Search

You may also like

USA: Milliardär notzt Protest fir Wahlkampf ze maachen
International Neiegkeeten

USA: Milliardär notzt Protest fir Wahlkampf ze maachen

Policegewalt géint den Afroamerikaner Jacob Blake zu Kenosha (WI), ee

Winterlights 2019 – En zolidd faarwege Programm
International Neiegkeeten

Winterlights 2019 – En zolidd faarwege Programm

De Knuedler an d‘Plëss dierften nees déi zentral „Hot-Spots“ vum

Verbuede „Gay Pride“ zu Istanbul mat massivem Policeasaz verhënnert
International Neiegkeeten

Verbuede „Gay Pride“ zu Istanbul mat massivem Policeasaz verhënnert

Während d‘LGBT-Communautéit villeruerts op der Welt fir hir Rechter friddlech

Italien zitt nees d‘Decken iwwert de Kapp

Zu Roum huet d‘Regierung d‘Handbrems gezunn a setzt déi meescht Regioun ënner Confinement

Italien zitt nees d‘Decken iwwert de Kapp

Wärend a Groussbritannien, eisen däitschen a franséischen Noperen, a wéi gewosst och bei eis am Land den Horesca-Secteur „zou“ ass, et deels streng Aschränkunge fir den Handel huet, haten se an Italien op regional Léisunge gewett. Jee nodeem wéi present de Virus war, oder d‘Kapassitéite vun de Spideeler an Usproch geholl goufen, huet et ganz ënnerschiddlech Mesure ginn.

No dräi Méint dann d‘Erkenntnis, datt sech de labberen Ëmgang mat der Pandemie net ausbezuelt huet. Richteg ass och, datt déi nei Covid19-Varianten och hiren Deel zur aktueller Situatioun bäigedroen hunn. Gëschter huet den „neie“ Ministerpresident senge Landsleit erkläert, datt Italien um Ufank vun enger drëtter Well steet. Villeruerts ginn d‘Spidolsbetter net méi duer.

De Goldman-Sachs Politiker huet seng Regierungsekipp iwwerzeegt kritt, datt et ouni konkret, mee aschneidend Mesuren net wäert opgoen. Esou gouf decidéiert, datt ab ee Méindeg déi allermeeschte Regiounen nees musse confinéieren. Da brauch et nees Formulairen op deenen ee ganz gudde Grond, fir den Deplacement am ëffentleche Raum, muss opgefouert sinn. Soss bleift en doheem…

Fir d‘Italiener sinn d‘Festivitéiten zu Ouschtere gestrach. Interessant, d‘Faschiste vun der Lega Nord, déi eigentlech bis heihinner d‘Schléissung vum Horesca-Secteur an och d‘Aschränkunge fir den Handel massiv kritiséiert hunn, droen elo all d‘Moossname mat. D‘Hoffnunge berouen elo um Asaz vun de Vaccinen an dat mam bessere Wieder, d‘Lag sech nees entspaant.

mat indymedia/rom

Foto: Ab ee Méindeg heescht et och fir d‘Italiener nees „doheem bleiwen“. Den Horesca-Secteur an den Handel mussen nees d‘Rideau erofloossen. © Gabriella Clare Marino / unsplash

Related topics Confinement, Covid19-Pandemie, Italien, Lockdown, Mario Draghi
Next post Previous post