Search

You may also like

dislike
Editorial: Netflix a Cannes – Wa Film net gläich Film ass
International Neiegkeeten

Editorial: Netflix a Cannes – Wa Film net gläich Film ass

Netflix war an de vergaangene Joer wuel eng vun deenen disruptivste Forcen,

Du wëlls méi Bicher liesen? Mat eisen Tipps geet dat ganz einfach!
International Neiegkeeten

Du wëlls méi Bicher liesen? Mat eisen Tipps geet dat ganz einfach!

Wien denkt sech net ëmmer erëm: Ech misst vill méi

Dem Info-Guichet vun der ASTI ginn d‘Mëttel aus
International Neiegkeeten

Dem Info-Guichet vun der ASTI ginn d‘Mëttel aus

Bei der ASTI „dréckt de Schong“ a zwar zolidd. Eng

Islamist Abu Walaa veruerteelt

Islamist Abu Walaa veruerteelt

De vermuttlechen Däitschland-Chef vun der Terrormiliz Islamesche Staat (IS) ass gëschter zu 10,5 Joer Prisong verurteelt ginn. Dräi Matugekloten si vun engem Geriicht an Niedersachsen mat bis zu 8 Joer Prisong ewechkomm. D‘Geriicht huet et als erwise betruecht, datt den Abu Walaa Member vun enger terroristescher Organisatioun war an dës och ënnerstëtzt huet.

Et gëllt weiderhin als geséchert, datt de 37 järegen Haasspriedeger aus dem Irak, mat sengem Reseau virun allem jonk Mënschen am „Ruhrgebiet“ (Nordrhein-Westfalen) an an Niedersachsen radikaliséiert huet. Kanounefudder fir Konfliktzonen am Irak an a Syrien. Tëscht 2014 an 2017 haten sech honnerten däitsch Residenten iwwert esou „Ëmweeër“ dem IS ugeschloss.

Laut dem Urteel vum Oberlandesgeriicht Celle, huet den Abu Walaa, alias Ahmad Abdulaziz Abdullah Abdullah – de Priedeger vum „Däitschsproochegen Islamkreess Hildesheim e.V.“ – beim Rekrutement vun den „Auswanderer“ eng zentral Roll gespillt. D‘Staatsanwaltschaft konnt d‘Geriicht dovunner iwwerzeegen, datt den Abu Walaa bis zu senger Verhaftung am September 2016, eng Schlësselfigur an der dschihadistescher Zeen an Däitschland war.

Abu Walaa

Entspriechend der Erklärung vum President vum Bundesamt fir Verfassungsschutz, Thomas Haldenwang hunn: „déi Beschëllegt am sougenannten Abu Walaa Prozess, en iwwerregionaalt salafistesch-dschihadistescht Netzwierk opgebaut, bannent deem den Abu Walaa als „Vertrieder“ vum Islamesche Staat (IS) fungéiert huet“. An et war een zolidd gefouerte „Veräin“…

Priedeger ouni Gesiicht

Wéi vill jonk Mënschen duerch dem irakeschen Haasspriedeger säi Reseau de Wee bis op den Terrain fonnt hunn, dat léisst sech net mat Sécherheet soen, mee et schéngen de vill gewiescht ze sinn. Dem Abu Walaa – deen och als „Priedeger ouni Gesiicht“ bezeechent gëtt, well hien ëmmer gutt uecht gedoen seng Visage net ze exposéieren – seng „social-media“ Kanäl ware gutt besicht.

Abu Walaa

Vill vun de jonke Männer déi de Priedeger a seng Seminaire gelackelt kritt huet, oder wou sech bei senge Matugekloten iwwer „Méiglechkeeten“ informéiert hunn, ware schlussendlech radikaliséiert, esou datt si fit ware beim IS matzemaachen. Ob als Kämpfer oder Selbstmordattentäter – wéi am Fall vun den Zwillinge Mark a Kevin aus Catrop-Rauxel, déi sech am Irak zerluecht hunn – war dem Abu Walaa egal. Och an de Reliounen, ass de Mënsch primär emol eng „Ressource“.

Et huet weider geheescht, datt den Anis Amri – dat ass den Attentäter vu Berlin – beim Abu Walaa zu Hildesheim zäitweileg soll gewunnt hunn. Konkret Beschëllegungen, wéi ee méiglecht Wëssen zu den Pläng fir den Uschlag zu Berlin, waren allerdéngs net ziilféierend. Fir den Ament awer sinn emol eng Rei „Käpp“ aus dem Verkéier gezu ginn. D‘Terrorgefor awer, déi bleift weiderhi bestoen.

mat indymedia/han

Next post Previous post