Search

You may also like

De ganzen nächste Weekend: Internationale Bazar an der „Luxexpo the Box“
International Neiegkeeten

De ganzen nächste Weekend: Internationale Bazar an der „Luxexpo the Box“

Et ass schonn déi 59. Editioun vum Internationale Bazar. Eng

A wat dréift deen neie britesche Premierminister?
International Neiegkeeten

A wat dréift deen neie britesche Premierminister?

De britesche Premierminister Boris Johnson huet sech dës Woch e

Lëtzebuerg zelebréiert den 18. Januar dat chinesescht neit Joer
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg zelebréiert den 18. Januar dat chinesescht neit Joer

Den Institut „Konfuzius“ vun der Universitéit zu Lëtzebuerg organiséiert de

Italien an de Faschismus…

Massiv Gewalt bei Covid19-Demo zu Roum de leschte Weekend bitt en Abléck an d‘Gesellschaft

Italien an de Faschismus…

Nodeems de leschte Weekend zu Roum bei enger Demonstratioun géint d‘Pandemiemesuren zu gehéierlechen Ausenanersetzungen, Vandalismus a Geraibers komm ass, sinn eng Rei „Käpp“ vun der faschistescher Splitterpartei „Forza Nuova“ festgeholl ginn.

Faschismus

D‘Police huet Videoopnamen, op deenen ze erkennen ass, datt si als „Undriff“ bei der Erstiermung vun der CGIL-Gewerkschaftszentral agéiert hunn. Elo waren awer net all déi ronn zéngdausend Demonstrante vum leschte Weekend Faschisten, a folgerichteg war et nees eng Minoritéit, déi fir Ierger gesuergt huet. Woubäi scho gewosst ass, datt Forza Nuevo d‘Kris wëll instrumentaliséieren.

Wéi et ka méiglech sinn, datt eng ganz oppe faschistesch agéierend politesch Partei an Italien ka Bestand hunn? Eng gutt Fro, wann ee bedenkt datt d‘Italiener sech 1952 ee Gesetz vergënnt haten (Italien war deemools „lénks“ ausgeriicht) datt et erlaabt faschistesch Nofolgeparteien ze verbidden. Ee Gesetz dat ni – och bedéngt duerch den Afloss vun der Kierch – zur Uwennung komm ass.

Faschismus

Woubäi och d‘Gesetz selwer Schwächten a punkto Koherenz huet. Esou muss nämlech och d‘Justiz – also net nëmmen d‘Politik – esou ee Knascht verbidden. Wann een d‘Geschicht vun der Justiz an Italien kennt, weess ee firwat et nach ni zu engem Prozess komm ass. An esou huet Forza Nuevo nach ganz gutt Aussiichten, och nach déi nächst Joerzéngten, hiert politescht Gëft ofzesënneren.

Kann een dann näischt maachen?

No der Erstierm vun der Gewerkschaftszentral, huet déi sozialistesch Partei de Verbuet vu Forza Nuevo gefuerdert. Schonn d‘nächst Woch sollen eng Rëtsch Motiounen am Parlament debattéiert ginn. Iwwert dësen Ëmwee ginn déi „riets“ Parteie genéidegt Stellung ze bezéien. Interessant hei: alleguerten hu se eng „ganz diffus Positioun zur faschistescher Vergaangenheet“ ageholl.

Dat erkläert sech. Italien huet, esou d‘Fakten, et ni wierklech als relevant empfonnt, sech mat der Zäit vum Faschismus an dem Benito Mussolini, genannt „Il Duce“, ausenanerzesetzen. Dat ergëtt, datt d‘Italiener hir politesch Gesënnung och haut nach a lénks (kommunistesch) oder riets (faschistesch) ënnerdeelen. Hätt si hir Geschicht opgeschafft, geséich et wesentlech besser aus.

Faschismus

Woubäi et ganz vill „Interesséierter“ hat, déi direkt nom Krich mat aller Gewalt wollte verhënneren, datt d‘Kommunisten d‘Kontroll iwwerhuelen. Do koumen den Amerikaner an de Britten, déi jo Italien „befreit“ hunn, d‘Faschisten an d‘Mafiosie ganz geleeën. Schonn 1946 gouf d‘Partei MSI, eng erwise faschistesch Beweegung gegrënnt, ouni dat sech d‘Italiener dru gestouss hätten.

Aus MSI gouf virun zwee Joerzéngten d‘Alleanza Nazionale. D‘Faschiste waren sech 1995 beim grousse Kongress Fiuggi eens, datt fir an d‘Regierung ze kommen, et wuel besser ass, sech ee „konservative“ Mantel iwwert déi schwaarz Hiemer ze iwwersträifen. Esou konnt ee sech zur Verfassung bekennen. Esou konnt d‘Alleanza Nazionale mam Berlusconi „Regierung“ sinn…

Déi „nei“ Faschisten um Virmarsch

Mat de Fratelli d‘Italia, gouf 2012 eng nei postfaschistesch Partei an d‘Liewe geruff. Wann een elo wéilt argumentéieren, datt all dës faschistoid Splitterparteien bei de Walen d‘Botter net vum Brout zéien, esou déi Gefor, déi vun esou Gruppéierungen ausgeet, erhieflech méi Grouss wéi sech dat de GoldmanSachs-Manager a Ministerpresident vun Italien, Mario Draghi, bereet ass anzegestoen.

Faschismus

Kënnt een nach emol op d‘Ausso zréck: „an Italien gëtt just a lénks oder riets“ opgedeelt, léich et no dem Banker, dee jo rietsextrem bis däitlech faschistesch orientéiert Politiker a senger Regierung huet, ze ënnerstellen, hie wier och ee Faschist. Esou einfach ass et natierlech net, an de Mario Draghi kennt nëmmen eng Ideologie, an dat ass d‘Héichfinanz. Gutt déi ass och Kriminell…

Ah jo, iert et ënnert geet: Grond vum „Clash“ ass déi ab dem 15. Oktober gülteg Flicht de Grénge Pass (Covid19-Zertifikat) op der Aarbechtsplaz virun Aarbechtsuntrëtt virzeweisen. Wien net geimpft ass, muss sech dann all 48 Stonnen Teste loossen oder riskéiert seng Schaff ze verléieren. D‘Italiener maachen et wéi d‘Fransousen, an eis Regierung ass och decidéiert dëse Wee ze goen.

mat indymedia/rom

Foto: „Den Ugrëff op d‘Gewerkschaftszentral vu CGIL Nazionale ass en Akt vun de faschisteschen Truppen, en Ugrëff op d‘Demokratie, op déi ganz Aarbechtswelt“, sot nom Iwwerfall de Maurizio Landini, Generalsekretär vun der italienescher Aarbechtskonfederatioun © CGIL Nazionale

Related topics CGIL Nazionale, Covid19-Zertifikat, Faschismus, Gewerkschaft, grénge Pass, Italien, Regierung
Next post Previous post