Search

You may also like

Däischter Wolleken iwwer Biarritz (Kommentar)
International Neiegkeeten

Däischter Wolleken iwwer Biarritz (Kommentar)

Dierf de Groussherzog mat senger Famill a sengem Domizil zu

Gin Ale – oder d‘Sonnesäit vum Liewen
International Neiegkeeten

Gin Ale – oder d‘Sonnesäit vum Liewen

De Weekend ass schonn e puer Stonnen al an hannert

Trump beschëllegt eng Enquête verhënnert ze hunn
International Neiegkeeten

Trump beschëllegt eng Enquête verhënnert ze hunn

Dem Donald Trump seng Situatioun gëtt vun Dag zu Dag

Israel no de Walen…

De wéinst Korruptioun ugeklote Premierminister soll awer nees d‘Regierung zesummestellen

Israel no de Walen…

Datt et no de Walen an Israel op en Neits kee klore Gewënner ginn huet iwwerrascht net, an de Staatspresident Reuven Rivlin huet erkläert, datt et him net liicht gefall ass, dem amtéierende Premierminister, dee sech wéinst Korruptioun viru Geriicht ze veräntwerten huet, den Optrag zur Regierungsbildung zouzegestoen. Hien hätt awer besser Chance wéi säi Géigner de Jair Lapid.

Woubäi, wann et dem Staatspresident net liicht gefall ass, esou huet dësen och net wierklech eng grouss Wiel gehat. Den 71 järege Benjamin „Bibi“ Netanjahu kann sech op d‘Empfeelung vun 52 Deputéierte beruffen, wärend de Jair Lapid därer 45 erhalen huet. An esou widderhëlt sech an Israel d‘Geschicht… Bezunn op de politesche Kontext ginn d‘Leit am Land vun erneite Walen aus.

Dat huet an éischter Linn domadder ze dinn, datt kee Lager eng Majoritéit an der Knesset huet. De véierte Walgang bannent véier Joer mécht och dës Regierungsbildung zur Quadratur vum Krees. De Bibi huet elo véier Wochen Zäit fir eng Koalitioun ze schmidden (eng Verlängerung vun 2 Wochen ass méiglech). Realiste ginn dovunner aus, datt ënnert dësen Ëmstänn nees zu Neiwale kënnt.

Ee Fazit dee sech och um Fait festmaache léist, datt den Zentrumspolitiker Jair Lapid (57) zu enger Regierungsbildung ouni den Netanjahu opgeruff huet, an dofir bereet wier mam Naftali Bennet vun der ultra-rietser Jamina-Partei, d‘Mandat vum Premierminister ze deelen. Also eng Rotatioun an der „Halbzeit“ virzehuelen. Wéi en Afloss dat op dem Bibi säi Prozess huet, ass elo nach net gewosst.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © Levi Meir Clancy / unsplash

Related topics Benjamin „Bibi“ Netanjahu, Israel, Jair Lapid, Pattsituatioun, Regierungsbildung, Walen
Next post Previous post