Search

You may also like

Onst immateriellt Kulturierwen – Digital Sprangprëssessioun
Neiegkeeten

Onst immateriellt Kulturierwen – Digital Sprangprëssessioun

Keng vun de véier Traditiounen, déi als alleréischt op de

Neit Covid19-Gesetz stéisst op Widderstand
Neiegkeeten

Neit Covid19-Gesetz stéisst op Widderstand

Nodeems de Premier an d‘Gesondheetsministesch leschte Mëttwoch eppes Lackerunge an

SIGI: Beschëllegungen si Ligen
Neiegkeeten

SIGI: Beschëllegungen si Ligen

Den interkommunale Syndikat fir d’Gestioun vun der Informatik (SIGI) reagéiert

Dateschutz an IT-Sécherheet beim Staat

Eng Fro vum Deputéierte Sven Clement dierft déi zoustänneg Minister an Erklärungsnout bréngen

Dateschutz an IT-Sécherheet beim Staat

Säit LuxLeaks an „Casier-Bis“ ass gewosst: d‘Regierung a vun der digitaler Welt esouvill Ahnung wéi den Donald Trump vun Diplomatie. Se wëssen allebéid, datt et dat gëtt, kënnen awer net esou wierklech eppes domatter ufänken. Woubäi d‘Ausnahmen an der Chamber d‘Regel bestätegen.

An der Fro vum Deputéierte Sven Clement (Piraten) geet ëm den Asaz vu sougenannten „Bug Bounties“ engem Outil deen et IT-Sécherheetsexperten an engem kloer definéiertem Kader d‘Sécherheet vun IT-Infrastrukturen ze testen an d‘Faillen, déi dobäi fonnt ginn ze mellen. En Outil dee längst vun de ganz grousse „Player“ am Internetsecteur, mee och vun Administratiounen am Ausland genotzt gëtt.

Op de Premierminister Xavier Bettel, deen de Ministère fir Digitaliséierung ënnert sech huet, awer vum delegéierte Minister Marc Hansen geréiert gëtt, schonn dovunner héieren hunn? Um Site vum Ministère ass dozou jiddefalls näischt ze fannen. Et schéngt awer duerchaus Sënn ze maachen esou ee System, respektiv „Outil“ ze notzen, wann esouguer de Verdeedegungsministère vu Singapur an d‘US-Air Force dovunner gebrauch maachen.

D‘Ministere wäerten sech mat dëser Fro wuel un den Zentrum vun den Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) wenne mussen, well et ass net wierklech ersiichtlech wouhier si vun esou engem Outil wéissten. Ugesiichts der „chirurgescher Prezisioun“ vun den eenzele Froen, dierft d‘Äntwert och op sech waarde loossen. Besonnesch gespaant dierf een op d‘Äntwert zu: „Hunn d‘Ministeren duerch hiren Austausch mat anere Länner Kenntnis vun esou Programmer?“ sinn.

Wann da gewosst ass, mat wéi vill Äifer d‘Digitaliséierung zu Lëtzebuerg an Ugrëff geholl gëtt – d‘Regierung huet sech jo schonn emol als „Reseller“ vun Apple a Microsoft Produiten am Enseignement eng Medail verdéngt – sollt de Bierger dovunner dierfen ausgoen, datt de Ministère fir Digitaliséierung um leschte Stand ass. Op deem am Endeffekt och esou ass, an op d‘Regierung seng Informatik „geséchert“ huet, dat erziele mir iech wann d‘Äntwert virläit.

Illustratioun: Darwin Langanzon / Pixabay

Related topics IT-Sécherheet, parlamentaresch Fro 1649, Piraten, Staat, Sven Clement
Next post Previous post