Search

You may also like

Dem Orban seng Victoire (Analys)
International Neiegkeeten

Dem Orban seng Victoire (Analys)

Datt Ungarn net de brittesche Wee geet, a sech vun

Brexit: Briteschen Humor!
International Neiegkeeten

Brexit: Briteschen Humor!

Et ass dem Donald Trump säi Favorit an hien huet

Iran: Danze verbueden, sechs Leit verhaft
International Neiegkeeten

Iran: Danze verbueden, sechs Leit verhaft

Laut der Dageszeitung Jamejam sinn am Iran véier Männer an

Italien: De Berlusconi ass net vun der Koalitiounsregierung iwerzeegt

Italien: De Berlusconi ass net vun der Koalitiounsregierung iwerzeegt

Wann et ëm d‘Presidence vun der RAI – der ëffentlech-rechtlecher Tëlee an Italien – geet, da kréien sech de Silvio Berlusconi an de Matteo Salvini schonn emol an d‘Hoer. E Mëttwoch Owend huet de „Cavaliere“ d‘Vollek nees berouegt a verséchert, datt hir Allianz hält.

D‘Koalitioun tëscht senger Partei „Forza Italia“ (FI) an der „Lega Nord“ (LN) vum Matteo Salvini „huet Bestand, a wat mech betrëfft, wäert dat och ëmmer esou bleiwen“, erkläert sech de fréieren italienesche Regierungschef an engem Entretien mat der „Huffington Post Italia“. Hei huet den 82 järege Faschist allerdéngs och gemengt, datt d‘Regierungskoalitioun tëscht Lega Nord a Movimento 5 Stelle (M5S) keng Zukunft hätt.

Um Moien hat de Matteo Salvini nach en „Héiflechkeetsbesuch“ beim Cavaliere absolvéiert, fir dunn am Nomëtteg aus der Këscht ze sprangen, wéi de Silvio Berlusconi a seng FI sech géint de Presidence-Projet fir d‘RAI gestallt hunn. „De Choix vu Forza Italia (…) de Changement ze verhënneren ass falsch“, esou de Leader vun der rietsextremer Liga, deen drun erënnert, datt seng Partei an de Sondagen zouleet, während déi vum Berlusconi un Zoustëmmung verléiert.

Ganz normaalt „Gestreits“

„Et handelt sech hei ëm eng ganz normal Dialektik ënner Alliéierten“, stellt de Silvio Berlusconi pragmatesch fest. „D‘Liga huet d‘Gewunnecht eng faarweg Sprooch ze benotzen. Mee de reelle Changement déi si a mir wëllen, ass mat Sécherheet net dee vum Movimento 5 Stelle. Et ass dee wou et manner Staat, manner Steieren a manner Bürokratie gëtt“.

An de Cavaliere huet sech geweigert d‘Provokatioune vum Matteo Salvini ze veruerteelen, dee vun der lénker beschëllegt gëtt, Rassismus a Xenophobie am Land ze fërderen. „Och tëscht Alliéierte kann et Divergenze ginn: d‘Sprooch vum Matteo Salvini ass net meng, an eis Inhalter si ganz verschidden. Mee ech stelle mech och der Verdäiwelung vum Inneminister entgéint. De Salvini ass weder e Rassist nach Feind vun der Demokratie“.

De Bléck an d‘Kristallkugel

Fir den ale Milliardär steet fest, datt d‘Koalitioun tëscht der Lega Nord a M5S „nëmme kuerzfristeg liewensfäeg ass“. De Silvio Berlusconi wees: „Wann d‘Liga sech net séier entscheet eng Regierung ze verloossen, an där d‘Wirtschaftspolitik vum Movimento 5 Stelle diktéiert gëtt, da sinn et déi konservativ a riets Wieler, déi d‘Lega Nord wäerte fale loossen“.

Op de Cavaliere Recht behält, kann sech schonn am Hiecht erginn. Da wann et ëm d‘Ausschaffe vum Staatsbudget 2019 geet. Hei huet de Matteo Salvini versprach, déi éischt Elementer vun enger „fiskaler Revolutioun“ afléissen ze loossen, zu deenen och drastesch Steiererliichterunge gehéieren. Den M5S sengersäits muss sech och un e Verspriechen halen, dat vum „Biergerakommes“.

mat AFP

Foto: Mat 82 Joer steet de „Cavaliere“ nach ëmmer am Fokus vun der italienescher Politik. A wann de Silvio Berlusconi un der Allianz tëscht senger Forza Italia an der Lega Nord vum Matteo Salvini festhält, esou ass hien och iwwerzeegt, datt d‘Koalitioun mam Movimento 5 Stelle keng Zukunft huet. © Tiziana Fabi/AFP

Related topics Italien, Matteo Salvini, Rassismus, Silvio Berlusconi, Xenophobie
Next post Previous post