Search

You may also like

Loosst d‘Knupperte fir Silvester op der Säit
International Neiegkeeten

Loosst d‘Knupperte fir Silvester op der Säit

Nodeems elo gewosst ass, datt sech un den Aschränkunge bis

Grouss Sonnendäischtert verzaubert d’Amerikaner
International Neiegkeeten

Grouss Sonnendäischtert verzaubert d’Amerikaner

Fir eppes méi wéi 90 Minutte ware Millioune vun Amerikaner

Variété des belles choses – Eng Zirkusshow fir déi ganz Famill
International Neiegkeeten

Variété des belles choses – Eng Zirkusshow fir déi ganz Famill

Un dësem Weekend invitéierten Zaltimbanq’ Zirkus an d’Stad Lëtzebuerg op

Zionistesch Impfstrategie

An Israel si bannent wéinege Woche schonn 20% vun der Bevëlkerung geimpft, a bei iech esou?

Zionistesch Impfstrategie

Alles richteg maache ka keen, mee villes gutt maachen, doranner sinn d‘Israelie geüübt. Esou sinn dräi Wochen nodeems d‘Impfcampagne gestart ginn ass, schon 1,8 Millioune Bierger mam Vaccin behandelt ginn. Domat dierft Israel dat éischt Land sinn, an deem vun „Normalitéit“ net nëmmen dierf gedreemt ginn. All Dag ginn 150.000 Bierger geimpft…

Dorausser ergëtt sech, datt schonn 20% vun der Populatioun geimpft ass. D‘Zil vun der Campagne ass et bis Enn Mäerz all d‘Awunner iwwer 16 Joer behandelt ze hunn. Dat ass net wierklech Zoufall an natierlech wäert et genuch Stëmme ginn, déi derhannert nees eng zionistesch Verschwierung, jo ee globale Komplott vermudden. A jo et stëmmt datt den (nach) Ministerpresident Benjamin „Bibi“ Netanyahu sech gutt mat CEO vu Pfizer, dem Albert Bourla, versteet a gewësse Virdeeler genéisst.

Israel

Ob dat schonn duer geet fir ze erklären, datt genuch Impfdosissen zur Verfügung stinn? Do ginn d‘Meenungen ausenaner, mee egal wéi een et dréit a kéiert, et ass es genuch do, an eigentlech gëtt näischt anescht vun enger Regierung erwaart, déi sech enger zolitter sanitärer Kris erwiere muss. Iwwert d‘Hallschent vun de 60 järegen hunn hir éischt Dosis kritt, an dorëms geet jo hei och.

Gewosst wourëms et geet

Et sollt een elo awer och net den Afloss vum héchst ëmstriddene Ministerpresident iwwerschätzen. Hei sollt ee villméi ee Bléck op den israelesche Gesondheetssystem mat senge véier Krankekeese werfen. Si droen déi logistesch Verantwortung an do wou et da ganz verréckt gëtt: et gëtt ënnert de véier Krankekeese kee Konkurrenzdenken. Dat wier beispillsweis an Däitschland onméiglech.

Israel

Anersäits ass et och net vun der Hand ze weisen, datt d‘Krankekeesen eng aggressiv „Politik“ verfollegen, an den elektronesche Patientendossier kee Choix duerstellt. Déi néng Milliounen Awunner hunn esou eng „Kaart“ op där all d‘Gesondheetsdaten enthale sinn. Dat ass och fir d‘Hiersteller vun de Vaccinen, am Fall vun Israel Pfizer/Biontech a Moderna, vu Virdeel, well domadder gëtt et quasi eng „Kontroll an Echtzäit“ zu de Reaktiounen op den Impfstoff.

Et huet och seng Avantagen

Nach esou eppes wat interessant ass, woubäi een do vum Dateschutz muss Abstraktioun maachen: als „Geimpften“ genéisst eng Rei Virdeeler. Persounen, déi hir zweet Dosis verofreecht kruten, kënnen eng Woch méi spéit eng Applikatioun op hirem Handy installéieren. Déi ass wuel maximal intrusiv, mee ass och de begierte Schlëssel zu villen Aktivitéiten. Si bezeechnen d‘Applikatioun als „grénge Pass“, dee Reesen erlaabt, den Zougang zur Kultur an der Gastronomie reegele kéint.

Israel

Et gëtt wuel den Ament an Israel nach ee puer juristesch Bedenken, well grondsätzlech gëtt et och an Israel keng Impfflicht an „offiziell“ soll et an Israel esou eppes wéi Dateschutz a Respekt virun der Privatsphär ginn. Woubäi d‘Israelien tatsächlech kaum Stress domadder hunn, datt et esou eng Form vun Impfpass gëtt, an dësen ebe vir gewëssen Aktivitéite muss virgewise ginn.

mat indymedia/tlv

Foto: Esou wéi sech zu Lëtzebuerg, de Premierminister Xavier Bettel héchstperséinlech dovunner iwwerzeegt, dat bei der Liwwerung vum Impfstoff alles seng Richtegkeet huet, esou huet och de Ministerpresident vun Israel, Benjamin „Bibi“ Netanyahu, gëschter d‘Ausluede vun enger neier Pfizer/Biontech-Liwwerung kontrolléiert. © PM of Israel

Related topics Benjamin Netanyahu, Covid19-Impfstoff, Impfcampagne, Israel, Pfizer/Biontech, Zionismus
Next post Previous post