Search

You may also like

Venezuela schéckt EU-Ambassadrice heem
International Neiegkeeten Stories

Venezuela schéckt EU-Ambassadrice heem

Nodeems Bréissel weider Sanktioune géint dat südamerikanescht Land verhaangen huet

Schlechten Dateschutz a Skandaler: Facebook Aktie geet an d‘Getten
International Neiegkeeten Stories

Schlechten Dateschutz a Skandaler: Facebook Aktie geet an d‘Getten

Facebook huet sech, unhand enger selwer provozéierter Polemik, um Mëttwoch

De fréieren US-President George Bush ass dout
International Neiegkeeten Stories

De fréieren US-President George Bush ass dout

Um spéide Freidegowend huet den Fils vum George Bush informéiert,

Peking an den israelesch-palestinensesche Konflikt (Analys)

Peking an den israelesch-palestinensesche Konflikt (Analys)

China huet aktuell de Virsëtz am UN-Sécherheetsrot, an sollt eigentlech d‘Missioun hunn, déi hei versammelt Natiounen zu enger Concertatioun am Bezuch op de jéngste Konflikt tëscht Israelien a Palestinenser ze beweegen. Et ass richteg datt Peking Interessen an der Regioun huet…

Aus „Grënn“ ënnerstëtzen d‘Kommunisten aus dem Räich vun der Mëtt déi vun der Iwwermuecht Israel bedrängte Palestinenser. Dat awer hält d‘Chinesen net dovunner of, eng däitlech méi enk diplomatesch a wirtschaftlech Relatioun mat Israel ze ënnerhalen. Et ass e ganz interessante Spagat dee geleescht gëtt, an eigentlech sollt am UN-Sécherheetsrot, dës dual Diplomatie Virdeeler bidden.

China UNSC

Mee d‘Diplomatie huet hir eege Gesetzer, an eenzeg d‘Chinese selwer, gesinn sech op Aenhéicht mat den USA an der EU, déi aus iergendwellecher Ursaach mengen d‘Weltherrschaft fir sech beusprochen ze kënnen. Dat bréngt dann nees mat sech, datt de chineseschen Afloss op Konflikter – déi oft vun den USA mat europäescher Bedeelegung initiéiert ginn – éischter „onopfälleg“ ass.

Dat weist sech ganz besonnesch am israelesch-palestinensesche Konflikt, wou den Ausseminister Wang Yi zwar vu béide Säite verlaangt sech nees an de Grëff ze kréien, net awer genuch Gewiicht op d‘Wo bréngt. Zanter Deeg versichen d‘Chinesen am UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun zur Beendegung vun de Hostilitéiten op de Wee ze bréngen, wat awer vun den USA verhënnert gëtt.

Si kréien d‘Dossieren net ausenaner gehalen

D‘Amerikaner si bekanntlech traditionell dem Staat Israel verflicht. Dat aus esouwuel ganz däitlech militäreschen Interessen, wéi och aus geopoliteschen an geostrategesche Grënn. D‘USA sinn och net fir eng Zweestaateléisung, ënnerstëtzen den israelesche Siidlungsbau mat vill Geld a schützen hire Partner mam Veto-Recht. Offiziell gëtt awer eng aner diplomatesch Linn virgetäuscht…

Heibäi kënnt dann och nach dat béid global Schwéiergewiichter sech an den Hoer leien. China an d‘USA dat ass den Ament net déi grousst léift, a wann se sech et leeschte kéinten, oder zumindest vill Profit an Aussicht ze stelle wier, géif wuel längst een op deen anere schéissen. Datt een ënnert dësen Ëmstänn kee Konsens am UN-Sécherheetsrot hikritt, ass leider selbstverständlech.

Et kann een d‘Konflikter, wéi och d‘Interessen déi hannert dëse stinn, net vun den diplomatesch ënnerschiddlechen Ausriichtungen an ideologesche Grondsätz trennen. Dofir kéint ee streng geholl den UN-Sécherheetsrot ofschafen, an et géif sech glat guer näischt änneren – ausser d‘Aart a Weis vun der Berichterstattung an den ëffentleche Stellungname vun de politeschen Acteuren.

Der Welt den Androck virtäuschen et wier ee beméit

Wärend jidderengem hei bewosst ass, datt den UN-Sécherheetsrot och ënnert amerikanescher oder russescher Presidence net méi Opweises hätt, sollt een net vergiessen, datt den Asiaten näischt méi zuwidder ass, wéi ee méigleche Gesiichtsverloscht. An natierlech schaffen d‘USA zesumme mat den europäescher Vertrieder un der Diskreditéierung vun de Chinesen, déi vill ze vill Afloss hunn.

China UNSC

China huet dann och un d‘USA appelléiert, zumindest de Versuch ze maachen eng fair Positioun an dësem Konflikt anzehuelen. Dat kéint hëllefen… Richteg, an dat wëssen dem Joe Biden seng Leit och, firwat si längst op der Plaz present sinn, fir „hannerwands“ mat béide Säiten ze schwätzen. Dat wier jo genial, wann d‘USA de Problem ouni den UN-Sécherheetsrot an d‘Chinese léise kéinten.

Dat wëssen d‘Kommunisten och, trotzdeem hu si ee Véierpunkteplang an dësen hätt – wann elo USA an EU sech net engem Sträit mat China verschriwwen hätt, well China ze mächteg gëtt – vill gutt Usätz, déi och vun de Konfliktparteie sollte berode ginn. Dat awer léisst sech aus anerwäerts gelagerten Onstëmmegkeeten tëscht den Natiounen, beim beschte Wëllen net realiséieren.

Ouni Zweestaateléisung ass et net ze maachen

Natierlech wëllen och d‘Kommunisten eng Zweestaateléisung. Peking huet vun Ufank un – aus ideologeschen, an da spéider geopolitesche Grënn – hannert dem ënnerdréckte palestinensesche Vollek gestanen. Wéi déi allermeeschten Natiounen, déi sech zum Thema geäussert hunn, huet Peking och ëmmer op eng Zweestaateléisung gedrängt. Mee d‘Chinesen hunn d‘Ziler verpasst.

Woubäi an engem Punkt stiechen si ervir: China war an de 70er Jore mat eng vun den éischten Natiounen, déi Palestina als Land unerkannt hat. Déi kommunistesch Partei huet an dësem Kontext der palestinensescher Befreiungsorganisatioun (PLO) och eng Ambassade zu Peking erméiglecht. Mam „Klassefeind“ Israel huet een eréischt Ufank den 90er diplomatesch Kontakter ageleet.

Zanterhier gëtt dës harmonesch Bezéiung – besonnesch an de Beräicher Fuerschung a Technologie gëtt intensiv zesummegeschafft – gefleegt, och wa béid Partner ganz gutt Uecht dinn, hir Relatioun net an der Ëffentlechkeet auszeliewen. Et ass weiderhin un den Amerikaner an Europäer sech eens ze ginn, wéi en déi israelesch Besatzung rechtfäerdegt an de palestinenseschen Terror verurteelt.

Related topics China, Israel, Palestina, UN-Sécherheetsrot, USA, Veto-Recht, Virsëtz, Zweestaateléisung
Next post Previous post