Search

You may also like

Weltdag ouni Tubak – T’ass ni ze spéit opzehalen!
Neiegkeeten

Weltdag ouni Tubak – T’ass ni ze spéit opzehalen!

Den Tubak steet weltwäit op der éischter Plaz vun de

Editorial: Et ass nach keen Déier doutgeheemelt ginn
Neiegkeeten

Editorial: Et ass nach keen Déier doutgeheemelt ginn

No enger Reportage vun RTL, wou et ëm den zweiwelhaften

Schottland wëll de „briteschen Empire“ verloossen
Neiegkeeten

Schottland wëll de „briteschen Empire“ verloossen

Déi schottesch Regierungscheffin Nicola Sturgeon ass dat, wat een gemengerhand

Ausseminister mat israelescher Politik onzefridden

Ausseminister mat israelescher Politik onzefridden

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, ass mat de Pläng vun der israelescher Regierung, Deeler vum Westjordanland (Palestina) ze annektéieren net averstanen. Hie fuerdert eng Schaarf Verurteelung an huet d‘Pläng vun Israel mat der Annexioun vun der Krim duerch Russland op ee Niveau gestallt.

Géintiwwer der DPA huet hien erkläert: „Wann een en Territoire annektéiert, dann ass dat ee schwéiere Verstouss an eng Verletzung vum internationale Recht“. Ob hien sech elo awer haut géintiwwer seng Kollegen duerchgesat kritt – et soll bekanntlech eng virtuell Sëtzung vum EU-Ausseministerrot ginn – ass net wierklech virstellbar.

Mee déi lescht Entwécklunge vum Noost-Konflikt stinn emol op der Dagesuerdnung. Wéi wäit d‘Ausseminister bereet sinn ze goen, hänkt vu ville Facteuren of. Esou dierft d‘Visitte vum US-Ausseminister Mike Pompeo, sécherlech och eng Roll spillen. Dee war awer net beim Benjamin Netanyahu, fir iwwer Annexiounen ze schwätzen.

Illustratioun: © Timon Studler / unsplash

Related topics Annexioun, Ausseminister, Israel, Jean Asselborn, Palestina, Westjordanland
Next post Previous post