghanistan, dat dank der Iwwernam duerch déi reliéis fanatesch Taliban zur Islamescher Republik, wäert elo och den Irak, eng reliéis definéiert Natioun ginn.

Bei de virgezunne Walen am Irak, zeechent sech of, datt de schiitesche Kleriker Muqtada al-Sadr wuel als de Gewënner muss higeholl ginn. Den Autokrat a Verbriecher huet sech schonn emol preventiv selwer zum Gewënner erkläert an der Korruptioun de Krich ugekënnegt. Wat dann awer d‘Victoire bei de Walen ugeet, muss een eppes relativiséieren, eng Majoritéit gesäit anescht aus.

Dem „geeschtleche“ Muqtada al-Sadr säi Mouvement huet bei de Wale vum Sonndeg 60 vun den 329 Mandater erhalen. Si ass domadder déi stäerkste Fraktioun, huet awer streng rechneresch just d‘Zoustëmmung vun engem Fënneftel vun den Iraker, an hei och just vun deenen déi sech getraut hunn wielen ze goen. Dat ass awer dëse Kulturen onerhieflech, Gott wielt hei bekanntlech mat.

Zu Bagdad hunn dem Muqtada al-Sadr seng Unhänger gefeiert, wärend dësen an enger grousser Interventioun op der Tëlee schonn emol der Weltgemeinschaft nogeluecht huet, sech erauszehalen. Dat wäert wuel net méiglech sinn, woubäi ee sech froe sollt „Wat huet den Dabo fir ee Problem?“, am Irak sinn d‘Schiiten zanter 2003 (Joer vun der US-Invasioun) déi politesch dominant Kraaft.

Irak

Déi lescht vun den Amerikaner an anere westlechen Acteuren agesate Regierung, war 2019 duerch Masseprotester zum Récktrëtt animéiert ginn. D‘Vollek huet de Regierungsvertrieder ënnerstallt sech perséinlech ze beräicheren. Gutt, datt stëmmt esou och, war awer offensichtlech Bestanddeel vum Deal mat den Amerikaner an hire Partner. Mam al-Sadr, änneren sech just d‘Beneficiairen…

Bleift nach drop hinzeweisen, datt Walen, un deenen sech mat vill guddem Wëlle grad emol 41% vun de Walberechtegte bedeelegt hunn, net op eng stabil politesch Situatioun hiweisen. Wann 2/3 vun den Iraker net wiele ginn, kann et onméiglech eng demokratesch legitiméiert Regierung ginn. Mee iwwert esou Detailer steet Gott, also Allah. Hien ass Gesetz a Verfassung a Personalunioun.

mat indymedia/tlv

Related topics Demokratie, Irak, Islamesch Republik, Muqtada al-Sadr, Parlamentswalen, Schiiten, Sharia
Next post Previous post