Search

You may also like

Vu Fueren ënnert Alkohol-Afloss, Bedreeung mat enger Waff a méi
International Neiegkeeten

Vu Fueren ënnert Alkohol-Afloss, Bedreeung mat enger Waff a méi

D’Lëtzebuerger Police hat leschte Weekend nees zolidd Aarbecht. Direkt e

No den Accisen, d‘Taxen um Auto…
International Neiegkeeten

No den Accisen, d‘Taxen um Auto…

Laut dem Mobilitéitsminister gëtt ab dem 1. Mäerz 2020 d‘Miessung

money
Autofestival: Stramm Verkafszuelen erfreeën d‘Garagisten
International Neiegkeeten

Autofestival: Stramm Verkafszuelen erfreeën d‘Garagisten

Um Méindeg ass déi 55. Editioun vum Lëtzebuerger Autofestival op

Israel huet seng Impfcampagne erweidert

Zanter haut, dem 4. Februar kann sech all Israelit iwwer 16 Joer géint de Covid19-Virus impfe loossen an dat ass (nach) eenzegaarteg op der Welt

Israel huet seng Impfcampagne erweidert

Keng aner Natioun op der Welt huet seng Impfstrategie deraart konsequent ëmgesat, wéi de Staat Israel. Op gëschter haten iwwer 35% vun de Residente mindestens eng Dosis erhalen. Et schéngt also richteg gutt ze lafen, firwat dann elo nach emol eng Schëpp nogeluecht gëtt. Esou huet elo de Gesondheetsministère wësse gedoen, datt sech Teenager ab 16 Joer och dierfen impfe loossen.

Aus dem Communiqué vum Ministère geet allerdéngs ervir, datt d‘Krankekeese weiderhin ugehale ginn, sech op d‘Impfe vun de Mënschen iwwer 50 Joer ze konzentréieren. Den Hannergrond fir dës Entscheedung, den Zougang zu Impfung auszewäiten, berout op der Feststellung, datt et elo och an Israel eng Populatioun huet, déi sech „Gedanke“ maachen, Zweiwel kréien an net méi wëlleg sinn.

Israel

Vu falschen Noriichten, iwwert schlecht Kommunikatioun bis hin zu reliéiser Verblenntheet, et gëtt vill schlecht Grënn sech der Impfung ze verweigeren. Interessant hei: et ass anscheinend grad bei den eelere Leit, wou sech d‘Ongemaach an d‘Zweiwel verbreeden. Laut engem Sondage, deen am Optrag vum ëffentlech-rechtleche Sender Kan ausgefouert gouf, hunn 30% vun de Leit bedenken.

Dat wierkt sech folgerichteg och op d‘Zuelen aus: wa bis Enn Januar all Dag eng 200.000 Mënsche konnte geimpft ginn, esou géif dat an de leschten Deeg éischter a Richtung 100.000 Impfungen den Dag goen. Dat huet eng Rei negativ Auswierkungen: zum enge sinn d‘Impfzenter tatsächlech kaum besicht, woubäi d‘Logistik (fir d‘Verdeelung vum Vaccin) sech net einfach esou unhale léisst.

Ze vill oder just schlecht Informéiert?

Esou gëtt aktuell beklot, datt Plazeweis Impfdosen, mangels Impfwëlleger, vun den Autoritéiten hu missen entsuergt ginn. Ënnert dësen Ëmstänn den Zougang zur Impfung auszewäiten, dann éischter eng gutt Léisung. Elo muss nach d‘Informatioun verbessert ginn, besonnesch an de méi orthodox-reliéise Communautéiten, déi éischter empfänglech fir irféierend Informatiounen/Aussoe sinn.

Als weidere Grond – och wann et sech wëssenschaftlech net wierklech beleeë léist – gëtt ugefouert, datt trotz massivem Impfen, déi héich Infektiounszuelen einfach net wëllen erofgoen. Déi brittesch Variant B117 huet sech och an Israel längst verbreet, an dat mam Confinement, ass den Israelie jo net verständlech ze maachen, wat et nees noutwenneg mécht déi ganz Populatioun duerchzeimpfen.

