Search

You may also like

Washington bezichtegt d‘Ajatollahen der atomarer Erpressung
International Neiegkeeten

Washington bezichtegt d‘Ajatollahen der atomarer Erpressung

D‘USA hunn déi vum Iran ugekënnegt Auswäitung vun der Uranuräicherung

UN-Klimasommet: Ouni Emissiounen iwwert den Atlantik!
International Neiegkeeten

UN-Klimasommet: Ouni Emissiounen iwwert den Atlantik!

D’Rees vu Plymouth op New York wäert fir d’Klimaaktivistin Greta

Trump ënner Beschoss no der Entloossung vum FBI-Direkter
International Neiegkeeten

Trump ënner Beschoss no der Entloossung vum FBI-Direkter

Mat der Entloossung vum James Comey huet sech den amerikanescher

Italien op en Neits am Covid19-Féiwer

D‘Zuele vun Infizéierten an Doudege klëmmt weider, dat obwuel iwwerall streng Mesure gëllen

Italien op en Neits am Covid19-Féiwer

Wärend sech bei eis an am Frankräich d‘Lag ze stabiliséiere schéngt, ass et anerwäerts elo net esou erfreelech. Bei eisen däitschen a belschen Nopere klammen d‘Zuele wuel méi lues, dofir schéngen se bei den Italiener nees riicht ewech duerch de Plafong ze goen.

Covid19

Dobäi droen d‘Italiener zanter Wochen am ëffentleche Raum Masken, also fir déi wou nach ee Fouss virun d‘Dier stellen dierfen. Grouss Deeler vun Norditalien a Kalabrien si sougenannt rout Zonen, an hei brauch et mëttlerweil ee wierklech gudde Grond, fir ausser Haus ze goen. Generell gëlle villeruerts vill méi streng Reegele wéi bei eis. An awer kritt Italien seng Infektiounszuelen net an de Grëff. Um Mëttwoch sinn iwwer 500, en Donneschdeg méi wéi 600 Mënsche verstuerwen.

An den Urgencen herrscht den Noutstand, d‘Spideeler sinn iwwerfëllt, an et huet weder genuch Leit nach Better, fir deem Ganzen eppes entgéintzesetzen. An dobäi kënnt den industrialiséierten Norden nach besser ewech, wéi dee vu mafiéise Strukture beherrschte Süden. Virun de Spideeler zu Neapel bilden sech all Dag onendlech Waardeschlaangen, schwéierkrank Mënsche ginn an de Gefierer um Parking noutdierfteg gepléischtert. Wie Gléck huet lieft laange genuch fir an ee Bett ze gelaangen.

Déi sozial Netzwierker si voll vun dramatesche Biller a Geschichten, déi verständlech maachen, datt de Covid19 ebe keng „kleng Gripp“ oder soss saisonal bedéngten Infektioun ass, wéi datt jo gäre vu gewësse Gruppen duergestallt gëtt. A folgerichteg geréit och d‘Regierung ënner Drock. Et sinn elo d‘Dokteren an d‘Experten déi vun der Regierung de Confinement fuerderen, wärend et vun der Wirtschaft zeréckgewise gëtt. Wann et awer an dësem Rhythmus viru geet, muss et wuel sinn.

mat indymedia/rom

Illustratioun: © Gabriella Clare Marino / unsplash

Related topics Covid19, Infektiounszuelen, Italien, Pandemie, Stierffäll
Next post Previous post