Search

You may also like

OPGEPASST: Salmonellen a verschidden Zoossissen vu „La Provençale“
Fail International Neiegkeeten

OPGEPASST: Salmonellen a verschidden Zoossissen vu „La Provençale“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet ruffe wéinst Salmonelle véier Zorten

Escher Kulturlaf mat 3.000 Leefer gutt besicht
Fail International Neiegkeeten

Escher Kulturlaf mat 3.000 Leefer gutt besicht

“When sport meets culture”: dat ass de Motto vum Escher

D‘Revendicatioune vum SNPGL
Fail International Neiegkeeten

D‘Revendicatioune vum SNPGL

No der rezenter Ëmsetzung vun zwee Arrêten vum Verwaltungsgeriicht vum

dislike

Israel entleedegt sech sengen illegale Migranten

Israel entleedegt sech sengen illegale Migranten

Um Mëttwoch huet Israel e Programm an d‘Liewe geruff, deen dozou bestëmmt ass, de ronn 40.000 illegale Migranten aus Afrika „lass ze ginn“. Déi hu mat dësem Beschloss elo d‘Wiel tëscht „Ausweisung“ oder „Prisong“.

A vill Zäit sech fir eng vu béiden Optiounen ze entscheede bleift net. Wie wëll a kann huet bis Enn Mäerz fir Israel ze verloossen. Ass dat net de Fall, muss mat Verhaftung gerechent ginn, woubäi net festgeluecht ass, wéi laang déi betraffe mussen am Prisong bleiwen.

„De Programm leeft haut un“ sot de Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu, dee de Projet begréisst. Laut dem Inneministère wieren 38.000 Persoune betraff. An der Haaptsaach handelt et sech hei ëm Migranten aus Eritrea an dem Sudan.

Wie „fräiwëlleg“ geet, kritt e Fligerticket an 3.000 Euro. Bosseg dann awer de Fait, datt Israel am Kader vu sengem Programm zur Ausweisung stëllschweigend unerkennt, datt d‘Mënschen aus béide Länner guer net an hir Heemecht zréck kënnen.

Verbrieche géint d‘Mënschheet

Esou ass de Regimm aus Eritrea ganz däitlech vun de Vereenten Natioune wéinst „Verbrieche géint d‘Mënschheet“ ugeklot ginn. De Verstouss géint d‘Mënscherechter vir an Eritrea „systematesch“ a „generaliséiert“.

Am Sudan ass et net besser: hei gëtt et géint de President Omar al-Bachar en Haftbefehl vum internationale Geriichtshaff, wéinst Krichsverbriechen, Verbrieche géint d‘Mënschheet a Genozid.

Israelesch ONGen déi d‘Migranten ënnerstëtzen, werfen der Regierung vir mat „Drëttstaaten“ Accorden ënnerschriwwen ze hunn – esou mam Ruanda an dem Uganda – déi all d‘Migranten, déi Israel fräiwëlleg verloossen, sollen ophuelen.

Dës Migrante sinn zum gréissten Deel illegal an Israel agereest, dat iwwert den egyptesche Sinaï zanter 2007. E Wee deen an Tëschenzäit verspaart ginn ass. Mat der Fäerdegstellung vum elektreschen Zonk ass et kaum nach méiglech onbemierkt iwwert d‘Grenz mat Egypten ze kommen.

Ofschrecke sollen och d‘Opfanglager am Süde vum Land. Hei sinn aktuell eng 1.500 Migranten am „oppene Strofvollzuch“ gefaangen. Dës Lager sollen elo awer zougemaach ginn, a déi Migranten déi net gewëllt sinn d‘Land ze verloossen, mussen dann an de Prisong.

Wien sech eréischt nom éischte Mäerz entscheet „fräiwëlleg“ ze goen, deen dierf dat och dann nach, allerdéngs gëtt et da manner „Reesgeld“. An den Inneminister stellt kloer, datt wien net wëll goen, dee muss sëtzen…

Alternative gëtt et keng

An engem separate Communiqué, huet de Minister fir national Sécherheet, Gilad Erdan, deen och fir d‘Ëmsetzung vum Programm verantwortlech ass matgedeelt: datt Israel „determinéiert ass déi zéngdausenden illegal agereeste Migranten zréck ze schécken“.

Fir de Tsgahans Goytiom (30) aus Eritrea, deen am Moment zu Tel Aviv lieft, ass dëse Programm e Verbriechen. D‘Situatioun wier extrem ugespaant, an ofgesi vun den ONGen hätt een och keen un deen ee sech kéint wennen. En „zréck“ wier awer och net méiglech.

Laut den offiziellen Zuelen déi d‘Regierung virgeluecht huet, hätten 2017 eng 4.000 illegal Awanderer Israel „fräiwëlleg“ verlooss. Dorënner 3.332 Mënschen aus der afrikanescher subsaharescher Regioun. Méi Detailer hunn dës Zuele leider keng geliwwert.

De Benjamin Netanyahu, deen sech Enn August 2017 an de südleche Quartiere vun Tel Aviv mat „besuergte“ Bierger getraff hat, huet sech ugesicht den dausenden afrikanesche Migranten engagéiert, dës Quartieren nees den israelesche Bierger zréckzeginn.

Bei der UNO gëtt dem „Programm“ widdersprach

Schonn am November d‘lescht Joer, hat den héijen UN-Kommissariat fir Refugiéeë (UNHCR) seng Suerge géintiwwer den israelesche Mesuren zum Ausdrock bruecht. Deen huet dann och drun erënnert datt och Israel „legal Verflichtunge géintiwwer dem Schutz vu Refugiéeën huet“.

Esouwäit esou gutt. Fakt ass dann awer, datt déi israelesch Autoritéite schonn 2009 däitlech gemaach hunn, datt et si sinn déi entscheeden, wien als „Schutzbedierfteg“ unerkannt ka ginn. Dorausser ergëtt sech, datt eenzeg aacht Eriträer an zwee Sudanesen de Statut unerkannt kruten. 200 Sudanesen aus dem Darfour ass den „humanitäre Statut“ zougesprach ginn.

„D‘Geheimnis ronderëm dës Migratiounspolitik an de Mangel un Transparenz wat d‘Ëmsetzung dovunner betrëfft, hunn et ganz schwéier gemaach d‘Situatioun an de Suivi vun deene Leit ze maachen, déi schonn op den afrikanesche Kontinent zeréck geschéckt gi sinn“, esou d‘Ausso vun de Vereenten Natiounen.

mat AFP

Foto: Op dësem Bild aus dem September 2017 gesi mer afrikanesch Migranten aus Eritrea, déi bei enger Kierch zu Tel Aviv op den Ufank Gottesdéngscht waarden. Se sinn allerdéngs illegal an Israel, an d‘Regierung huet sech virgeholl, déi ronn 40.000 betraffe Mënschen auszeweisen. © Menahem Kahana/AFP

Related topics Eritrea, Israel, Migranten, Sudan, UNHCR
Next post Previous post