Israel

Un Impfstoffer feelt et den Israelien net, am Géigendeel. An Israel ginn – wéi bei eis – d‘Vaccine vu Pfizer/Biontech a Moderna agesat. D‘Lager si voll, an zwar an engem Mooss, datt de Moderna, dee säit dem 5. Januar zougelooss ass, nach guer net genotzt gouf. Richteg ass och, datt sech Israel ganz fréi a laang virun der EU, gréisser Quantitéite vum Impfstoff geséchert hat. Dat huet och säi Präis.

Esou huet Israel mat Pfizer/Biontech am Vertrag vereenbaart, datt d‘Impfdate voll ëmfänglech un d‘Entreprise weidergeleet ginn. Zudeem iwwerhëlt an Israel de Staat d‘Produkthaftung an net wéi bei eis den Hiersteller. Woubäi déi israelesch Regierung, grad wéi et d‘EU fir den AstraZeneca-Vertrag gemaach huet, seng 20 säiteg Vereenbarung (partiel geschwäerzt) online gestallt.

Et huet och kritesch Téin

Gewosst ass och, dank der belscher Finanz-Staatssekretärin Eva de Bleeker, datt Israel vill Geld fir de Pfizer/Biontech-Impfstoff bezilt. Wärend mir an der Unioun pro Dosis ronn 12 Euro berappen, gëtt een an Israel 23 Euro pro Impfdosis aus. An dat wéi gesot, ouni „Sécherheetsnetz“. Sollt eppes mam Vaccin net koscher sinn, muss da fir eventuell Entschiedegungen de Staat asprangen.

Am Géigenzuch ass Pfizer/Biontech verflicht esoulaang säi Vaccin ze liwweren, bis et an Israel mat senge ronn 9 Milliounen Awunner, déi sougenannt Herdenimmunitéit (dat heescht dat 95% vun der Bevëlkerung immuniséiert ass) erreecht huet. Zu den Daten déi ausgetosch ginn: dat sinn esouwuel d‘Impfzuele wéi d‘Unzuel vun den Neiinfektiounen, inklusiv den demographeschen Angaben.

Israel

D‘Iwwermëttlung vun dësen Donnéeën direkt u Pfizer, geschitt natierlech anonymiséiert, an awer gëtt et heizou Kritik. Dat israelescht Institut fir Demokratie (IDI) werft der Regierung vir, datt fir dës Dateniwwermëttlung, net d‘Zoustëmmung vun de Bierger ageholl gouf. Prinzipiell awer ass een och bei IDI net géint d‘Prozedur, et géif awer den Anstand verlaangen, datt een Reegelen anhält.

Säitens dem Impfstoffhiersteller gëtt erkläert, datt een déi ernimmte Bedenke géif respektéieren a weist nach emol drop hin, datt dank dëse wichtegen Daten, jiddereen ee groussen Notzen erwaarden dierf. Souwisou ass een an Israel, zumindest wann et ëm de wëssenschaftlechen Austausch geet, éischter en zouverlässege Partner. Et besteet beispillsweis en deegleche Kontakt zum RKI

mat indymedia/tlv

Illustratioun: Wann allgemeng an de Gaasse vum Basar zu Jerusalem oder den Akafszenter an deenen anere gréissere Stied, d‘Mesuren am Kampf géint de Covid19 respektéiert ginn, esou ass et oft bannent de reliéise Communautéite komplizéiert. Dat huet en Impakt op d‘Infektiounszuelen, an erkläert firwat d‘Regierung op d‘Herdenimmunitéit setzt. Dat geet awer nëmme wann d‘Leit och bereet sinn dëse Wee matzegoen an sech impfen ze loossen. © Sergio Rodriguez / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Dateschutz, Impfcampagne, Israel, Pfizer/Biontech
Next post Previous post