Search

You may also like

money
D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament
International Neiegkeeten

D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament

En Donneschdeg ass op der Handelskummer um Kierchbierg dat chinesescht

Migratiounskris: Transitlager um Menü vum Paräisser Mini-Sommet
International Neiegkeeten

Migratiounskris: Transitlager um Menü vum Paräisser Mini-Sommet

E klenge Sommet deen de franséische President e Méindeg presidéiert

Entrevue Asselborn – Deloire
International Neiegkeeten

Entrevue Asselborn – Deloire

En Donneschdeg 3. Juni, huet sech den Ausseminister Jean Asselborn

Italien wéinst Feinstëbs an héchster Alarmbereetschaft

Roum verhänkt strikt Fuerverbuet fir all Diesel-Gefierer a ergräift weider Moossnamen

Italien wéinst Feinstëbs an héchster Alarmbereetschaft

Vu Bologna op Florenz an iwwer Mailand op Turin a bis op Roum: Iwwerall hunn d‘Autoritéite wéinst Feinstëbs den Alarm ausgeléist, wat zu längeren Aschränkunge fir de Verkéier féiert. Schold um Smog ass – dat kann een net erfannen – dat gutt Wieder.

An Zäite vu Klimakris a Klimanoutstand kléngt et eppes onverständlech, mee tatsächlech ass gutt Wieder, also e bloen Himmel a Sonneschäin, duerchaus e Problem. E bléist kaum Loft an nuets kann et zolidd Kal ginn, esou wéi aktuell zu Roum, der italienescher Haaptstad de Fall ass. Ass et nuets Kal, ginn d‘Heizungen op Uschlag eropgeschrauft, wat natierlech d‘Lag net verbessert.

Zu Roum hunn d‘Autoritéiten elo „drop higewisen“ datt ee seng Heizung op maximal 17/18°C astellt soll. Schonn e Sonndeg hat d‘Buergermeeschtesch Virginia Raggi op Facebook d‘Leit opgeruff op den ëffentlechen Transport ëmzesteigen an informéiert, datt wann et net séier besser gëtt, de Fuerverbuet bis zu EURO6-Ofgasnorm net méi ze verhënneren ass.

Elo ass et richteg, datt och zu Roum vill Fuergemeinschafte méiglech wieren, esou wéi et net néideg ass d‘Haus ze heize wann een op der Schaff ass. Mee den Italiener ass en Individualist an de Réimer mécht do keng Ausnam. Esou ware gëschter a sinn och haut d‘Stroossen esou voll wéi eigentlech all Dag. Vernonft a Mënsch… zwou Saachen déi partout net wëllen zesummepassen.

Op anere Plaze gëtt do méi konkret „agéiert“. Zu Vicenza beispillsweis, huet d‘Gemeng decidéiert haart duerchzegräifen. Op alle Plazen déi der Ëffentlechkeet zougänglech sinn, sinn d‘Bedreiwer ugewise ginn uecht ze doen, datt d‘Dieren net onnéideg opgelooss ginn, an esou d‘Hëtzt do bleift wou se higehéiert: bannent de Gebaier. Wien sech net drun hält kann en zolitte Protokoll kréien.

Laut de Meteorologe soll sech dat frëndlecht Wieder nach eng Zäitchen halen, wat den Drock op d‘Autoritéiten an d‘Bierger erhéicht. Beim Smog ass et iwwregens egal op een dee mam Klima a sengem Wandel a Verbindung brénge wëll oder net. Wien der Meenung ass, datt de Smog net vum Mënsch provozéiert mee Gott gewollt ass, wäert och iwwerzeegt sinn, datt d‘Äerd eng Scheif ass.

mat indymedia/rom

Foto: Feinstëbs a Smog maachen et de Leit an Italien – besonnesch an de Ballungsgebidder – den Ament schwéier. Mee eppes u senge Gewunnechten ännere wëll jo awer och keen. Et géif awer elo Zäit sech Gedanken ze maachen. (Envato)

Related topics Feinstëbs, Italien, Loftverschmotzung, Smog
Next post Previous post