Search

You may also like

Den neien US-Kongress ass vereedegt ginn
International Neiegkeeten

Den neien US-Kongress ass vereedegt ginn

E puer Woche virun der Vereedegung vum Joe Biden (D)

Blumme fir eng Ikon
International Neiegkeeten

Blumme fir eng Ikon

Op den Dag genee virun 20 Joer, den 31. August

Joresdag vun der Befreiung vun Auschwitz: Zu Lëtzebuerg gëtt en Accord ënnerschriwwen
International Neiegkeeten

Joresdag vun der Befreiung vun Auschwitz: Zu Lëtzebuerg gëtt en Accord ënnerschriwwen

D’Lëtzebuerger Regierung an déi jüddesch Gemeinschaft wäerten um 27. Januar

Islamiséierung vun der Tierkei

De Sultan vun Ankara hält Musek no Mëtternuecht net fir ubruecht, et géif just d‘Leit stéieren...

Islamiséierung vun der Tierkei

Wann ab dem 1. Juli den Deconfinement weider ausgewäit gëtt, also d‘Ausgangsspär déi Owes a Sonndes gëllt opgehuewe gëtt, da kommen allerdéngs net all d‘Fräiheeten zeréck. Wärend dem Confinement war et verbueden no 22 Auer Musek ze maachen. Dëse Verbuet soll kënfteg op 24 Auer festgeluecht ginn, an zwar dauerhaft.

An de President vun der Tierkei, de gottesfierchtege Recep Tayyip Erdogan erkläert de Landsleit: „Näischt fir ongutt, mee keen huet d‘Recht en aneren nuets ze stéieren“. Dat ass esou u sech ganz stëmmeg, besonnesch wann et an den touristeschen Héichbuerge sollt Uwennung fannen. Wärend dem Lockdown am Abrëll a Mee, hat et jo wéinst Covid19 och ee generellen Alkoholverbuet ginn.

Wann dann nach gewosst ass, dat nieft dem Sultan sengem Dram vun engem Osmanesche Räich 2.0 d‘AKP sech allgemeng, de Recep Tayyip Erdogan am besonneschen, islamesch radikaliséiert, ass et séier einfach der Tierkei eng heemlech Islamiséierung ze ënnerstellen. D‘Ausso vun der Regierung, et géif ee sech just der international üblecher Spärstonn uschléissen, ass net wierklech kredibel.

Den Islam gehéiert zu r Tierkei wéi de Faschismus zu Europa

Zudeem wäert de Sultan sech zäitno mussen, fir eng kloer Regelung vu Musek- an Alkoholverbuet ëmzesetzen, mam Parlament iwwert ee Gesetz ënnerhalen. Et gëllt jo tëscht dem Verbuet fir Tierken an der Fräizügegkeet fir Touristen ze ënnerscheeden. D‘Tierkei ass – och wann een aus ethesche Grënn net sollt dohinner reesen – eng immens beléiften Destinatioun, well et net vill Geld kascht…

A wat ass mat de villen Touristen, déi Istanbul an d‘Stränn vun Antalya bevëlkeren? Wie jonk ass a Vakanz an der Tierkei mécht, wëll ausser Sonn och fett Party maachen. Sollt de Sultan tatsächlech duerchsetzen, datt een d‘Touristen ëm Hallefnuecht an d‘Bett schéckt an hinnen de Patt entzitt, da wäert sech enger länger Transitiounsphas fir d‘Tourismusbranche erginn. Mee ass dat finanzéierbar?

Bannent dem Tourismussecteur ass ee geknéckt, mee et traut ee sech elo och net de Sujet kritesch unzegoen. Esou wéi de Sultan zur Stonn mat der Oppositioun ëmgeet, seng Krichsbereetschaft jo schonn demonstréiert huet, de stännege Sträit mat der EU an der NATO net ze vergiessen, ass kee couragéiert genuch sech dem Recep Tayyip Erdogan an de Wee ze stellen. Interessant Entwécklung.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: Zanter d‘Hagia Sophia zu Istanbul nees eng Moschee ass, de Recep Tayyip Erdogan sech zum Leader vun der arabescher Welt proklaméiert huet an de facto eng Militärmuecht ass op déi de „Westen“ am transatlantesche Kontext ugewisen ass, hätt et vill gutt Grënn besuergt ze sinn. © Raimond Clavins / unsplash

Related topics Alkohol, Islam, Islamiséierung, Musek, Recep Tayyip Erdogan, Sharia, Sultan, Tierkei
Next post Previous post